Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No de Wahlen an Italien geréit de Matteo Renzi ënner Drock
Neiegkeeten

No de Wahlen an Italien geréit de Matteo Renzi ënner Drock

An de Reie vun der Demokratescher Partei an Italien rumouert

dislike
USA: Monsanto gewënnt eng Schluecht ëm e kontroverséierten Herbizid
Neiegkeeten

USA: Monsanto gewënnt eng Schluecht ëm e kontroverséierten Herbizid

Fir Monsanto war en Dënschdeg scho Chrëschtdag. De Ris vun

Seniore beweege sech fir d‘Integratioun ?
Neiegkeeten

Seniore beweege sech fir d‘Integratioun ?

Am „Club Senior“ vun Esch-Uelzecht weess een dat d‘Beweegung Léif

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht

Am Kontext vun enger sécherlech schwiereger Situatioun an eise Gewässer – de Stauséi an de Séi vu Wäisswampech si voller Bloalgen, an duerch d‘Dréchent gëtt d‘Waasser knapp – ass gëschter de Punkt zur aktueller Lag gemaach, an iwwert déi nei Waasserschutzzone geschwat ginn.

Heizou hat d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) agelueden. Si war a Begleedung vum Mikorobiologist Dr. Christian Penny vum Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technik (LIST), deen nach emol op de Phenomen agaangen ass, an dem neie Staatssekretär fir Ëmwelt, Claude Turmes (déi gréng), deen Erklärungen zu de neie Waasserschutzzone ginn huet.

Fir d‘Waasserraten ass d‘Saison gelaf

Zu dem wéi a wat vun de Bloalgen, déi eigentlech Bakterie sinn, an ënner ideale Konditiounen och fir d‘Sauerstoffproduktioun zoustänneg sinn, huet sech den Expert vum LIST geäussert. Esou wier et u sech also normal a bekannt, datt dës Bloalgen, also d‘Cyanobakterien, begënschtegt duerch den Afloss vu Stéckstoff, Phosphor an anere Faktoren an eise Gewässer gutt wuessen.

Dat et esou fréi am Joer zu dëser Entwécklung kënnt, wier allerdéngs net normal, seet de Christian Penny. Hei huet d‘Wieder eng entspriechend Roll gespillt: déck waarm a keng Drëps Reen, méi brauch et net, fir datt sech d‘Cyanobakterien explosiounsaarteg reproduzéieren. Beim „ofstierwen“ produzéiere se Toxinnen déi fir de Mënsch an d‘Déier gesondheetsschiedlech sinn.

An den Expert vum LIST stellt nach weider fest, datt een déi „Plo“ soss géint Enn vum Summer, Ufank Hiecht festgestallt huet, an entgéint der Situatioun vun dësem Joer, sech d‘Cyanobakterien normalerweis vill méi „lokaliséiert“ entwéckelen. Datt de ganze Stauséi betraff ass, ass éischter „exzeptionell“, a fir dat ze verstoen, muss elo no den Ursaache gesicht ginn.

Gett et en Zesummenhang mam Klimawandel?

Den Dr. Christian Penny huet am Kontext vun der Ursaachefuerschung drop higewisen, datt een als éischt gepréift hätt, op et en Zesummenhang mat enger ongewollter Zouféierung vu „schwaarzem Waasser“ kéint ginn. Dat ka mëttlerweil ausgeschloss ginn, bestätegt den Expert.

Ee vun den Haaptverdächtegen ass elo de Klimawandel, well dee fir eng CO2-Zounam an der Atmosphäre verantwortlech ass, an dat de Bloalgen eng séier Entwécklung – a Verbindung mat der Fotosynthes – erméiglecht. Och d‘Evolutioun vun den Drécheperioden an hydroklimatesch Verännerungen, déi zur Erosioun bäidroen a Sedimenter an d‘Gewässer spullen, ass ernimmt ginn.

Verantwortlech mat der Situatioun ëmgoen

De Vertrieder vum Gesondheetsministère, Pierre Weicherding, huet op e neits d‘Recommandatioune fir de Public widderholl: sech an d‘Hausdéiere vum Waasser ewechhalen, a kee Fësch aus de betraffene Gewässer iessen. D‘Bloalge produzéieren Toxinnen déi: d‘Liewer (Hepatotoxinnen), d‘Nerven (Neurotoxinnen) mee och d‘Haut (Dermatoxinnen) schiedege kënnen.

An dësem Kontext huet d‘Ëmweltministesch dann awer drop higewisen, datt keen deen de Risk wëll op sech huelen, mat engem Protokoll rechne muss. Ronderëm déi betraffe Gewässer wiere wuel Schëlter opgestallt ginn, wou „Baignade Interdite“ drop steet, et awer hei „nëmmen“ eng Recommandatioun ass. Et ass een also selwer fir sech verantwortlech, a besser ewech ze bleiwen.

Et geet hei och ëm eist Drénkwaasser

Wann den Ëmstand, datt d‘Bloalgen engem all Aktivitéit um an am Waasser verbitt, e negativen Impakt op den Tourismus huet, esou muss ee sech beim Drénkwaasser elo keng Suerge maachen. D‘Waasser wat vum Stauséi an den Drénkwaasserreseau agespeist gëtt, kënnt aus enger Déift vu 25 Meter, a gëtt gefiltert. 70% vun der Bevëlkerung bezitt säin Drénkwaasser vum Stauséi.

Waasserschutzzonen

Bei der Pressekonferenz ass de Punkt zur Lag am Bezuch op d‘Bloalge-Pescht um Stauséi an dem Séi vu Wäisswampech gemaach ginn. Et ass och vun de Geleeënheet profitéiert ginn, fir de Projet vun de Waasserschutzzone ronderëm de Stau ze erläuteren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Déi beschte Garantie datt et esou bleift, ass Preventioun. E wichtegen Aspekt vun dëser Preventioun ass d‘Ariichte vu Waasserschutzzonen. Déi gëtt et esou schonn, mee baséiert um Gesetz vum 27. Mee 1961, an hei gëtt ersiichtlech, datt d‘Restriktioune schonn zimlech strikt sinn. Dat Gesetz leeft dann awer am Dezember aus, a soll duerch e Groussherzoglecht Reglement ersat ginn.

De Projet heizou ass am Juni vun der Regierung ugeholl ginn. D‘Fläch vun de Schutzzone gëtt erweidert, datt mat enger gradueller Approche, esou datt et zukünfteg nach landwirtschaftlech Aktivitéiten an de Schutzzone méiglech sinn. Et dierf allerdéngs net méi „gepifft“ ginn, den Asaz vu Pestiziden ass dann och net méi erlaabt. D‘Baueren erhalen dofir Kompensatiounen.

Den Dialog mam Bierger ass wichteg

Fir de neie Staatssekretär fir Ëmwelt, Claude Turmes, ass et wichteg, datt bei all deene Mesuren déi sollen agefouert ginn, d‘Bierger ëmfangräich informéiert ginn. Esou hat et de 4. Juli zu Esch-Sauer eng ëffentlech Informatiounssëtzung ginn. Zousätzlech heizou gëtt am September eng Ëmfro bei de Bierger lancéiert, wou si bei hirer Gemeng hir Remarke kënne virbréngen.

De Schäfferot gëtt déi Doleancen un de Gemengerot weider, deen heizou säin Avis muss ofginn. D‘Remarken oder Reklamatiounen, esou wéi den Avis vum Gemengerot mussen un de Minister weidergeleet ginn. Et wäert net kënnen allen Awänn Rechnung gedroe ginn, mee d‘Situatioun erfuerdert Moossnamen, déi sécherstellen, datt d‘Land och muer nach eegent Drénkwaasser huet.

A wat déi nei Schutzzone betrëfft, esou sinn op enger wëssenschaftlecher Grondlag ausgewise ginn, dat mat Hëllef vun engem renomméierten Ingenieursbüro. D‘Schutzzone, déi an dräi Kategorien agedeelt gëtt, huet eng Gesamtfläch vu 15.480 Hektar. Nëmmen 2% vun dëser Fläch ënnerleie ganz staarke Restriktiounen, an hei fannen och keng landwirtschaftlech Aktivitéite statt.

Foto: (v.l.n.r.) Claude Turmes (Staatssekretär fir Ëmwelt); Carole Dieschbourg (Ëmweltministesch); Dr. Christian Penny (LIST). © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Claude Turmes, Dr. Christian Penny, Ëmweltministère, LIST, Stauséi, Waasserschutzzonen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel