Search

You may also like

UN-Klimasommet: Et dierf nees gelu ginn (eng kommentéiert Analys)
Neiegkeeten

UN-Klimasommet: Et dierf nees gelu ginn (eng kommentéiert Analys)

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet déi uwiesend Elite vun der

Groussbritannien: D‘Theresa May gëtt sech eng nei Regierung
Neiegkeeten

Groussbritannien: D‘Theresa May gëtt sech eng nei Regierung

Déi britesch Premierministesch huet um Méindeg konsequent Verännerunge vun hirer

S.A.R de Groussherzog besicht de CGDIS
Neiegkeeten

S.A.R de Groussherzog besicht de CGDIS

Haut de Moien hu S.A.R. de Groussherzog an d’Inneministesch Taina

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA

Wéi OGBL an LCGB et um Freideg bekannt ginn huet, ass de Kollektivvertrag fir d‘Salariéeë vun der Nationaler Gesellschaft fir den Autosverkéier (SNCA) erneiert ginn. D‘Ënnerschrëft huet et awer schonns den 1. Februar tëscht de Gewerkschaften OGBL, LCGB an der Direktioun ginn.

Nodeems d‘SNCA an den SNCT sech an zwou verschidden Entitéiten opgedeelt hunn, haten d‘Gewerkschaften entscheet, no enger Entrevue mat de Salariéeë vu béiden Entreprisen, zwee verschidde Kollektivverträg auszeschaffen a virzeleeën.

Während mat der SNCT nach ëmmer verhandelt gëtt, ass et tëscht de Gewerkschaften OGBL, LCGB an der Direktioun vun der SNCA zu engem Accord komm. Déi Haaptpunkte vum Accord sinn:

  • eng linear Lounerhéijung vun 1% ab dem 1. Januar 2019;
  • eng linear Lounerhéijung vun 0,5% ab dem 1. Januar 2020;
  • d‘Konversioun vun de genotzte Feierdeeg a Congé, deen entspriechend de legale Modalitéite fir de Jorescongé ze huelen ass, deen esou op 32 Deeg/Joer uwiisst;
  • eng nei Organisatioun vun der Aarbechtszäit, dat a Verbindung mat der geplangten Extensioun vun den Ëffnungszäite vun der SNCA (eng Nocturn an der Woch an de Samschdegmueren);
  • d‘Bezuele vun enger Prime d‘Astreinte vun 8,50 Euro/Stonn (Index 794,54) fir d‘Aarbechtsstonnen an der Woch no 17 Auer an de Samschdegmueren.

Den extraordinäre Congé an de Congé aus familiäre Grënn gëtt de neie legalen Dispositiounen entspriechend ugepasst. Déi fréier Zousoen un d‘Salariat sinn nees opgeholl an am neie Kollektivvertrag garantéiert ginn. De Kollektivvertrag ass gülteg bis den 31. Dezember 2020.

Related topics Kollektivvertrag, LCGB, OGBL, SNCA, SNCT
Next post Previous post