Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
Alternatives: en neie Berodungszenter fir Kanner a Jugendlecher
Neiegkeeten

Alternatives: en neie Berodungszenter fir Kanner a Jugendlecher

Um Méindeg gouf zu Diddeleng de neie Berodungszenter vun der

tongue
Simbabwe: Chronik vun engem Ënnergang
Neiegkeeten

Simbabwe: Chronik vun engem Ënnergang

An de 37 Joer déi hien de Simbabwe „gefouert“ huet,

What the Fakt – De Roland Emmerich kritt 63 Joer
Neiegkeeten

What the Fakt – De Roland Emmerich kritt 63 Joer

Hien ass ee Regisseur den säi Publikum an Angscht viru

Nei Regierung: Si hunn den Eed ofgeluecht

Nei Regierung: Si hunn den Eed ofgeluecht

E Mëttwoch ass déi nei Regierung vum Groussherzog vereedegt ginn, et gouf am Uschloss déi éischt Sëtzung vum Regierungsrot, an eigentlech kéint dann och scho lass goen. Fir de Premier en ustrengenden Dag, well hie fit unzefänken, emol vun all deene Regierungsmemberen huet misse „Congé“ huelen, déi an der neier Regierung keng Roll méi spillen.

Si gehéieren zu de „Verléierer“

Esou d‘Lydia Mutsch (LSAP), déi als Gesondheetsministesch wuel eng gutt Leeschtung erbruecht soll hunn, vum Wieler allerdéngs „bestrooft“ ginn ass, an elo nach just als Deputéiert um Krautmaart siegéiert. De Guy Arendt (DP) hätt „kënnen“ wollt awer anscheinend net, firwat och hien nees als Deputéierten an der Chamber optrëtt.

Eppes méi „domm gelaf“ ass et fir d‘Francine Closener (LSAP). Si huet sech bei de Wahle vum 14. Oktober net méi duerchgesat kritt, an sëtzt logescherweis och net méi an der Chamber. Si kéint eventuell eng Job am Ausseministère erhalen, wou si sech mam „Nation Branding“ beschäftege géif. Den Nicolas Schmit (LSAP) wëll op Bréissel an ass domatter och net méi derbäi.

De fréiere Chamberpresident Mars di Bartolomeo (LSAP), iwwergëtt säin Amt un de fréiere Landwirtschaftsminister Fernand Etgen (DP), bleift eis awer als Deputéierten erhalen. Dat huet Parteiintern – virun allem bei der Jugend – vir Onverständnis gesuergt, déi der Usiicht sinn, datt hien domatter d‘Erneierung vun der „Sozialdemokratie“ behënnert.

An dat sinn déi „glécklech“

Op där anerer Säit déi „nei“, wéi d‘Taina Bofferding (LSAP – Inneministère), Paulette Lenert (LSAP – Ministère vun der Kooperatioun) an de Lex Delles (DP – Tourismusministère). Si kréien elo d‘Schlëssele vun hire Ministèren. Den „Transfert“ huet direkt no der Sëtzung vum Regierungsrot ugefaangen. Esou mam Claude Turmes (déi gréng), dee Minister vum Amenagement vum Territoire ginn ass.

Elo wou dann déi „nei“ Regierung zesummegestallt ass, kënnt et och an e puer Gemengen zu Changementer. De Lex Delles iwwergëtt de‘Mandat vum Munnerefer Buergermeeschter un den éischte Schäffe Steve Reckel (DP), dee säi Posten un de Claude Schommer (DP) oftrëtt. Dofir kann elo d‘Nicole Lafleur (DP) an de Gemengerot noréckelen. Déi „fräi Plaz“ an der Chamber, geet un d‘Carole Hartmann aus dem Ostbezierk.

D‘Sam Tanson (déi gréng) gëtt Kulturministesch, firwat d‘Linda Gaasch (déi gréng) an de Stater Gemengerot anzitt. D‘Taina Bofferding (LSAP), elo Inneministesch, trëtt säi Mandat als Conseillère un de Jeff Dax (LSAP) of. Si war wuel net am Südbezierk gewielt ginn, dofir ass et elo méiglech, datt d‘Lydia Mutsch an den Yves Cruchten (béid LSAP) um Krautmaart, d‘Plaze vum Jean Asselborn an Dan Kersch anhuele kënnen.

Foto: De Premierminister Xavier Bettel, kritt vum Groussherzog den Eed ofgeholl. © SIP/Julien Warrand

Ähnlech Sujeten Gambia, Koalitiounsregierung, Vereedegung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel