Search

You may also like

Haut huet de Groussherzog Jean Gebuertsdag
Neiegkeeten

Haut huet de Groussherzog Jean Gebuertsdag

Um haidege Samschdeg feiert de Groussherzog Jean säin 98. Gebuertsdag.

D‘EU-Wahlen op Lëtzebuerg reduzéiert
Neiegkeeten

D‘EU-Wahlen op Lëtzebuerg reduzéiert

Lëtzebuerg ass e proeuropäescht Land an dat huet wéineg mat

Message vum Groussherzog Henri: „Et sinn am Fong kleng Gesten, déi Grousses kënne bewierken“
Neiegkeeten

Message vum Groussherzog Henri: „Et sinn am Fong kleng Gesten, déi Grousses kënne bewierken“

Léif Matbierger, An dëse schwieregen Zäiten ass et mir wichteg,

VDL: Nei Fuerzäiten fir Busser ab dem 25. Mee

VDL: Nei Fuerzäiten fir Busser ab dem 25. Mee

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt ab e Méindeg, de 25. Mee 2020 nei provisoresch Fuerzäiten fir Busser gëllen. Dës Moossnam gouf geholl am Kader vun de Lockerungen vum Confinement an der steigender Unzuel u Passagéier am ëffentlechen Transport.

Fir déi meescht Linnen ginn déi normal Fuerzäite vu virun der Pandemie nees agefouert. Dat zielt fir an der Woch an déi Linnen, déi Sonndes an u Feierdeeg fueren:

  • Méindes bis Freides: 1, 2, 3/30, 4, 5/6, 7, 9, 13, 14, 15, 16, 21, 25, 27, 28, 29, 70 an de City Shopping Bus
  • Samschdes: 1, 2, 4, 5/6, 7, 9, 10/11, 13, 14, 16, 17, 18, 20, 21, 23, 25, 26, 27, 28, 29, 30 an de City Shopping Bus
  • Sonndes an u Feierdeeg: Normal Fuerzäite fir all Linnen

Fir eng Rei Linne sinn allerdéngs Ännerunge virgesinn:

  • Linn 3: Samschdes fir de Bus just tëscht dem Houwald an dem Hamilius
  • Linnen 8 an 12 (vu Méindes bis Samschdes) an d’Linnen 19, 20 an 23 (vu Méindes bis Freides): D’Busser fueren all 30 Minutten, amplaz am 20 Minutten-Takt
  • Linnen 10/11 a 26: Zu Spëtzenzäite ginn d’Busser net méi verstäerkt agesat
  • Linn 15 (Samschdes), 20 a 24 (vu Méindes bis Freides): Dës Busser fueren all 30 Minutten, amplaz am 15 Minutten-Tak
  • Linnen 17, 18 an 22: Dës Busser fueren all 10 Minutten
  • Linnen 19 (Samschdes), 31, 32 an 33, sou wéi de Shuttle Gare (SGA), de City Shuttle an de City Night Bus: Aktuell entfalen dës Busser

Duerch den Deplacement vum Arrêt Hamilius Quai 2, fält d’Korrespondenz duerch d’Linnen 1, 2, 18 an 30 ewech. Zu Spëtzenzäite gëtt d’Zäiten tëscht dem entspriechenden Terminus (Kierchbierg-Luxexpo a Lampertsbierg-Lycée Michel Lucius) an dem Hamilius ëm e puer Minutte verréckelt.

Related topics Arrêt Hamilius, Bus, City Shopping Bus, Deconfinement, Ëffentlechen Transport, LuxExpo, Lycée Michel Lucius, nei Fuerzäiten, Stad Lëtzebuerg, VDL
Next post Previous post