Halen oder net? Den Tableau de Tri fir d’Archive soll elo hëllefen
Gëschter hunn d’Kulturministesch Sam Tanson an d’Direktesch vun de Lëtzebuerger
Gëschter hunn d’Kulturministesch Sam Tanson an d’Direktesch vun de Lëtzebuerger
Nodeems déi 27 Staats- a Regierungscheffen an der Nuecht vum
No diverse Verzögerungen huet déi Europäesch Kommissioun gëschter hir mat
An d’Liewe geruff gouf d’Plattform vum Ministère fir Sport, national Educatioun, Kanner a Jugend, dat zesumme mat der ENEPS an dem SNJ. Wéi den Numm et scho seet, ass et d’Zil verschidde Wierkungen, provozéiert duerch déi aktuell Situatioun, ze reduzéieren an d’Bevëlkerung dozou ze encouragéieren, och Doheem aktiv ze bleiwen.
D’Offer u sportlechen Exercice reecht dobäi vu Fitness, iwwer Koordinatioun an Danz, bis hin zu Yoga a Relaxatioun. Ënnerdeelt a véier verschidde Kategorien ass esou fir all Alter eppes dobäi: Elteren mat hire Kanner, Jugendlecher, Senioren an d’Erausfuerderung vum Dag.
Ma, ee weidere Virdeel ass, datt ee sech virtuell mat de Frënn zu Ekippen verbanne kann an esou d’Resultater a déi divers sportlech Méiglechkeeten op de soziale Medien deelt. Dës weideren kann een iwwert aktivdoheem.lu virugeleet ginn op aner Säite mat medezinesche Recommandatiounen a Saache Sport an Zäite vum Confinement.
D’Plattform, déi och Iech Doheem zum Wibbele brénge soll, ass aktuell just a Lëtzebuerger Sprooch verfügbar. No an no wäert dann och eng franséisch Versioun nokommen.