Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fact – De British Museum zu London mëscht seng Dieren op
International Neiegkeeten

What the Fact – De British Museum zu London mëscht seng Dieren op

Haut op den Dag genau ass et 260 Joer hir,

Den INL ass geschwënn nees an den eegene Maueren
International Neiegkeeten

Den INL ass geschwënn nees an den eegene Maueren

Gutt Nouvelle gëtt et vum Lëtzebuerger Sproocheninstitut (INL). Deen ass

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!
International Neiegkeeten

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!

Um 16. Dezember 2018 gouf et am Raum Käerch-Siweburen ee

De „Monni Reiwa“ gëtt neie japanesche Premier

De „Monni Reiwa“ gëtt neie japanesche Premier

Nodeems déi japanesch Regierungspartei LDP den Yoshihide Suga zum Parteipresident gewielt huet ass kloer, hie muss och d‘Nofolleg vum Premier Shinzo Abe untrieden. Mee wien ass dee Mann, dee vun de jonke Leit „Monni Reiwa“ genannt gëtt?

Mat 377 vu 535 méigleche Stëmmen ass den Yoshihide Suga zum neie Chef vun de Liberalen a Japan gewielt ginn. Hien ass domatter den designéierte Ministerpresident vun der drëttgréisster Vollekswirtschaft op der Welt. Hie gëllt als Asket: net fëmmen a keen Alkohol, dofir vill Sport. Säi gréissten Optrëtt hat de Mann beim Kaiserwiessel wou hien déi nei Ära „Reiwa“ ugekënnegt hat.

Dohier kënnt dann och säi Spëtznumm: déi jénger Generatiounen hunn him den Numm „Monni Reiwa“. Bis dësem Trounwiessel huet kaum ee Mënsch de Yoshihide Suga kannt. Hie staamt net wéi säi Virgänger aus enger klassescher Politiker-Famill. Hien ass op engem Bauerenhaff an der nërdlecher Provënz Akita opgewuess an huet Rechtswëssenschaften zu Tokio studéiert.

Seng politesch Carrière huet de Yoshihide Suga als Sekretär vun engem Deputéierten ugefaangen iert hie fir d‘éischt an déi lokal, spéider an déi national Politik gaangen ass. Den 71 järege gëllt als fläisseg a war déi lescht Joren dem Shinzo Abe trei. Ënnert der éischter Regierung vum Abe, war hien Inneminister, zanter 2012 ass hien eng Aart Regierungsspriecher am Rang vun engem Minister.

An dëser Funktioun huet hien dem Shinzo Abe de Réck fräi gehalen an esou och dësem seng Politik entspriechend gepräägt. Eng „nei“ Politik ass sech ënnert dem „Monni Reiwa“ deemno éischter net ze erwaarden. An dat huet hien och scho kloer gemaach: „Ech wäert déi aktuell Wirtschaftspolitik weiderféieren a verbesseren“, esou de Yoshihide Suga bei der Wahlveranstaltung vun der LDP.

Lacker vum Hocker oder Harakiri-Missioun

Datt hien e Mëttwoch zum Regierungschef gewielt wäert ginn, dorunner kann et net de geréngsten Zweiwel ginn, schliisslech huet d‘LPD am Parlament déi noutwenneg Majoritéit. De Wee ass also virbestëmmt woubäi dëse keen einfache wäert ginn. Gutt, et heescht datt de Monni Reiwa sollt Akzenter bei der Digitaliséierung an am Kontext vum Télétravail setzen, mee et gëtt och Problemer.

Och Japan deet sech mat der Covid19-Pandemie schwéier, an och wirtschaftlech gesäit et am Räich vun der opgoender Sonn net grad erfreelech aus. Fukushima ass och nach net iwwerstanen, an dat ganzt Geklüngels vun der aktueller Regierung gëtt och ëmmer méi Bierger géint de Stréch. An dann huet Japan och nach de Problem, datt d‘Gesellschaft ze al gëtt, an et keng Jonker fir d‘Relève huet.

Et ass eng schwiereg Ierfschaft fir den 71 järegen, dee Parteiintern net op eng grouss Fraktioun ziele kann, déi him kéint bäistoen. Hien ass op d‘Ënnerstëtzung vun de mächtege Fraktiounscheffen ugewisen, déi hien awer wuel nëmmen esouwäit „droe“ wäerten, wéi geséchert ass, datt si hir eegen Interessen – wéi d‘Besetzung vun de Ministerposten – duerchgesat kréien. Dat kéint Folgen hunn…

An engem Joer, also am September 2021 stinn Ënnerhauswahlen un, an d‘Zoustëmmung fir dem Shinzo Abe seng Politik hat scho masseg ofgebaut. D‘LPD kéim, wann nächste Sonndeg gewielt géif ginn, net méi op 50% an de Monni Reiwa misst scho Wonner vollbréngen, fir dat nees riicht gebéit ze kréien. Et ass éischter dovunner auszegoen, datt et ee ganz kuerzt Mandat wäert ginn.

mat indymedia/tyo

Foto (Archiv): Den designéierte Premier vu Japan, Yoshihide Suga, hat sech der Welt 2019 eng éischte Kéier virgestallt, wéi hien den Numm vun der neier keeserlecher Ära „Reiwa“ enthüllt hat (内閣官房内閣広報室 – 首相官邸ホームページ – cc by-sa-4.0)

Ähnlech Sujeten Japan, LDP, Premier, Shinzo Abe, Yoshihide Suga
Nächsten Artikel Virrechten Artikel