Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit hin, Brexit hir…
International Neiegkeeten

https://moien.lu/hookup-saint-john/

Nieft der Gefor, datt d‘Europawahle vun de Populiste mëssbraucht ginn,

fwi dating
Editorial: Sinn d‘Chamberwahle vu 2018 dem Feierkrop seng lescht?
International Neiegkeeten

Editorial: Sinn d‘Chamberwahle vu 2018 dem Feierkrop seng lescht?

Op der Homepage vum Feierkrop ass ze liesen, datt de

Nordstrooss: Wat der Natur geholl gouf, kritt si elo zréck…
International Neiegkeeten

Nordstrooss: Wat der Natur geholl gouf, kritt si elo zréck…

Vill zefridde Gesiichter huet et e Freideg am Nomëtteg ginn,

Nei Fuerderungen nom Bericht vum Weltklimarot

Déi Gréng/EFA wëllen een neie Virschlag fir déi Gemeinsam Europäesch Agrarpolitik

Nei Fuerderungen nom Bericht vum Weltklimarot

De Weltklimarot IPCC schléit am virgestallte Sonnerbericht iwwert de Klimawandel, Desertatioun, Verschlechterung vun der Buedemqualitéit, nohalteg Landbewirtschaftung an Ernierungssécherheet Alarm. Dobäi gëtt op déi dramatesch Folge vun der weltwäiter Ofholzung fir Mënsch, Déier, Ëmwelt a Klima opmierksam gemaach.

D’Tilly Metz, gréng Europadeputéiert a Member am Ëmwelt- an Agrarauschoss fuerdert no der Verëffentlechung vum Sonnerbericht vum Weltklimarot déi Europäesch Kommissioun op, een neie Virschlag fir d’Reform vun der Europäescher Landwirtschaftspolitik virzeleeën.

Den neie Bericht an d’Klimaprotester Fridays for Future-Beweegung muss jiddwerengem een Appell sinn, datt mir beim Klimaschutz keng Zäit verléieren dierfen. De Verloscht vu Bëscher a Biedem bedreet Mënschen, Déieren d’Ëmwelt an de Klima dramatesch.

Fir d’Ernierungssécherheet ze garantéieren a gläichzäiteg d’Klimakris an de Verloscht vun der Biodiversitéit an de Grëff ze kréie brauche mir eng nohalteg Landwirtschaftspolitik a kloer Reegele fir de Schutz vun de Bëscher an dem Buedem. Déi aktuell Landwirtschaftspolitik ass ee Relikt aus de 50er Joer – si hat deemools Sënn, féiert elo awer an eng ëmwelt – a klimapolitesch Sakgaass.

Mir brauchen eng Gemeinsam Europäesch Agrarpolitik, déi an de Klima-, Ëmwelt an Aarteschutz investéiert an et de Bauere méiglech mëscht op ëmwelt- a klimafrëndlech Produktiounsmethoden ëmzesteigen, amplaz Flächen an Agri-Monopolisten ze subventionéieren. Den haitege Bericht zum Klimawandel a Landnotzung léisst sämtlech Alarmglacken lauden: Déi Europäesch Kommissioun muss d’Verflichtungen, déi si mam Paräisser Ofkommes agaangen ass, eescht huelen an een neie Virschlag fir d’Reform vun der Gemeinsamer Europäescher Agrarpolitik virleeën!

De François Benoy, gréngen Deputéierten, President vun der Ëmweltkommissioun a Vizepresident vun der Landwirtschaftskommissioun erkläert weider: „Och d’Aart a Weis, wéi mir zu Lëtzebuerg eise Buedem notze, kann de Klimawandel entweder andämmen oder awer beschleunegen. De Schutz vun eiser Landschaft an der Natur, eise Bëscher a Biedem ass dofir vun elementarer Bedaitung a muss weider konsequent ëmgesat ginn.

Eng nohalteg Landwirtschaft spillt hei eng zentral Roll. Wëll déi biologesch Landwirtschaft däitlech méi ressourceschounend ass, wéi déi konventionell Landwirtschaft, mussen elo déi richteg Weichen a Richtung 20 % Biolandbau bis 2025 gestallt ginn. Een neie Bioaktiounsplang mat den entspriechende Mëttele fir eis Ziler ze erreechen ass den nächsten entscheedende Schrëtt.

Ähnlech Sujeten déi gréng, IPCC, Klimawandel, Liewensmettel, Sonnerbericht, Tilly Metz, Weltklimarot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel