Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas
https://moien.lu/welche-dating-apps-sind-gut/

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas

Op der Grenz tëscht Mexiko an den USA, hat et

https://moien.lu/when-do-damon-and-elena-finally-start-dating/
https://moien.lu/welche-dating-apps-sind-gut/

red flags to look for when online dating

Et ass dee Konflikt op der Welt, bei deem méi

D‘Erschéissunge vum 25. Februar 1944 zu Hinzert
https://moien.lu/welche-dating-apps-sind-gut/

D‘Erschéissunge vum 25. Februar 1944 zu Hinzert

E Méindeg 25. Februar 19 Auer – MnR – Sprooch:

Nei Timbere vun der Post: „Roses de Luxembourg“

Nei Timbere vun der Post: „Roses de Luxembourg“

Um Haaptsëtz vun der Post war um Mëttwoch eng weider Lass. Vill Gäscht hunn sech um fréien Owend am Foyer zesummefonnt. Alleguerten hunn se gemeinsam, datt si frou mat Rouse sinn. Net awer iergendwellech Rousen – Lëtzebuerger Rouse sollten et scho sinn!

Empfaange gi, sinn d‘Gäscht vum Emil Espen, Chef vu „Post Philately“ an dem Hjoerdis Stahl, der Direktesch vu „Post Courrier“. Si huet dann och op déi gutt Iddi vun der Veräiner „Patrimoine Roses pour le Luxembourg Asbl“ an „Lëtzebuerger Rousefrënn Asbl“ higewisen, déi sech staark agesat hunn, fir eng nei Timbere-Serie mat Rousen ze maachen.

Datt Lëtzebuerg e Rouseland ass, kann ee sech vläicht op den éischte Bléck net virstellen, mee d‘Ziichtung vu Rousen huet bei eis eng grouss a laang Traditioun. D‘Direktesch freet sech dann och offensichtlech iwwert de groussen Impakt, dee dank der Serie vu sechs neien Timbere, kann erziilt ginn.

Tatsächlech ass et esou, datt d‘Serie dräi bis véier Joer gefouert gëtt, wat e sëlleche Milliounen un Timbere bedeit. „Datt d‘Timberen awer elo och esou besonnesch schéi gi sinn“, esou d‘Hjoerdis Stahl „dat läit um Enn un der héijer Bildqualitéit“. Eng Aarbecht déi d‘Marianne Majerus, Fotografin zu London, mat Exzellenz vollbruecht huet.

Sënnvoll mat engem Bléck an d‘Geschicht

Bei der Virstellung vun den Timberen, huet d‘Hjoerdis Stahl och drun erënnert, datt et Timbere mat Rouse schonn eppes méi oft ginn huet. Eng éischte Kéier 1956, et waren dat och déi éischt „faarweg“ Timberen, duerno nach emol 1997 an 2010. Et war also de richtegen Zäitpunkt, de Virschlag nach emol ze ënnerbreeden.

D‘Serie vun Timberen déi als „Postocollant“ vermaart gëtt, kritt een op all Postbüro. Een Timber entsprécht dem Frankéiere vun engem Standard-Bréif (national). Iwwert engem Stéck Natur dat een hei op e Bréif pecht, hält ee mat all Timber wéi gesot, och nach e Stéck Geschicht an den Hänn

Post

(v.l.n.r.) Emile Espen, Chef de Service Post Philately; Marianne Majerus, Fotografin; Mireille Steil, Presidentin Lëtzebuerger Rousefrënn asbl; Luc Welter, Marketing & Kommunikatioun Post Lëtzebuerg; Dr. Claudine Als, Presidentin Patrimoine Roses pour le Luxembourg Asbl; Hjoerdis Stahl, Direktesch Post Courrier. © Martine de Lagardère/moien.lu

Verständlech, datt et fir d‘Dr. Claudine Als, Presidentin vun „Patrimoine Roses pour le Luxembourg Asbl“ ee groussen Dag an e nach vill méi schéinen Owend war. Laang hätt een op dësen Dag gewaart, elo wier et endlech esouwäit. Mat dësem „Geste“ vun der Post kéint een de Rouse-Patrimoine nees an d‘Häerzer vun de Bierger bréngen.

Mat enger Arméi vun 30 Milliounen „Ambassadeuren“ wëll een de Lëtzebuerger nobréngen, datt eist Land e Rousegaart war an nach ëmmer ass. Wéineg gewosst ass da sécher och, datt an eiser 125 Joer aler Dynastie, och als Regent seng Rous hat. Bei sechs Monarchen… Mee et sinn awer just d‘Rouse vu fënnef Monarchen op den Timberen ze fannen.

De „missing Link“

D‘Rous vum Guillaume war net méi ze fannen. Néierewou, näischt ze maachen. An et ass net wéi wann een net duerno gesicht hätt. A gesicht ginn ass dann och op der ganzer Welt. Um Enn huet ee sech der Tatsaach misse stellen. „Se wäert wuel eng Kéier erfruer sinn“ esou den traurege Constat, dee symbolesch ass fir eng grouss Unzuel vu Lëtzebuerger Ziichtungen.

Déi sechst Rous an der Serie ass dann d‘Rous: „Independance de Luxembourg“. Déi passt och wonnerbar an de Kontext, och aus geschichtlecher Betruechtung.

Fir d‘Mireille Steil, Presidentin vun „Lëtzebuerger Rousefrënn Asbl“ war et och eng grouss Éier mat derbäi gewiescht ze sinn. Mam erkläerten Zil de Patrimoine vun de Rousen zu Lëtzebuerg wëllen ze erhalen a méiglechst auszebauen, wier d‘Serie vun dëse wonnerschéinen Timberen eng zousätzlech Motivatioun.

Si weist dann och drop hin, datt och haut nach ëmmer Rousen zu Éiere vun eiser Dynastie geziicht ginn. Zu Mënsbech ginn des d’Rousen gefleegt, mee och a ganz ville Gäert gëtt sech der Ziichtung vun de Rousen ugeholl. Mat der Serie vu sechs Timberen huet d‘Post nieft engem Stéck Geschicht och eng ganz schéi Reklamm fir Lëtzebuerg gemaach.

Foto: Serie vu sechs Timberen © Post Philately

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerger Rousefrënn, Patrimoine Roses pour le Luxembourg, Post Lëtzebuerg, Post Philately
Nächsten Artikel Virrechten Artikel