Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 26. Januar 2020
International Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 26. Januar 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Covid-19: D’Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger
International Neiegkeeten

Covid-19: D’Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger

Am Kampf géint den neiaartege Coronavirus Covid-19 huet de Käerjenger

Florida: 3 Doudeger bei Schéisserei zu Jacksonville
International Neiegkeeten

Florida: 3 Doudeger bei Schéisserei zu Jacksonville

Wéi d‘Police matgedeelt huet, si während engem Videospill-Tournoi zwou Persounen

Eng nei Regierung fir Israel: Ee wichtege Schrëtt, och fir de Fridden

Eng nei Regierung fir Israel: Ee wichtege Schrëtt, och fir de Fridden

Een deckt Joer huet et gedauert, bis datt Israel eng nei Regierung zesummestelle konnt. Dobäi hunn 73 vun 120 Deputéiert an engem Vertrauensvotum um Sonndeg fir déi nei Koalitioun gestëmmt. Hei wäert de Likud-Parteichef Benjamin Netanyahu fir annerhalleft Joer d’Tâche vum Regierungschef iwwerhuelen bis datt de Benny Gantz vun de Blo Wäissen hien ofléist. De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn ass houfreg, datt endlech eng Decisioun getraff konnt ginn.

„Dat ass ee wichtegen Dag fir de Staat Israel“, ënnersträicht de Benjamin Netanyahu virum Parlament. De Gläichstand tëscht de riets-Reliéisen an der Mëtt-Lénks huet laang Zäit d’Kreatioun vun enger neier Regierung verhënnert. An engem Joer sinn dräi Wahlen organiséiert ginn, elo konnt d’Regierung schlussendlech zesummegestallt ginn.

Israel

Israel ass ee wichtege Partner vun der Europäescher Unioun, wouduerch een der neier Regierung felicitéiert. Et freet ee sech, zesumme mat der israelescher Regierung op konstruktivem a globalem Niveau an am frëndschaftleche Geescht zesumme schaffen ze dierfen. Besonnesch duerch den Zesummenhalt kënnen aktuell Froen a Verbindung mat der Pandemie zur Bildung, Fuerschung an der Entwécklung getraff ginn.

Fir de Fridden am Mëttleren Osten ze stäerken ass et un der EU, fir seriéis Verhandlungen tëscht den zwou Parteien ze ënnerstëtzen an ze vereinfachen. Och dat internationaalt Recht ass essentiell : Jerusalem als zukünfteg Haaptstad vun Israel a Palestina ass déi eenzeg Méiglechkeet, fir de Fridden an eng nohalteg Stabilitéit an der Regioun ze garantéieren.

Israel

D’Deklaratioun zur Formatioun vun der neier Regierung an Israel, déi e Sonndeg vum Joseph Borrell verëffentlecht ginn ass, stellt een zolitten Accord tëscht de Memberlänner zur Responsabilitéit vun der EU duer, fir esou de Fridden am Mëttleren Osten virunzedreiwen, sou wéi dat internationaalt Recht an d’Uerdnung ze verdeedegen.

De Minister Asselborn ass houfreg, datt 25 EU-Memberlänner d’Deklaratioun ënnerstëtzen an esou d’Initiative, déi hien um 12. Mee mat sengem iresche Kolleeg Simon Coveney getraff huet , duerchgesat ka ginn. Ze bedaueren ass allerdéngs, datt zwee Memberlänner an d’Oppositioun gaange sinn, an dat bei esou engem kruzialen Thema, wou et ëm politesch Glafwierdegkeet an eng gemeinsam Sécherheet vun der Unioun geet.

Opmaacherbild: © Benjamin Netanyahu / Facebook

Ähnlech Sujeten Benjamin Netanyahu, Benny Gantz, EU, Israel, Jean Asselborn, Jerusalem, Likud, Mëttleren Osten, Nei Regierung, Palestina
Nächsten Artikel Virrechten Artikel