Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

44 Migranten aus Séinout gerett
Kultur Neiegkeeten

leading dating apps

E Sonndeg eréischt hat d‘Rettungsschëff Alan Kurdi, vun der däitscher

spain hookup app
De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn
Kultur Neiegkeeten

De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn

Um Dënschdeg huet de Pëtrolspräis nees ugezunn, wéi den amerikanesche

D’Protester vun de Jonken weisen hir éischt Wierkung
Kultur Neiegkeeten

D’Protester vun de Jonken weisen hir éischt Wierkung

Eisen Energieminister Claude Turmes huet gëschter zu Bréissel um Energierot

Neie Festival zu Lëtzebuerg: LOA Festival by Lalux & Spuerkeess

De 14. September dréit sech hannert der Philharmonie alles ëm elektronesch Musek

Neie Festival zu Lëtzebuerg: LOA Festival by Lalux & Spuerkeess

Véier jonk Entrepreneren hu gemeinsam mat enger Rëtsch Sponsoren en neien Open Air Festival zu Lëtzebuerg an d’Liewe geruff: De LOA Festival by Lalux & Spuerkeess wëll mat internationalen a lokale Gréissten aus der elektronescher Musekszeen kuerz virun der Rentrée fir eng nei musikalesch Experienz suergen. Den Entrée um Kierchbierg wäert dobäi gratis sinn.

Op der Place de l’Europe tëscht der Philharmonie an dem Hotel Mélia soll se stoen, déi kreativ zesummegebaute Bühn, déi nieft der Musek aus dem Beräich Chill Tech, House an EDM (Electronic Dance Music) zu enger mystescher Atmosphär bäidroe soll. Vu moies 11 bis owes 23 Auer leeën insgesamt 12 Kënschtler op, dorënner fënnef Stéck, déi sech och scho mol en Numm um international bekannten Open Air Festival “Tomorrowland” gemaach hunn. Do dernieft ginn et nach eng Rei Baren, eng sougenannt Food-Village an e Beräich, wou ee sech zréckzéien an et méi gemitterlech ugoe loosse kann. Mat dësem Konzept wéilt ee virun der Rentrée nach e spéitsummerlechen Highlight setzen an d’Vakanz sou ausklénge loossen.

Firwat grad en elektroneschen Open Air Festival?

Dräi vun de véier Grënner vun dësem ambitiéise Projet hu leschte Freideg op enger Pressekonferenz d’Konzept hannert dësem Festival erkläert. Mam Food For Your Senses ass dëst Joer jo mat der leschter Editioun eng Festival-Ära op en Enn gaangen. Déi lescht Editioun vum Rock-A-Field ass och schonn dräi Joer hir a wéi et den Ament ausgesäit, dauert et nach eng Zäitchen, bis datt dësen erëm stattfanne wäert – wann iwwerhaapt. Den e-Lake huet wärend senge Festivalsdeeg eng grouss Panoplie u Museksstiler unzebidden, ma e Festival ënner fräiem Himmel, deen eleng der elektronescher Musek gewidmet ass, esou eppes wier nei an eenzegaarteg zu Lëtzebuerg.

LOA Festival

(v.l.n.r.) Dräi vun deene véier Matgrënner vum LOA Festival by Lalux & Spuerkeess: Ivan Cardoso, Sebastian Jacqué a Felix Hemmerling © Melvin Hatto/moien.lu

De Sebastian Jacqué, Matgrënner vum LOA Festival, erkläert dann och, datt de Festival fir jiddereen zougänglech soll sinn. Et gëtt keng Altersbeschränkung an och den ëffentlechen Transport wäert dee Weekend an der Stad gratis sinn. Doriwwer eraus ass de gratis Entrée nëmmen duerch déi gutt Zesummenaarbecht mat de ville Partner a Sponsore méiglech, esou hie weider. Wärend dem Festival setzt een da gären och op Nohaltegkeet a soumat wäert et laut dem Veranstalter keen Eewee-Plastik ze gesi ginn.

Zur Organisatiounsequipe gehéieren nieft dem Sebastian Jacqué nach de Felix Hemmerling, den Ivan Cardoso souwéi den Tom Wecker.

Wie spillt?

LOA Festival

© loa-festival.com

Iwwerbléck

Wéini? Samschdeg, de 14. September 2019
Wou? 1, Place de l’Europe L-1499 Lëtzebuerg-Kierchbierg
Auerzäit? Vun 11.00 bis 23.00 Auer
Entrée: fräi
Keng Altersbeschränkung

Weider Informatiounen op loa-festival.com

Opmaacherbild: © loa-festival.com

Ähnlech Sujeten Kierchbierg, Lalux, LOA Festival, Open Air, Spuerkeess
Nächsten Artikel Virrechten Artikel