Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg engagéiert sech géint d‘Bombardéierung vun Zivilisten
Neiegkeeten

Lëtzebuerg engagéiert sech géint d‘Bombardéierung vun Zivilisten

Den 2. an 3. Oktober hate Vertrieder vun der ONG

Frevel un der Uelzecht: Waasserverschmotzung fuerdert seng Affer
Neiegkeeten

Frevel un der Uelzecht: Waasserverschmotzung fuerdert seng Affer

Um Samschdeg, de 14. September gouf d’Waasserverwaltung mat engem schlëmme

Loftschléi géint Syrien: Wat ee bis ewell weess
Neiegkeeten

Loftschléi géint Syrien: Wat ee bis ewell weess

D‘USA, Groussbritannien a Frankräich, hunn an der Nuecht vum Freideg

Nei WLTP-Wäerter: Den Endverbraucher als Mëllechkou vun der Natioun

Nei WLTP-Wäerter: Den Endverbraucher als Mëllechkou vun der Natioun

Am Kader vum Autofestival, deen elo ufänkt, wëll de Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) d’Verbraucher op déi nei WLPT-Wäerter an déi domat verbanne Präiserhéijung opmierksam maachen. De sougenannten Neien Europäesche Fuerzyklus (NEDC) gëtt nämlech duerch déi Weltwäit Harmoniséiert Testprozedur vu Liichtgefierer (WLTP) ersat.

Ab dem 1. Mäerz 2020 ginn zu Lëtzebuerg déi um WLTP-Zyklus baséierend CO2-Emissiounsgrenzwäerter fir d’Festleeung vun de Steieren ugewannt.

D’Stéchtdaten

  • Fir all Gefierer, déi virum 1. Mäerz 2020 eng éischte Kéier am Verkéier waren, gëtt den NEDC-Wäert weiderhi genotzt, bis datt d’Gefierer endgülteg aus dem Verkéier gezu ginn. Eng réckwierkend Uwennung vu WLTP-Wäerter ass net geplangt.
  • Fir all Gefierer, déi um oder nom 1. Mäerz 2020 eng éischt Kéier a Betrib geholl ginn, gëllt den neie WLTP-Wäert.

Wat verännert sech fir de Verbraucher?

Wëll déi gemoossen Emissioune vum neie Préifzyklus net mat dem vu virum 1. Mäerz 2020 iwwereneestëmmen, wäerten den tatsächleche Kraaftstoffverbrauch a soumat och d’CO2-Emissioune klammen. Dat gëllt fir Gefierer deenen hir technesch Spezifikatioune virun an nom 1. Mäerz identesch sinn.

E puer Beispiller

  • Ee Gefier huet folgend Wäerter:
    • Kraaftstoffverbrauch: 6,1 bis 6,9 (l/100km) NEFZ; Emissiounen: 138 bis 157 (g/km) NEDC
    • Mam neie System gëtt d’Gefier esou klassifizéiert:
    • Kraaftstoffverbrauch: 6,3 bis 7,6 (l/100km) NEFZ; Emissiounen: 142 bis 171 (g/km) NEDC
    • Fraise fir NEDC: 113,04 € pro Joer
    • Ab 1. Mäerz 2020: 143,64 €
    • Erhéijung: 32,13 € pro Joer
  • Ee Gefier huet folgend Wäerter:
    • Kraaftstoffverbrauch: 3,8 bis 5,6 (l/100km) NEFZ; Emissiounen: 100 bis 128 (g/km) NEDC
    • Mam neie System gëtt d’Gefier esou klassifizéiert:
    • Kraaftstoffverbrauch: 4,8 bis 5,6 (l/100km) NEFZ; Emissiounen: 126 bis 181 (g/km) NEDC
    • Fraise fir NEDC: 96,12 € pro Joer
    • Ab 1. Mäerz 2020: 126,90 €
    • Erhéijung: 66,78 € pro Joer

Schlussfolgerend hält d’ULC fest, datt den Endverbraucher alt nees d’Rechnung fir d’CO2-Emissiounsbesteierung bezuele muss, wann et dem Hiersteller net geléngt d’Gefierer méi kraaftstoffeffizient an domat och manner ëmweltbelaaschtend ze produzéieren. Dofir fuerdert de Konsumenteschutz d’Regierung op, datt déi entstane Fraisen fir den Endverbraucher op ee spéideren Zäitpunkt ze verleeën. Bei déi nei CO2-Tax kënnt nämlech nach eng Hausse bei de Kraaftstoffer dobäi.

D’ULC kritiséiert, datt Autofuerer duerch déi vill Präiserhéijungen an zukünfteg Besteierungen zur Mëllechkou vun der Natioun degradéiert ginn. Dobäi kommen nach ënnert anerem déi divers Präiserhéijungen am Serviceberäich, bei de verschiddenen Taxen, Versécherungen oder och vun den Alters- a Fleegeheemer, wärend d’Steiertabell säit Joren net méi un d’Inflatioun ugepasst ginn ass, dat bei stagnéierende Paien a Pensiounen.

Dofir protestéiert de Konsumenteschutz nees energesch géint d’Politik vun der steierlecher Belaaschtung vum Endverbraucher, mam eenzegen Zil, d’Steierkeess ze fëllen.

Ähnlech Sujeten Fraisen, Käschten, Konsumenteschutz, Kraaftstoffverbrauch, Mëllechkou, NEDC, NEFC, Neien Europäesche Fuerzyklus, ULC, Wäerter, Weltwäit Harmoniséiert Testprozedur vu Liichtgefierer, WLTP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel