Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir de Fofzeg-Kubik muss de 16 Joer hunn, Punkt!
Neiegkeeten

Fir de Fofzeg-Kubik muss de 16 Joer hunn, Punkt!

Mëtt Januar wollt den CSV-Deputéierte Gilles Roth vum Transportminister wëssen,

Keen TTIP duerch d‘Hannerdier
Neiegkeeten

Keen TTIP duerch d‘Hannerdier

Wann e Projet vun der EU op de Widderstand vun

Bréissel: D‘Police entdeckt 68 Béischten an eng 35M² Appartement
Neiegkeeten

Bréissel: D‘Police entdeckt 68 Béischten an eng 35M² Appartement

D‘Poliziste vun de der Zon Bréissel-Ost haten de 26. Juli

Nei Forme fir d’Landwirtschaft: Déi lokal Produktioun am Fokus

Konsolidéierung – Fërderung – Innovatioun

Nei Forme fir d’Landwirtschaft: Déi lokal Produktioun am Fokus

Gëschter huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider d’Moossname presentéiert, mat deenen d’Landwirtschaft gefërdert soll ginn. Nieft dem Entgéintwierke vu Liquiditéitsproblemer soll och déi lokale Produktioun ervirgehuewe ginn. Fir d’Ëmsetzung si ganzer 5 Milliounen Euro virgesinn.

Och wärend der Pandemie konnt d’Majoritéit vun de landwirtschaftlechen Aktivitéite viru gefouert ginn. Schliisslech si mir op d’Produktioun vun de Baueren ugewisen, fir d’Liwwerkette mat Liewensmëttel oprecht ze erhalen. Trotzdeem hat een och an dësem Secteur duerch d’Schléissung vun der Gastronomie an de Kantinne mat Verloschter ze kämpfen.

An dësem Kader huet de Minister Schneider allen Acteuren fir hire beispillhaften Engagement an d’Sécherstelle vum Produktiouns- a Versuergungsprozess am Beräich Liewensmëttel en décke Merci gesot. „D’Pandemie wäert och ee positiven Effekt hunn: Et gëtt ee sech der Aarbecht vun de Baueren an der Liewensmëttelketten an dem wierkleche qualitative Wäert vun hire Produiten, sou wéi de Geforen vun enger ze héijer Ofhängegkeet vum Ausland bei der Liewensmëttelversuergung bewosst.“

Aus dësem Grond gesäit de Pak u Moossnamen wichteg Haushaltsmëttel zur Diversifizéierung a Fërderung vu kuerze Weeër an enger lokal qualitativ héichwäerteger Landwirtschaftsproduktioun vir. Esou erkläert de Minister: „Andeems mir déi national Produktioun privilegéieren, bedeelege mir eis un der Solidaritéitsbereetschaft géigeniwwer der Landwirtschaft.“

Nieft der Konsolidéierung an der Fërderung besteet dat drëtt wichtegt Element an der Ënnerstëtzung vun der Innovatioun. Just esou kann den Agrarsecteur den Erausfuerderungen a Saache Liewensmëttel, Ëmwelt- a Klimaschutz duerch gëeegent Mëttel an Technologien begéinen.

Landwirtschaft

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider um pedagogeschen Haff “A Schmatten” zu Schëtter © Landwirtschaftsministère

Neies beim Agrargesetz

Bei dëser Geleeënheet huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider och d’Upassunge vum Agrargesetz presentéiert, déi Enn Mee vum Regierungsrot beschloss gi sinn. D’Verhandlungen vun der GAP op europäeschem Niveau hu Retard, wouduerch déi nei Strategiepläng net wéi geplangt um 1. Januar 2021 kënnen ëmgesat ginn. Trotzdeem muss d’Kontinuitéit an d’Sécherheet beim Plange bei der Verwaltung vu landwirtschaftleche Betriber garantéiert ginn.

Duerch d’Ännerungen am Agrargesetz gëtt elo eng zousätzlech finanziell Ënnerstëtzung vun 4,3 Milliounen Euro gebueden, wouduerch d’Rechtssécherheet an e reiwungslosen Oflaf vun de landwirtschaftlechen Aktivitéite séchergestallt soll ginn. Donieft ginn et e puer innovativ Konzepter:

  • Bei den Investitiounsbäihëllefen gëtt méi op Qualitéit, wéi op Quantitéit gesat
  • Innovativ an ëmweltschounend Maschinne gi virgezunn
  • Duerch Subventionéierung vun der Solidarlandwirtschaft gi kuerz Weeër gefërdert

Fir de Minister Schneider ass et besonnesch wichteg dës nei Formen vun der Partnerschaft tëscht Produzent a Verbraucher ze fërderen. „Dës Aart vun der Partnerschaft garantéiert dem Erzeuger ee gereegelt Akommes an dem Verbraucher all Informatiounen iwwert d’Aart, wéi déi vun him kaaft Liewensmëttel produzéiert ginn. Dës nei Forme vun der Landwirtschaft erméiglechen zudeem den atypesche „Quereinsteiger“-Profilen, de Schrëtt an déi landwirtschaftlech Produktioun ze woen. D’Fërderung vu kuerze Weeër ass een zousätzleche Schrëtt a Richtung Diversifizéierung vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft.“

Regional soll et sinn

„Vum Haff op den Dësch“ – dëse Prinzip soll duerch ee koherente Pak u Moossnamen gestäerkt ginn. Schliisslech wëll ee jo wëssen, wat do op den Teller kënnt a vu wou d’Produiten sinn.

Ofschléissend huet de Landwirtschaftsminister ënnerstrach, datt déi mëttel- a laangfristeg Auswierkunge vun der Kris aktuell schwéier ze beziffere sinn. Eng detailléiert Analys vun de Konsequenze fir de Secteur kann am Laf vum Joer duerchgefouert ginn, fir – wann néideg – zousätzlech Léisungen ze fannen.

Op Grondlag vun dëser Analys sollen dann och am Hierscht „assises agricoles“ aberuff ginn. Zesumme mam Staatsminister gëtt dann iwwert spezifesch Problemer am Gaardebau diskutéiert fir déi zukünfteg Ausriichtung vun der GAP no 2020 ënnert d’Lupp ze huelen.

Opmaacherbild: De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider um pedagogeschen Haff “A Schmatten” zu Schëtter © Landwirtschaftsministère

Ähnlech Sujeten Farm to Fork, Fërderung, GAP, Innovatioun, Konsolidéierung, Landwirtschaft, Liewensmëttelsécherheet, lokal Produktioun, Pandemie, Produktioun, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel