Search

You may also like

money
Nei Entwécklung am US-Chineseschen Handelskrich
International Neiegkeeten

Nei Entwécklung am US-Chineseschen Handelskrich

Dat huet et laang net méi ginn, datt eng US-Regierung

De Mound als Tëschenetapp
International Neiegkeeten

De Mound als Tëschenetapp

Viru ronn 40 Joer goufe fir d‘Lescht Steng vum Mound

Ewéi en einfache Soud Iech d’Liewe rette kann
International Neiegkeeten

Ewéi en einfache Soud Iech d’Liewe rette kann

Jo, esou wéi et am Titel steet ass et mir

Nei Covid19-Mesuren och an der Belsch

Nei Covid19-Mesuren och an der Belsch

No der Sëtzung vum nationale Sécherheetsrot, huet d‘Premierministesch Sophie Wilmès déi nei Moossname bekannt gemaach, mat deenen d‘Land sech der Reprise vun den Neiinfektioune mam Coronavirus Covid19 erwiere wëll. D‘Zuelen si beonrouegend a musse ganz eescht geholl ginn, dat ouni elo a Panik ze geroden. Fir den Ament gi just d‘Mesuren ugepasst an eppes verschäerft.

D‘Sophie Wilmès huet och drop higewisen, datt an de leschte Wochen, virun allem déi Jonk am meeschte betraff sinn. D‘Brennpunkte sinn esouwäit lokaliséiert, mee den Iwwergang an d‘Phas V vum Deconfinement, dee fir den 1. August virgesi war, muss zäitlech no hanne geréckelt ginn. Foiren a Salone bleiwen zou an op et bis zum 1. September besser gëtt, ass onwahrscheinlech.

Wat elo déi Mesure betrëfft, déi ab haut 25. Juli gülteg sinn, esou hätt ee sech eppes méi konkret, oder zumindest allgemeng gülteg Uweisunge gewënscht. Maskeflicht: Gesiichtsmaske sinn zwéngend virgeschriwwe fir Mäert, Floumäert, Geschäftsstroossen, Kiermessen a méi allgemeng, all déi Plaze wou vill Mënschen zesummekommen, egal op ëffentlech oder privat.

Maskeflicht gëllt och an allen ëffentlechen Ariichtungen a Verwaltungen. Déi lokal Autoritéiten, kënnen awer selwer festleeën, wat als „vill frequentéiert“ Plaz gëllt, firwat d‘Premierministesch d‘Leit oprifft verantwortlech ze handelen an ëmmer dann eng Mask unzedoen, wann den Ofstand vun 2 Meter net kann agehale ginn. Zudeem wäert méi a virun allem méi streng kontrolléiert ginn.

Wat kann, dat muss…

Et huet een op federalem Niveau allerdéngs och net wëlles all déi ze bestrofen, déi sech un alles halen, firwat de Rot vum Grupp vun den Experte vun der „Exit Strategie“ (GEES), d‘Zuel vun de Kontakter am sozialen Ëmfeld vu 15 op 10 ze reduzéieren, net vum nationale Sécherheetsrot (CNS) zeréckbehale ginn ass. Et géif awer vum Beholl ofhänken, op dëse Prinzip ka bäibehale ginn.

Am Horesca-Secteur maachen eis Noperen et wéi mir: d‘Mask deet een nëmmen aus wann een um Dësch sëtzt, a bei allen Deplacementer bannent dem Etablissement deet een se nees un. Wann an der Belsch net un den Ëffnungszäite gefréckelt gouf, esou muss een als Client – egal op een e Patt huelen oder ee Maufel iesse geet – seng Kontaktdaten hannerloossen. Dat ass net onproblematesch.

Den Inneminister Pieter de Crem huet dann och op de legalen Aspekt higewisen: d‘Uwennung ass proportionell an zoulässeg, déi erhuewen Date ginn no 14 Deeg onwidderrufflech geläscht an dierfen och net zu aneren Zwecker, wéi der Kontroll vun der Pandemie genotzt ginn. Dat huet net verhënnert, datt et vill an deels massiv Kritik ginn huet, bezunn op de Respekt vun der Privatsphär.

…an et gëtt och Obligatiounen

Belsch Touriste mussen ab haut, wann si aus der Vakanz heemkommen, ee Formulaire ausfëllen, woubäi dat just online geet. Dës „Public Health Passenger Locator Form“ ass um Site vum belschen Ausseministère a muss ëmmer, egal ob een aus enger grénger, oranger oder rouder Zon kënnt, vun alle Residenten déi sech am Ausland opgehalen hunn ausgefëllt ginn. Et ass net fräiwëlleg!

Et geet drëms all déi Mënschen déi sech am Ausland opgehalen hunn ze retracéieren, an déi Leit ausfënneg ze maachen, déi an engem Land waren, wou eng staark Reprise vun den Neiinfektioune festgestallt gëtt. Wien aus enger oranger Zon kënnt, ass gutt beroden sech a Quarantaine ze setzen an en Test ze maachen. Dës Mesure, bezunn op d‘Klassifikatioun, ass eng „Recommandatioun“.

Wien aus enger rouder Zon kënnt, an dat egal mat wéi engem Moyen, muss esouwuel a Quarantaine wéi och den Test maachen. An hei gëtt et null Toleranz: wien géint dës Flicht verstéisst, sollt sech bewosst sinn, datt et richteg deier ka ginn. D‘Sophie Wilmès réit dann och de Leit déi reese wëllen, op hirer Vakanzendestinatioun „mindestens“ déi Belsch Schutzmoossname streng anzehalen.

Méi Autonomie um lokalen Niveau

Den nationale Sécherheetsrot huet sech och mat enger Demande beschäftegt, déi säitens de Stied a Gemengen agereecht gi war. Déi erhalen elo dann och méi Kompetenzen, fir op lokalem Niveau méi cibléiert Mesuren huelen ze kënnen. D‘Sophie Wilmès ënnersträicht, datt d‘Buergermeeschter kompetent sinn fir op Besonneschkeeten an hirem Verantwortungsberäich ze reagéieren.

Et sinn also d‘Buergermeeschter déi an de Stied an de Gemengen entscheede kënnen, ob ee lokal begrenzte Confinement noutwenneg ass. Datt awer an engem strikt reglementéierte Kader an och ëmmer a Concertatioun mat de regionalen Autoritéiten. Eng Kommunikatioun zu dëse lokale Moossname gëtt awer net vun der federaler oder regionaler Regierung iwwerholl.

Hei mussen d‘Buergermeeschter an hir Servicer alles an d‘Weeër leeden, fir datt d‘Informatioun, egal ob verbal, visuell oder schrëftlech, bei de Leit ukënnt. Et gëtt recommandéiert déi ganz Kommunikatioun an den dräi Landessproochen ze maachen. Wou et méi Touriste gëtt, sollt een och nach Englesch mat an d‘Kommunikatioun afléisse loossen. An dat gëllt wéi gesot ab elo direkt.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Sharon McCutcheon / unsplash

Related topics Belsch, Covid19, nationale Sécherheetsrot, Schutzmoossnamen, Sophie Wilmès
Next post Previous post