Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff
Neiegkeeten

CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff

D‘Eisebunn an de Nohaltegkeetsministère hunn um Méindeg, mat grousse wieder

Den Nossknacker – dat bescht Balletsmäerche vir d’Wanterzäit
Neiegkeeten

Den Nossknacker – dat bescht Balletsmäerche vir d’Wanterzäit

De Ballet vum Nossknacker baséiert um Alexandre Dumas senger Versioun

money
Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht
Neiegkeeten

Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht

D‘Hëtztwell an déi domatter verbonnen Dréchent wierkt sech op d‘Präisser

Der Regierung hir nei Kommunikatiouns- a Covid19-Exitstrategie

Der Regierung hir nei Kommunikatiouns- a Covid19-Exitstrategie

Virun enger Woch gouf déi éischt Phas vun der „neier Normalitéit“ agelaut, an dozou schéngt ze gehéieren, datt eng nei, eng méi direkt a vertraulech Kommunikatioun mam Vollek muss ginn. A besonnesch erfollegverspriechend sinn do déi sozial Netzwierker…

Datt um „Terrain“ oder wéi et politesch heescht „op der viischter Front“ alles gemaach ginn ass, wat noutwenneg war, fir aus enger sanitärer Kris kee sanitären Armageddon ze maachen, datt ass och dem politesche Wëllen zouzeschreiwen, an eigentlech – wann een net an den Detail geet – ka sech d‘Regierung schonn eppes Bretzen. De Schutz vun de Bevëlkerung konnt assuréiert ginn.

Zanter dem 25. Mäerz ass d‘Kurv vun den Neiinfektiounen ofgeflaacht, firwat d‘Paulette Lenert (LSAP) als Gesondheetsministesch et fir judiciéis gehalen huet an de sozialen Netzwierker ze annoncéieren, datt een d‘Pandemie „méi oder wéineger“ ënnert Kontroll huet. Eng Informatioun déi esou de Medien net zougaangen ass, an zu där ee wuel och keng Froe stelle soll.

Iwwerhaapt schéngt sech e Gruef tëscht Regierung a Medien opzedoen. Schonn e Freideg gouf et keng Pressekonferenz nom Regierungsrot, eenzeg d‘Chamber hat e Briefing kritt. Fir déi aner huet d‘Regierung et virgezunn e Kommunikatiounsformat ze notzen, bei deem sech de Medien a virun allem dären hire Froen, ganz galant kann entzu ginn. Hale mir eis also un deem fest wat do ass.

Um Virowend vu Phas II

Den Direkter vun der Santé, Dr. Jean-Claude Schmit, vergläicht d‘Evolutioun vun den Infektioune mat der Zuel vun den Hospitalisatiounen. A well déi – zum Gléck – ofhuelen, ass d‘Ministesch der Usiicht, datt een esou lues awer sécher d‘Lag iwwerbléckt, an een sech elo op den Iwwergang an d‘Phas II virbereede kann. Trotzdeem soll bis den 11. Mee gewaart ginn, fir nei Mesuren unzegoen.

Eng gutt Saach, well an Etappe virgoen erlaabt et d‘Evolutioun vun der sanitärer Kris konsequent ze iwwerwaachen. Esou ass et der Wëssenschaft méiglech ze iwwerpréiwen, ob déi erstallte Modeller funktionéieren. Dat zesummegeholl mat der Strategie vum flächendeckenden Depistage, sollt dann och Weeër aus dëser Kris opzeechnen. Ugefaange gëtt jo elo emol an den Alters- a Fleegeheemer.

Da soll progressiv déi ganz Bevëlkerung getest ginn, oder bleift et bei den 1.600 serologeschen Tester, fir festzestellen, wien schonn Antikierper huet? Bei der Weltgesondheetsorganisatioun ass ee sech den Ament guer net esou sécher, datt och wann een „et iwwerstanen“ an Antikierper entwéckelt huet, op dat eng dauerhaft Immunitéit duerstellt. Och dat léisst sech nach net beweisen.

Iwwerwaachen a noverfollegen

Nieft dësem Monitoring, dee jo nëmmen en Deel vun der Bevëlkerung betrëfft, gëtt et nach eng Rei wichteg Elementer, déi d‘Politik asetze wëll, fir datt et eis méiglech gëtt mam Coronavirus Covid19 ze liewen. Aus de Mond vun der Ministesch heescht et: „Haut hu mir eng Zuel vun Neiinfektiounen erreecht déi et eis erlaabt nees nozevollzéie wéi eng Kontakter den Infizéiert Persoun hat“.

Et wier een also nees beim Model ukomm, dee ganz am Ufank vun der Pandemie ëmgesat huet. Dat ass erfreelech, woubäi zu dësem Zäitpunkt d‘Leit befrot an net mëttels enger Tracing-App oder soss enger neier Technologie sollten iwwerwaacht ginn. Zu Lëtzebuerg stécht den Ament – an dat virun allem well een doheem bliwwen ass – 1 Persoun nëmmen 1 weider Persoun un, also statistesch.

Dat bescht wier et, wann d‘Leit sech all eng Applikatioun op den Handy géife lueden, mat där si kënne gesinn, ob si mat engem Infizéierten a Kontakt waren, oder sech esou een hirem Ëmfeld opgehalen huet. Nach geet virginn, datt een esou eng Tracing-App net wierklech wëll, mee et ass een net ofgeneigt, wann d‘Unioun et wëll, esou eng Applikatioun och verflichtend anzesetzen.

De leschte Stand:

Fir déi gutt Nouvellë besser ervirhiewen ze kënnen, ass et net vu Muttwëll sech en Iwwerbléck iwwert den Zoustand am Land ze verschafen. Laut dem Gesondheetsministère huet et iwwert de Weekend 28 nei bestätegt Infektiounsfäll ginn, leider sinn och dräi Mënschen un de Folge vun der Infektioun verstuerwen. Domatter gëtt 3.723 Fäll insgesamt, d‘Zuel vun de Fatalitéite läit bei 88.

Et stierwen zu Lëtzebuerg nach ëmmer éischter déi eeler Leit. Den Duerchschnëttsalter bei de Fatalitéite wier esou bei 83 Joer geleeën. Bei den Infektiounsfäll, läit den Duerchschnëttsalter allerdéngs bei 46 Joer. Op de Sonndegowend waren 146 Persounen hospitaliséiert (17 manner wéi nach um Freidegowend), wouvunner der 17 op der Intensivstatioun musse behandelt ginn. Als „geheelt“ hunn 788 Patiente bis ewell d‘Spidol nees kënne verloossen.

Ilustratioun: © Paolo Bendanti / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Dateschutz, Exitstrategie, Gesondheetsministesch, Iwwerwaachungt, Kommunikatioun, Regierung, Tracing-App
Nächsten Artikel Virrechten Artikel