Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenia: Erwaarten Onroue fuerdere schonn eelef Doudeger
Neiegkeeten

Kenia: Erwaarten Onroue fuerdere schonn eelef Doudeger

Nodeems ee Freidegowend kloer war, datt de Uhuru Kenyatta als

Buchpresentatioun vun „Das Juwel“: Eng Geschicht, déi een opfrësst
Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun „Das Juwel“: Eng Geschicht, déi een opfrësst

Der Auteurin Amy Ewing hir Dystopie-Reih Das Juwel vermëttelt Spannung

Neies aus dem „Schongbuttek“
Neiegkeeten

Neies aus dem „Schongbuttek“

Nodeems déi vereenegt Oppositioun sech op d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP)

Opgepasst! Nei Modalitéite fir d‘Notze vum ADAPTO

Opgepasst! Nei Modalitéite fir d‘Notze vum ADAPTO

Zesumme mam ëffentlechen Transport, gëtt och de Service ADAPTO ab dem 1. Mäerz gratis. De Ministère fir Mobilitéit huet elo déi nei Modalitéite fir den Accès zu dësem spezifesche Service bekannt gemaach. Dës Reform war noutwenneg ginn, nodeems d‘Parameter vun dësem Service, dee sech un Mënsche mat spezifesche Besoine riicht, der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport huet missen upassen.

Mat dëser Reform hunn dann och d‘Kritäre fir den Accès zu dësem Service missen iwwerschafft ginn. De Formulaire fir d‘Obtentioun vun enger ADAPTO-Kaart ass entspriechen nei verfaasst ginn a kann um Site vum Ministère oder iwwert guichet.lu (oder direkt hei) erofgeluede ginn. Dës Demarche ass zwéngend noutwenneg, well déi al Kaart, wéi och d‘Invalidekaart ass ab dem 2. Mäerz net gülteg.

Dat heescht am Kloertext, datt jiddereen, dee bis ewell de Service ADAPTO notzt, oder an Zukunft dësen Déngscht an Usproch huele wëll/muss, elo scho mam neie Formulaire hir Demande beim Transportdepartement, Service ADAPTO, areeche sollen. Un den Horairen ännert sech näischt, datt heescht, de Service fiert weiderhi vu Sonndes bis Donneschdeg vu 7 bis 22, Freides a Samschdes (an d‘Feierdeeg) vu 7 bis 24 Auer.

Dofir ännert sech d‘Reservatioun: esou gëtt ab dem 17. Februar eng eenzeg Plattform agesat, déi d‘Trajeten zentraliséieren a regruppéiere soll. Dës Mobilitéitszentral ass da vu Méindes bis Freides vu 7 bis 19, de Weekend an d Feierdeeg vun 9 bis 16.30 Auer ënnert dem 2465 2465 an um Internet: adapto.lu a guichet.lu ze erreechen. Et gëtt natierlech och eng App déi villes versprécht, mee fonnt hu mir déi nach net, hei brauch et nach Gedold…

Ähnlech Sujeten ADAPTO, Handicap, Mobilitéitszentral, Modalitéiten, Transportministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel