Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Demo zu Berlin géint Mëssstänn am Irak
stanley bedrock plane dating Neiegkeeten

find her on dating sites

Stoppt d’Gewalt géint di friddlech Demonstratiounen am Irak – Ënnert deem Motto

zico dating aoa
stanley bedrock plane dating Neiegkeeten

Éisträich: Déi Gréng fir d‘éischt mat an der Regierung

An der Alperepublik Éisträich kënnt et endlech zur Regierungsbildung. Dës

CCDH: Keng Mannerjäreg am Prisong!
stanley bedrock plane dating Neiegkeeten

CCDH: Keng Mannerjäreg am Prisong!

Déi „Consultativ Kommissioun vun de Mënscherechter“ (CCDH) war eigentlech zefridde

Nei am Verlag Binsfeld: Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir

Ee Buch vum Annika Thamm, iwwersat vum Martine Schoellen

Nei am Verlag Binsfeld: Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir

Een originellen a garantéiert eenzegaartege Gebuertsdagskaddo! Dierf een a Bicher molen? Jo, an dëst schonn. Zeechnen, pechen, schreiwen, alles dat geet mat dëser neier Publikatioun vun den Éditions Guy Binsfeld.

Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir ass e Matmaach- a Geschenkbuch vun der Designerin a Pädagogin Annika Thamm. Op 28 Säite gëtt een invitéiert, Zeechnungen an Texter mat sengen eegenen Iddien ze completéieren an dem Gebuertsdagskand eng ganz individuell Geschicht ze erzielen. Et steet eng Vas do, de Schäffchen ass un, den Dësch ass prett. Mee d’Blummen, de Kuch an d’Kaddoen, déi dierf ee selwer entwerfen an afügen. An dann ass d’Iwwerraschung fir de groussen Éierendag esou gutt wéi perfekt.

Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir ass e Buch fir d'(bescht) Frënn a Frëndinnen, fir d’Boma, de Bopa, d’Mamm, de Papp an einfach jiddwereen, deem een eppes Perséinleches vun Häerze schenke wëll.

Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir

© Annika Thamm

Iwwert d’Annika Thamm

D’Annika Thamm ass 1991 zu Stuttgart gebuer an huet schonn ëmmer gär gezeechent. Hatt ass staatlech gepréifte Grafikdesignerin an och staatlech unerkannten Erzéierin a Sozialpädagogin. An engem Kanner- a Familljenzenter zu Stuttgart schafft hatt mat Kanner vun 3 bis 6 Joer. Do sammelt hatt Dag fir Dag Inspiratioune fir, fir a mat de Kanner ze molen an ze bastelen.

Iwwert d’Martine Schoellen

D’Martine Schoellen ass 1965 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm. No der Première huet hatt Germanistik an Anglistik studéiert an ass dono Däitschproff ginn. Bei den Éditions Guy Binsfeld huet hatt fënnef Kannerbicher vum Bestseller-Duo Axel Scheffler a Julia Donaldson an d’Lëtzebuergescht iwwersat, fir d’lescht The Smeds and the Smoos.

Méi zum Buch

D’Wierk Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir kënnt de 16. November bei Éditions Guy Binsfeld eraus. Dat gebonnent Buch huet 28 Säiten a kascht 15 €. ISBN: 978-99959-42-59-5

Ähnlech Sujeten Annika Thamm, Buch, Editions Guy Binsfeld, Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir, Liesen, Martine Schoellen, Matmaach- a Geschenkbuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel