Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
ArcelorMittal kuckt 2020 emol fir unzefänken an de Réckspigel
Kultur Neiegkeeten

ArcelorMittal kuckt 2020 emol fir unzefänken an de Réckspigel

Et war schonn eppes gewot den Empfang fir Neijoerschdag zu

Behëlt sech de Client dernieft, bezilt de Cafetier d‘Rechnung
Kultur Neiegkeeten

Behëlt sech de Client dernieft, bezilt de Cafetier d‘Rechnung

E Gerant vun engem Bistro war net iwwerzeegt, d‘Verantwortung fir

money
De Konsumenteschutz kritiséiert geplangte Stroum- a Gaspräiserhéijungen
Kultur Neiegkeeten

De Konsumenteschutz kritiséiert geplangte Stroum- a Gaspräiserhéijungen

Schonn am Januar hat de Konsumenteschutz (ULC) déi Ufank vum

Nei am Verlag Guy Binsfeld: De Schmunzel – Eng Ko(s)mech Geschicht

Nei am Verlag Guy Binsfeld: De Schmunzel – Eng Ko(s)mech Geschicht

Dës nei Kannergeschicht vum Jhemp Hoscheit mat faarwegen Illustratioune vum Carlo Schneider ass eng richteg Abenteuergeschicht mat iwwerraschende Momenter, engem spannenden Op bau, witzegen Dialoger a Sproochspiller.

Zwee Bëschhuese fannen no engem Stuerm en décke Steen, deen an enger Kaul läit an awer mol sou guer net an d’Minettgéigend passt. De Lappi an d’Malla trauen hiren Aen net. D’Déieren am Bësch sinn all virwëtzeg a buddelen de Steen aus dem Buedem aus. Mee do geschitt eppes, wat net stenge­­ méiglech ass: E fänkt un ze schwibbelen, ze schwubbelen an ze schwabbelen. An ee Gesiicht kritt en och nach.

Et ass wéi wann e schmunzele kéint. Dofir nennen d’Déieren hien: De Schmunzel. Esoueng Entdeckung suergt natierlech fir eng grouss Opreegung. Wëssenschaftler sinn um ko(s)me­sche Steen intresséiert a wëllen e mathuelen, fir en z’ënnersichen … Mee léisst de Schmunzel sech dat gefalen? E weist op eemol, datt e méi kann, wéi nëmme schmunzelen.

Guy BinsfeldD’Déieren entdecken ee fir si onbekannt a friemt Wiesen – e Meteorit am Bësch – a wëllen dat kenne­­ léieren an erfuerschen. Doduerch entsti besonnesch ko(s)mesch Interaktiounen tëscht dem Meteorit an den Déieren. A wann dann och nach d’Mënschen – de Fierschter, de Bëschaarbechter, den Astrophysiker a seng Assistenten – sech amëschen an um Meteorit interesséiert sinn, da kann ee sech nëmme froen, wat een alles an dëser Geschicht erliewe wäert …

Duerch déi aktuell Referenzen zum Weltall, dem Space mining, den Emojis an der Astrophysik kritt d’Geschicht eng zousätzlech Dimensioun. An de Schmunzel kritt duerch seng Smileyen – vum Fäerti, Häppi, Granzi, Blödi, bis zum Motzi – e besonnesche Charakter an eng eege Séil … a wäert Grouss a Kleng schmunzelen doen.

www.editionsguybinsfeld.lu

Jhemp Hoscheit

De Jhemp Hoscheit, Joergang 1951, ass Papp vun zwee Kanner. De Schrëftsteller huet bis elo fënnefanzwanzeg Bicher publizéiert, dorënner véier Romaner – Perl oder Pica (1998), dee mam Servais-Präis ausgezeechent a verfilmt gouf – an elo scho säin zwieleft Kannerbuch. Dorënner sinn Wann d’Déieren Detektiv spillen, Zodi am Schatofor, Wat wibbelt do am Schaf, d’Monsteren am Gaart oder Den Eppes déi bei den Éditions Guy Binsfeld erauskoumen.

Carlo Schneider

De Carlo Schneider ass 1956 zu Lëtzebuerg gebuer a wunnt an der Schwäiz. Hien ass Karikaturist, Illustrator a Cartoonzeechner a fir seng politesch Karikaturen europawäit bekannt. Zënter 1999 verëffentlecht hien all Joer KARIKAtour, e Buch mat senge beschte Karikature vum Joer. Hien illustréiert awer och regelméisseg Bicher a publizéiert am eegene Verlag edition-salus Kanner­ bicher, dorënner z. B. op Lëtzebuergesch: De Kasimir an d’Wisenten.

  • JHEMP HOSCHEIT / CARLO SCHNEIDER
  • DE SCHMUNZEL: ENG KO(S)MESCH GESCHICHT
  • 56 Säiten / 185 x 250 mm / Mat méi wéi 25 faarwegen Illustratiounen / Gebonnen
  • ISBN 978-99959-42-38-0 – 18 Euro
Ähnlech Sujeten Bicher, Carlo Schneider, De Schmnunzel, Editions Guy Binsfeld, Jhemp Hoscheit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel