Berlin: Dat politescht Karussell vun den Aarschkrécher
D‘Bundeskanzlerin, Angela „Mutti“ Merkel, huet sech um Sonndeg zu Berlin
D‘Bundeskanzlerin, Angela „Mutti“ Merkel, huet sech um Sonndeg zu Berlin
Den nationale Jugendservice (SNJ) wäert am kommende Joer eng weider
Haut geet zu Biarritz de G7-Sommet un de Start a wéi virun alle Sommet, suergt den US-President mat enger Rei Tweets an onméiglechen Aussoe fir gutt Laun. Esou huet den Donald Trump d‘US-Entreprisen dozou opgeruff China ze verloossen an direkt no enger Alternativ ze sichen…
Den US-President verlaangt net méi an net manner, wéi datt amerikanesch Entreprisen hir Produiten an den USA hierstellen. Et géif elo duer goen, datt d‘Chinesen den Amerikaner hiert Geld klauen. En „Opruff“ deen eppes vun engem „Uerder“ huet an d‘Wirtschaftsverbänn genéidegt huet, sech de presidentielle Wënsch a Fuerderungen unzehuelen. Si sinn dann och net wierklech begeeschtert.
Säitens dem Verband vum Eenzelhandel, der „National Retail Federation“, heescht et, datt dem US-President seng Fuerderung „onrealistesch“ ass. De Spriecher vum Verband huet dann och drop verwisen, datt 95% vun de Konsumenten am Ausland liewen an d‘Präsenz vun US-Entreprisen a China net vu Muttwëll ass. Et erlaabt, nieft China, och aner Mäert an Iwwerséi ze erschléissen.
Elo kéint een dem Donald Trump gutt halen, datt déi nei Phas vum chinesesch-amerikaneschen Handelskrich vu Peking ausgeléist ginn ass. Mee wéi esou oft, de Sujet ass wäit méi komplex, wéi de Milliardär et mat engem Tweet duerzestelle versicht. Esou spillen nieft wirtschaftspoliteschen Elementer och nach aner Faiten eng Roll. Esou d‘Amëschung an d‘Kris vun Hong Kong…
Um Freideg jiddefalls haten d‘Chinesen ugekënnegt, datt et nei Douanestaxen op d‘Importer aus den USA wäert ginn. Betraff si Wueren am Wäert vu 75 Milliarden US-Dollar: esou de Pëtrol, Soja a Fleesch. Eng Annonce déi den Handelskrich tëscht béiden Natiounen op en neien Niveau hieft.
Fir de Chef vun der US-Zentralbank (Fed), Jérôme Powell, fänkt dësen Handelskrich un zu engem ëmmer gréissere Problem ze ginn. Am Kader vun enger Konferenz, un där Bänker an Ökonomen deel geholl hunn, huet de Jérôme Powell zum Ausdrock bruecht, datt d‘Handelspolitik vum Donald Trump fir eng „Onsécherheet“ suergt, déi fir d‘Zentralbank zur neier Erausfuerderung ginn ass.
An eigentlech hat sech d‘Wirtschaftswelt wéi den US-President erwaart, datt de Jérôme Powell sech zu enger méiglecher Baisse vun den Zënse géif äusseren. Enn Juli hat d‘US-Zentralbank de Leetzëns ëm 0,25% erofgesat. Et war déi éischt Baisse zanter der Finanzkris an am September sollt eng weider Baisse erfollegen. Och dat ee „Wonsch“ vum Locataire aus dem Wäissen Haus.
Op Twitter gëtt de Chef vun der Fed dann och entspriechend den Dicks gebéit. Esou freet sech den Donald Trump, ob net méiglecherweis de Jérôme Powell déi gréisser Bedreeung fir d‘USA ass. Fir de globalen Handel ass dat ganzt natierlech Gëft an eng Weltwirtschaftskris ass net auszeschléissen.
Natierlech huet den Donald Trump och Moossnamen ugekënnegt. An der Nuecht gouf entscheet, datt ab dem 1. Oktober déi bis ewell agefouert Douanestaxen nach emol ëm 5% ugehuewe ginn. Vun dëser Mesure sinn och déi nach ausstoend Gidder am Wäert vun 300 Milliarden US-Dollar betraff, an insgesamt sollen d‘Douanestaxen op e Wuerewäert vu 550 Milliarden erhuewe ginn.
mat indymedia/was/nyc
Foto: © White House