Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir de schnellen, encadréierten a breeden Accès op Gesondheetsproduiten
Neiegkeeten

Fir de schnellen, encadréierten a breeden Accès op Gesondheetsproduiten

Mat der Kreatioun vun enger nationaler Agence fir Medikamenter a

D‘ULC weist der Regierung déi donkelgiel Kaart
Neiegkeeten

D‘ULC weist der Regierung déi donkelgiel Kaart

Konsumenteschutz: keng mince Affäre! Et war eng memorabel Generalversammlung déi

Packs du et duerch eise Quiz zum Kanton Kapellen?
Neiegkeeten

Packs du et duerch eise Quiz zum Kanton Kapellen?

De Kanton Kapellen ass zwar bei wäitem net ee vun

Nei Plattforme fir de Wäissstorch – elo ka gebréit ginn!

Nei Plattforme fir de Wäissstorch – elo ka gebréit ginn!

Dëse Méindeg huet natur&ëmwelt Beetebuerg-Monnerech-Réiserbann mam Accord vum Centre Ornithologique Luxembourg 3 nei Plattforme fir de Wäissstorch opgeriicht. Esou kann dem Déier neie Liewensraum gebuede ginn.

Eng vun dëse Plattforme steet elo bei der Lameschmille, an der Géigend vun der aler Plattform, déi säit 6 Joer vun enger Storch-Koppel all Joer als Plaz fir ze bréie genotzt gëtt. De Bam, op dem déi ale Plateau opgebaut ass, erweist sech als morsch a wäert an de kommende Joren zu enger Gefor fir d’Déiere ginn. Aus dësem Grond huet onbedéngt eng nei Plattform opgeriicht musse ginn, déi elo als Auswäichméiglechkeet déngt.

Storch

Zur Schafung vun nistgerechten Ënnerlage sinn d’Plattforme vu fräiwëllege Mataarbechter vun natur&ëmwelt mat villen dënnen Äscht a Mulch ausgekleet ginn © natur&ëmwelt

 

Een zweete Plateau befënnt sech zu Schëffleng un der renaturéierter Uelzecht, an der Géigend vum Abris fir d’Notzdéieren. Den Drëtte steet zu Beetebuerg am Stréissel, wou sech viru 5 Joer eng Koppel an Eegeregie néiergelooss huet. Si hunn hiert Nascht op engem ofgebrachener Weed un der Uelzecht opgeriicht.

D’Plattforme sinn vun der Administration de la Nature et des Forêts (ANF) bei der Firma Bonaria-Frères an Optrag gaangen. Den ANF huet dëse Projet och finanzéiert. Bei der Hierstellung an dem Montage vun de Plateauen ass op d’Kënne vun de professionellen Aarbechter vun der Firma Profilinos aus Schëffleng zeréck gegraff ginn.

Storch

Den Duerchmiesser vun de Plattforme bedréit 1,20 Meter. D’Ausriichten op enger Héicht vu 7 Meter ass keng einfach Saach © natur&ëmwelt

Duerch déi gesamt Iwwernam vun de Käschte vun der ANF dréckt natur&ëmwelt nach emol ee grousse Merci un den ANF-Arrondissement Suf, a virun allem dem Här Michel Leytem aus.

Ähnlech Sujeten ANF, Michel Leytem, Nascht, natur&ëmwelt, Plattform, Storch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel