Search

You may also like

Editorial: Méi Schiet wann ech gelift!
Neiegkeeten

Editorial: Méi Schiet wann ech gelift!

Zur summerlecher Zäit, an der sech haaptsächlech ëm d’Wuelbefanne vu

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen
Neiegkeeten

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen

Et gëtt vill Bosseges ze beriichte wann et ëm d‘Bezéiung

De Lëtzebuerger Science Center als féierend europäesch Ariichtung
Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Science Center als féierend europäesch Ariichtung

Den 21 September 2018 huet de Regierungsrot seng Zoustëmmung zum

Aarbechtsmaart: Nei Modalitéite fir d‘Kuerzaarbecht

Aarbechtsmaart: Nei Modalitéite fir d‘Kuerzaarbecht

Um Donneschdeg hunn d‘Ministere Fayot (Wirtschaft) a Kersch (Aarbecht), am extraordinäre Konjunkturcomité mat de Sozialpartner iwwert déi vun der Regierung gemaachte Propose zu de Modalitéite fir d‘Kuerzaarbecht, bezunn op den éischte Semester 2021 beroden. D‘Propose huet d‘Sozialpartner wéi et schéngt iwwerzeegt…

Et kënnt zu Ännerungen an hei dierft eng vun de wichtegsten déi sinn, bei där et ëm d‘Berechnung vun der Indemnitéit an Kontext vum partielle Chômage geet. Bis ewell ginn dës Indemnitéiten op der Basis vun der Vollzäitbeschäftegung evaluéiert. Vum 1. Januar 2021 bi 30. Juni 2021 sollen dës Entschiedegungen sech nach eenzeg op déi tatsächlech Stonne wou net geschafft gouf bezéien.

Interessant och, datt d‘Modalitéiten sech op zwou Perioden zu dräi Méint verdeelen. Dat mécht am aktuelle Kontext – et soll jo schonn am Dezember en Impfstoff ginn – Sënn, zumindest wann d‘Leit matmaachen. Esou kéint jo den Albdram no der Virstellung vun der Politik, schonn zum 1. Abrëll eriwwer sinn. Gutt dat gesinn déi 75% vun de Bierger déi net wëlle geimpft ginn, eppes anescht.

Kuerzaarbecht a Kuerzaarbecht sinn dann och net datselwecht, jee nodeem a wéi engem Secteur een ënnerwee ass. Esou gëtt véier ënnerschiddlech Virgoensweisen, ofhängeg dovunner ob een an der Industrie oder engem „gefäerdete“ Secteur, wéi Horesca, Kultur an/oder Evenementiel schafft. Et spillt och eng Roll, ob d‘Entreprise muss Mataarbechter entloossen oder seng Ekippe ka behalen.

En Iwwerbléck

Esou wéi et decidéiert gouf, sollen d‘Entreprise aus dem industrielle Secteur och weiderhi vun der konjunktureller Kuerzaarbecht profitéieren dierfen. Dat fir eng gewësse Flexibilitéit géintiwwer de Verwerfungen déi de Welthandel provozéiert ze behalen. Entreprisen déi dëse Prinzip uwenne mussen sech dofir verflichten, keng Entloossungen aus „wirtschaftleche Grënn“ virzehulen.

Bei de „gefäerdeten“ soll et ee beschleunegt Verfare ginn, fir Zougang zur Kuerzaarbecht ze kréien, dat ouni Begrenzung vun der Unzuel u Beschäftegten, déi en Usproch hunn. Wann nogewise ka ginn, datt et awer net ouni Entloossunge geet, dierf – wann et bei maximal 25% vum Personal bleift – et zu Licenciementer kommen. Grondlag vun der Berechnung ass d‘Zuel vu Beschäftegten iwwert den Zäitraum 30. Juni 2020 bis 31. Mäerz 2021.

Vill all déi aner gëllt, datt si och aus strukturelle Grënn Kuerzaarbecht ufroen dierfen, dann awer dierf och hei keen entlooss ginn. An dësem prezise Fall dierfen déi „verluere Stonnen“ net 15% vun de normalerweis geleeschten Aarbechtsstonnen ausmaachen. Et dierfen och net méi wéi 40 Stonnen an der Woch geschafft ginn (pro Salarié). Kuerzaarbecht an Iwwerstonne schléissen sech also aus.

Am Fall wou et awer zu massive Licenciementer géif kommen – och wann hei ee puer Differenze jee no Secteur huet – mussen Entreprise mat manner wéi 15 Mataarbechter eng Redressement-Plang virleeën. Déi aner Betriber si gehalen ee „Plang de Maintien dans l‘Emploi“ enstpriechend den Dispositioune vum Artikel L.513-1 an de weideren Artikel vum Aarbechtsgesetz auszeschaffen.

Flexibilitéit fir den 2. Trimester: D‘Konditioune fir den Zougang zur Kuerzaarbecht nom 1. Abrëll 2021 ginn dann eppes méi streng ausgeluecht. Dat géif awer viraussetzen, datt et bis dohinner ganz wesentlech besser geet. Esouwäit ass et nach net, firwat den Detail zu dësem Zäitraum nach keng Roll spillt. Elo gëllt et emol 2020 hannert sech ze bréngen, an ze kucken wat de Vaccin bréngt…

Illustratioun: © Tanner Mardis / unsplash

Related topics Aarbechtsmaart, Covid19, Dan Kersch, Franz Fayot, Kuerzaarbecht, Sanitär Kris
Next post Previous post