Neie Gëftuschlag a Groussbritannien, zwee Briten a kriteschem Zoustand
Um haidegen Donneschdeg trëfft sech déi britesch Regierung zu enger Drénglechkeetssëtzung, nodeems eng Koppel an engem kriteschen Zoustand opfonnt ginn ass, déi dem selwechte „Gëft“ ausgesat war, wéi e fréiere russesche Spioun a seng Duechter viru véier Méint.
D‘Entrevue gëtt vum Inneminister Sajid David presidéiert, an e Spriecher vum Theresa May huet matgedeelt, datt de Virfall mat gréissten Eescht behandelt gëtt. Déi zwee Brite waren e Samschdeg an engem kriteschen Zoustand zu Amesbury (am Südweste vun England, eng Dose Kilometer vu Salisbury ewech) opfonnt ginn. Nëmmen e puer Kilometer vun do ewech, wou de russesche Spioun Sergueï Skripal mat senger Duechter Ioulia am Mäerz vergëft gi waren.
Et ass dann och d‘Antiterror-Eenheet vun der Police déi d‘Enquête iwwerholl huet, nodeems de militäresche Laboratoire vu Porton Down d‘Substanz, där déi britesch Koppel ausgesat war, als neurotoxeschen Agent aus sowjetescher Produktioun identifizéiert huet.
„Haut den Owend hu mir d‘Resultater vun der Analys erhalen (…) aus deenen ervirgeet, datt déi zwou Persounen dem Nervegëft ‚Nowitschok‘ ausgesat waren“, esou de Neil Basu, Chef vun der britescher Antiterror-Eenheet. „Et ass dat selwecht Nervegëft. Elo mussen d‘Wëssenschaftler nach bestëmmen, op d‘Substanz aus dem selwechte Lous staamt“. Bei de betraffene Persoune soll et sech ëm d‘Dawn Sturges an de Charlie Rowley handelen.
De Virfall an deen d‘Famill Skripal verwéckelt war, hat sengerzäit eng gréisser diplomatesch Kris ausgeléist. Honnerten Diplomate waren ausgewise ginn, d‘Welt hat sech hannert Groussbritannien gestallt an trotzdeem ass bis haut net erwisen, wien d‘Dot vollbruecht huet.
Eng weider „Gefor“ schéngt net ze bestoen
Wat elo d‘Affer vun Amesbury betrëfft, esou läit d‘Prioritéit fir d‘Enquêteure op der Feststellung, wéi déi Koppel a Kontakt mat dësem Nervegëft gerode konnt. Laut dem Neil Basu, gëtt et bis elo kee Beweis dofir, datt de Mann oder d‘Fra op iergendeng Aart a Weis „en Zil“ gewiescht wieren. D‘Police hält dann och d‘Gefor fir d‘Bevëlkerung fir geréng.
Laut éischte Feststellungen, war d‘Fra vu 44 Joer dat éischt Affer. Si huet d‘Bewosstsinn schonn am fréie Moien (9.15 Auer) verluer, de Mann am Alter vu 45 Joer ass am Nomëtteg schlecht ginn, an d‘Rettungsdéngschter si géint hallwer dräi alertéiert ginn. An engem éischte Moment, war d‘Police dovunner ausgaangen, datt de Virfall mat Drogekonsum kéint zesummenhänken.
Den Neil Basu stellt och nach fest, datt näischt drop hiweist, datt sech béid Affer kierzlech engem dekontaminéierte Site rapprochéiert hätten. D‘Koppel ass dann elo, wéi ewell gesot, an engem kriteschen Zoustand am Spidol zu Salisbury. Laut dem Chef vun der Police vu Wilshire, Paul Mills, ass et dat selwecht Etablissement, wou och d‘Russe behandelt konnte ginn.
mam Pauline Froissart a Martine Pauwels/AFP
Foto: Den „Deputy Chief Constable“ Paul Mills huet Erklärungen zum Virfall vun Amesbury ginn, wou eng englesch Koppel offensichtlech och mam russeschen Nervegëft „Nowitschok“ a Kontakt komm ass. Et ass net dervunner auszegoen, datt si geziilt mat dëser Substanz ugegraff gi sinn. Eng Gefor fir d‘Bevëlkerung wier net imminent. © Geoff Caddick/AFP