D‘Britte wëllen net op d‘Touriste verzichten
Fir den Ament muss (bal) all Mënsch deen a Groussbritannien
Fir den Ament muss (bal) all Mënsch deen a Groussbritannien
Um éischten Abrëllsdag goufen – an nee dat war kee
Mam Opkomme vun der sanitärer Kris war et essentiell, eng drëtt Garde opzestellen, sou datt de Gesondheetssystem wärend der Pandemie net iwwerlaascht gëtt. Esou konnt all Etablissement een Dokter a Garde virweisen. Duerch d’Disponibilitéit vu 24 Stonnen op 24 Stonnen konnten d’Hospitaliséierungen an d’Visitten an der Poliklinik reduzéiert, gläichzäiteg awer och eng kontinuéierlech Prise en Charge garantéiert ginn.
An dësem Kontext soll ervirgehuewe ginn, datt duerch dëse System d’Doudesfäll zu Lëtzebuerg, am Verglach zu sengen Nopeschlänner, immens niddreg gehale konnte ginn. Um europäeschen Niveau leie mir ënnert dem Niveau, den eng substantiell Erhéijung markéiert.
D’Linn 3 soll all Dag an zu all Zäit Hëllef bidden, a souwuel Visitten, wéi och Teleconsultatiounen iwwerhuelen. Zil vum Pilotprojet ass et den agefouerte System wärend der Pandemie virunzeféieren, esou eng besser Koordinatioun a medezinesch Organisatioun unzebidden,wouduerch d’Qualitéit an der Fleeg erhalen an onnéideg Hospitaliséierunge vermeit kënne ginn.
De System gëtt an enger éischter Phas vum 1. September 2020 bis den 31. August 2020 vu Generalisten ugebueden. Organiséiert gëtt dat Ganzt vun der AMMD, a Kollaboratioun a mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Staat.
Opmaacherbild © United Nations COVID-19 Response / Unsplash