Search

You may also like

Generalstreik blockéiert Frankräich
Kultur Neiegkeeten

Generalstreik blockéiert Frankräich

Si war Géigestand am Wahlkampf a gehéiert zu de wichtegste

Et herrscht politesch Onsécherheet no de Walen an Italien
Kultur Neiegkeeten

Et herrscht politesch Onsécherheet no de Walen an Italien

Déi riets Koalitioun huet an Italien no de Walen d‘Nues

Benefizconcert fir d‘Affer vum Tornado
Kultur Neiegkeeten

Benefizconcert fir d‘Affer vum Tornado

Organiséiert vun der Associatioun „Fir e gudden Zweck – Gemeng

Nei am Verlag Binsfeld: Tao Te King, Buch vum Wee

Ee Buch vum Serge Tonnar a Jean-Marie Biwer

Nei am Verlag Binsfeld: Tao Te King, Buch vum Wee

Dem chinesesche Philosoph Lao Tse säin Tao Te King aus dem 6. Joerhonnert viru Christus zielt zu deene meeschtiwwersatene Bicher op der Welt. Déi 81 kuerz Texter spigelen en humanistescht Gedankegutt erëm, an dat a ville Beräicher vum mënschlechen Zesummeliewen. D’Weisheeten, déi een hei fënnt, si genausou déif wéi heiansdo paradox.

Tao Te King handelt vum Wierken ouni ze Handelen, vun der Stäerkt vum schwaache Waasser, vun den Herrscher, déi Grousses leeschten, andeems se sech selwer klengmaachen, a vum Näischt, dat villes bedeit. Et ass e spirituellt Wierk an awer och e ganz praktescht, dat weist, wéi d’Mënsche mateneen ëmgoe kënnen, ouni just op hiren eegene Virdeel aus ze sinn.

Lieser aus deene verschiddenste Kulturkreesser an iwwert d’Epochen ewech hunn sech vum Lao Tse senger Philosophie beaflosse gelooss. Déi vill Versioune vum Tao Te King, déi dobäi entstane sinn, ware sielen Iwwersetzungen am enke Sënn an dacks méi oder wéineger fräi Nodichtungen. Esou ass et och an dësem Buch.

Tao Te King

De Serge Tonnar huet den Tao Te King als Éischten an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen an dofir eng Wuertwiel getraff, déi einfach ass, ouni ze vereinfachen. Am Zesummespill mat den Aquarelle vum Jean-Marie Biwer – ee Bild pro Text – entsteet esou d’Méiglechkeet, dës al Philosophie am neie Gewand an an hirer Relevanz fir déi haiteg Zäit ze entdecken.

Oder, wéi de Serge Tonnar a sengem Nowuert seet: „Mat senger Léier vun Toleranz, Respekt a Matgefill, fräi vun all Dogma, ass den Tao Te King en Text, deen haut an hei grad sou wichteg ass a grad sou inspiréiere ka wéi deemools.“

Iwwert de Serge Tonnar

De Serge Tonnar ass fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret. Seng Haaptaktivitéit ass d’Kompositioun vun eegene Lidder, virun allem mat senger Band Legotrip. Dernieft schafft e geleeëntlech am Theater als Museker, Schauspiller, Regisseur an Auteur.

Hien ass Matbegrënner vu MASKéNADA, Kënschtlerkollektiv a Produktiounsplattform fir alternativ theatralesch a musikalesch Projeten. 2015 huet en d’Associatioun Mir wëllen iech ons Heemecht weisen an d’Liewe geruff, déi sech fir den interkulturellen Dialog asetzt, absënns tëscht Flüchtlingen a Leit vun hei.

© Editions Guy Binsfeld

Iwwert de Jean-Marie Biwer

De Jean-Marie Biwer schafft als Kënschtler, Konschtmoler, Grafiker a Bildhauer. Zënter 1980 hat hien iwwer 50 Eenzelausstellungen a Lëtzebuerger an internationale Galerien a Muséeën. Hien huet u wichtege Gruppenausstellungen zu Lëtzebuerg a weltwäit deelgeholl – ënner anerem zesumme mam Sculpteur Bertrand Ney op der XIV. Biennal zu Venedeg.

Zu sengen Aarbechte gehéieren och Illustratiounen zu Wierker vum Jean Portante, Lambert Schlechter a Jean Sorrente. Doriwwer eraus huet hien Texter iwwert d’Konscht an de Konschtmaart verfaasst. 1989 huet hien de Prix de Raville gewonnen an 2016 de Kulturpräis vun der Stad Diddeleng.

Tao Te King

© Editions Guy Binsfeld

Méi zum Buch

D’Wierk Tao Te King, Buch vum Wee kënnt de 16. November eraus. Op 184 Säiten hunn de Serge Tonnar (Texter) an de Jean-Marie Biwer (81 Aquareller) sech veréiwegt. D’Buch kascht 40 € an ass een Hardcover mat Réck aus Léngent mat Liesbändchen. ISBN: 978-99959-42-58-8

Related topics Buch vum Wee, Editions Guy Binsfeld, Jean-Marie Biwer, Philosoph, Serge Tonnar, Tao Te King
Next post Previous post