Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikesurprise
Editorial: Wéi sech d‘SPD duerch de Knéi an de Fouss geschoss huet
things to know about dating a korean man dating painting canvas

https://moien.lu/dating-sites-search-without-signing-up/

Mat ganz knappe 56% huet den SPD-Parteidag um Sonndeg sech

Kofi Annan: ee Liewe vir d‘Vereenten Natiounen
things to know about dating a korean man dating painting canvas

Kofi Annan: ee Liewe vir d‘Vereenten Natiounen

De Kofi Annan, dëse Samschdeg am Alter vun 80 Joer

Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz?
things to know about dating a korean man dating painting canvas

Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz?

Mir siche mat Iech zesummen Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz

Nei Vestiaire fir den SC Beetebuerg

Fussball gouf et och: déi „Anciens“ vum FC Metz hunn de Männer vun der ALAIF den Dicks gebéit

Nei Vestiaire fir den SC Beetebuerg

E Samschdeg huet den SC Beetebuerg ganz offiziell seng nei Vestiairen ageweit. Déi bestoend véier Vestiairen ënnert der Tribün an der Buvette konnten allerdéngs net erweidert ginn, an esou huet e neit Gebai missen ugebaut ginn. An dat wat si sech do opgeriicht hunn, léisst sech weisen.

Hei sinn nach emol véier Vestiaire fir d‘Spiller, an zwee Vestiaire (mat enger Dusch) fir d‘Arbitter ageriicht ginn. Dem Veräi bleiwen nach zwou Raimlechkeete fir Saachen ënner Dach ze stellen, an och d‘Gemeng huet zwee Säll zur Verfügung. Am Verbindungsstéck tëscht dem alen an neie Gebai sinn déi technesch Raim ënnerbruecht ginn.

SC Beetebuerg

Zur Aweiung vun den neie Vestiaire war och de Sportminister, Dan Kersch (LSAP) op Beetebuerg komm. © Luigi de Stephanis/moien.lu

Et gëtt zudeem eng Terrass an e Lift dee besonnesch Persoune mat ageschränkter Mobilitéit den Zougang zur Terrass, der Tribün an och der Buvette enorm erliichtert. De Buergermeeschter Laurent Zeimet (CSV) ass mat de Struktur, déi sech um leschte Stand vum Energieverbrauch befënnt, ganz zefridden. De Projet huet ronn 2,5 Milliounen Euro kascht.

Net ze vergiessen: och den neie syntheteschen Terrain (Käschtepunkt ronn 2 Milliounen Euro) ass bei dëser flotter Geleeënheet ageweit ginn. Hei konnte mir schonn iwwert déi gutt Performance vun den Damme beriichten, déi sech verdéngt de Championstitel gekroopt hunn…

De Ball ass ronn an esou och d‘Sonn

Et war zolidd waarm zu Beetebuerg an datt déi al Hären dann awer nach flotte Fussball gespillt hunn, huet och eppes mat Éiergäiz ginn. Wéinst der batterer Hëtzt huet de Match tëscht de Spiller vu Metz an der „Amicale Luxembourgeoise des Anciens Internationaux de Football“ (ALAIF) dann awer eréischt kuerz no hallwer fënnef ugefaangen.

D‘Veteranen aus Loutrengen hunn de Frëndschaftsmatch mat 2:0 gewonnen, woubäi d‘Resultat dat niewesächlechst um ganze Spill war. Si hunn sech an dem Public virun allem vill Spaass bereet. Do ass virum Goal gepiddelt getriwwelt, ëmmer mat vill Humor an zuweilen och éischte lëschtegen Aktiounen.

SC Beetebuerg

De Francis Hauer, e jonke Spunt vu grad emol 70 Joer, huet sech mat de Brasilianerinnen an dank dem kräftege Getrommels optimal „waarm“ gemaach. Ëmmer nees flott wann een esou Virbiller um Terrain huet. © Luigi de Stephanis/moien.lu

All Véierelsstonn, wouduerch aus zwou Halbzeite vun 30 Minutte véier Spillofschnëtter entstane sinn, ass eng Drénk-Paus ageluecht ginn, wat bei gudde 36°C am Schied net vu Muttwëll. An hei ass jo och ëm de Spaass gaangen. Ervirzehiewen ass nach, datt den eelste Spiller um Terrain, den Francis Hauer war. Deem huet e seng 70 net ugesinn…

Nach iert de Match ugaangen ass, huet de Francis mat de Brasilianerinne gedanzt… a gemengt et misst ee sech virum Spill jo awer schliisslech „waarm maachen“. Wéi gesot, et war einfach flott.

Opstellung vun den Ekippen

Ancien du FC Metz: 1 Lucas Krettnich, 2 Michael Willmin, 3 Grael Hug, 4 Frédéric Partijianone, 5 Stéphane Borbiconi, 7 Ketty Camara, 8 Pascal Douane, 9 Marco Cecchini, 10 Michael Maurice, 11 Stéphane Leoni, 12 Marc Marascinolo, 13 Ali Ayacmi, 14 Sidi Mechaouat, 15 Laurent Agouazi, 17 Djamel Merdjett. Trainer: Gilles Zanetti

SC Beetebuerg

D‘Ekipp vun den „Anciens du FC Metz“. © Luigi de Stephanis/moien.lu

ALAIF: 12 Steve Dunkel, 7 Benny Reiter, 17 Bernard Heinz, 6 Henri Bossi, 11 Dan Theis, 9 Theo Malget, 13 Manu Schauls, 19 Francis Hauer, 18 Ernad Sabotic, 5 Fränk Niatel, 15 Kevin Randazzo, 4 Almin Babacic, 16 Tom Bichler, 14 Philippe Durrer, 8 Gerard Geisbusch. Trainer: Theo Scholten

SC Beetebuerg

D‘Ekipp vun der ALAIF. © Luigi de Stephanis/moien.lu

Arbitere vum Dag: Happtarbitter Reis Lorenzo José Pedro, Linneriichter waren de Janko Primc an de Yannick Lietz.

SC Beetebuerg

E Frëndschaftsmatch fir de gudden Zweck, och esou geet Fussball. De Patrick Hutmacher, President vum SC Beetebuerg (l) huet zesumme mam Laurent Zeimet, Buergermeeschter vu Beetebuerg, der Vetriederin vu „Médecins du Monde“ de Scheck iwwerreecht. © Luigi de Stephanis/moien.lu

Notiz: De Frëndschaftsmatch tëscht de Fransousen an den alen internationale vu Lëtzebuerg, war fir de gudden Zweck gemënzt. Den Theo Scholten, President vun der ALAIF setzt sech an fir d‘ONG „Doktere vun der Welt“, déi sech hei zu Lëtzebuerg haaptsächlech deene Mënschen unhuelen, déi net Krankeverséchert sinn. Médecins du Monde militéiert och fir eng universal Versécherung.

Foto: Elo sinn déi nei Vestiaire vum SC Beetebuerg och offiziell ageweit ginn. © Luigi de Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten ALAIF, Anciens du FC Metz, Dan Kersch, Laurent Zeimet, Patrick Hutmacher, SC Beetebuerg, Syntheteschen Terrain, Vestiairen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel