Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Philharmonie: Diplomiwwerreechung vun der Europaschoul!
Meenung Neiegkeeten

Philharmonie: Diplomiwwerreechung vun der Europaschoul!

Um vergaangene Samschdeg, de 6. Juli huet an der Stater

Eis Belsch Nopere maachen d‘Grenzen nees op
Meenung Neiegkeeten

Eis Belsch Nopere maachen d‘Grenzen nees op

An engem Communiqué huet déi Belsch Regierung bestätegt, datt zanter

GayMat: Zesumme si mer méi staark
Meenung Neiegkeeten

GayMat: Zesumme si mer méi staark

Fir déi 18. Editioun vun GayMat an déi fënneft „Marche

Neie Quartier Areler Strooss: Chance fir e mënschlechen an ökologesche Wunnprojet notzen

Neie Quartier Areler Strooss: Chance fir e mënschlechen an ökologesche Wunnprojet notzen

D‘Bevëlkerungszuel vun der Stad Lëtzebuerg wiisst a mat hir d‘Nofro u Wunnraum. Als Reaktioun dorops betätegt sech d‘Stad Lëtzebuerg selwer als Bauhär an entwéckelt nei Quartieren op Bauland, datt a städteschem Besëtz ass. De Projet „Wunnquartier Stade“, op der Areler Strooss, kéint d‘Stad Lëtzebuerg zukunftsorientéiert gestalten. No der Meenung vun déi gréng Stad Lëtzebuerg leeft hei awer esou Muenches schif…

D‘Stad huet bis ewell d‘Bierger net an d‘Gestaltung vum zukünftege Bauterrain abezunn, mee vun dësen, hir Meenung zu de 7 Gewënner vum Architekteconcours gefrot. Dobäi wier eng Bedeelegung déi dës Bezeechnung och verdéngt eng echt Beräicherung. Et ass och nach net ze spéit: Bierger (zukünfteg Bewunner, Urainer, Awunner, Zivilgesellschaft, Experten…) wei och de Gemengerot (also och déi politesch Oppositioun) mussen aktiv an de weider Prozess agebonne ginn.

Dozou soll d‘Stad en „Iddie-Workshop“ organiséieren, bei deem déi 7 Participanten um Architekteconcours zesumme mat der interesséierter Ëffentlechkeet un der Weiderentwécklung vun de 7 Konzepter schaffen. An Zäite vum Klimanoutstand muss den neie Quartier mindestens Klimaneutral konzipéiert ginn. Besser wier den „Energieplus-Standard“. Dozou gehéiert en innovatiivt Energiekonzept zur Energieeffizienz an zur Produktioun vun erneierbaren Energien.

Och ekologesch muss de Quartier nei Moossstief setzen, zum Beispill beim Waassermanagement duerch minimal Versigelung, gréngen Diecher, Reewaassernotzung a villes méi. Och an de Beräicher Offallwirtschaft oder Biodiversitéit sollt dëse Quartier Modellcharakter hunn. Den neie Quartier soll autofräi sinn, déi ëffentlech Raim ganz den Uspréch vun de Bierger, Foussgänger a Vëlosfuerer entspriechend ausgeriicht ginn. Selbstverständlech brauch de Quartier och en optimalen Uschloss un déi bestoend Carsharing-Systemer erhalen.

Ee Concours ouni Biergerbedeelegung plangt laanscht d‘Besoinen

Nach iert den Architekteconcours ausgeruff gouf, hat et schonn de 4. Juli 2018 op Initiativ vun déi gréng Stad Lëtzebuerg e Workshop zur Zukunft vum Terrain um Stadion, dem Asazzenter an dem Recyclingshaff ginn. Dësen hat vill Zousproch erhalen. Iwwer 3 Stonnen hu 60 Participanten (zukünfteg Bewunner, Urainer a Leit déi sech fir Stadplanung interesséieren) hir Meenungen an Iddien iwwert déi Ustoend Entwécklung vum betraffenen Areal ausgetosch. Eng Synthees vun dëser Veranstaltung gouf an engem Dokument zesummegefaasst an am September 2018 der Buergermeeschtesch iwwerreecht, wéi och der Press an der Ëffentlechkeet virgestallt.

déi gréng Stad Lëtzebuerg hate geroden, dëse Bedeelegungsprozess weiderzeféieren an esou méiglechst vill Bierger an d‘Zivilgesellschaft an d‘Entwécklung vun dësem Areal anzebannen. De Grond: eng breet ugeluechte Consultatioun zur Ausaarbechtung vum Laaschtenheft verbessert d‘Entscheedungsgrondlag an d‘Akzeptanz vun engem Projet. Och dat suergt dofir, datt de Projet den ënnerschiddleche Bedierfnesser an Erwaardunge vun der Bevëlkerung éischter entsprécht. Dat ass grad bei Concourse wichteg un deene vill Architektebüroen deel huelen, déi wou net esou gutt mat de lokale Begebenheete vertraut sinn.

Leider huet de Schäfferot op eng breet Biergerbedeelegung an och op ee preziist Laaschtenheft verzicht. Den Interessen a Virschléi vun de Bierger an der Zivilgesellschaft schenkt dësen net genuch Gehéier a verpasst esou deenen déi plange kloer Richtlinnen ze ginn. Esou variéiert d‘Zuel vun de Wunnengseenheete vun de 7 zeréckbehalene Projete beispillsweis erhieflech.

Eréischt nodeems ee „Selektiounscomité“, bestoend aus Experten a Vertrieder vum Schäfferot, wéi awer ënner Ausschloss vun den Oppositiounsparteien, der Zivilgesellschaft an de Bierger, sech am Hiecht 2019 op 7 agereechte Projete gëeenegt hat, sollt elo dat wat de Schäfferot „Biergerbedeelegung“ nennt zum Zoch kommen. Nëmmen annerhallef Wochen haten d‘Bierger Enn Januar 2020 Zäit an d‘Geleeënheet, hir Meenung zu de verschiddene Projeten ofzeginn. Dës goufen als Architekturposter presentéiert, déi sech esou net ouni Weideres engem Laien erschléissen. Bezeechnend ass och, datt op eng ëmfangräich Informatiounscampagne verzicht ginn ass.

Geplangt ass elo, datt d‘Awërf vun de Bierger, esou ewéi d‘Stellungname vu der Zivilgesellschaft an de weidere Prozess afléisse sollen. Mee wéi genee dat oflafe soll a wéi transparent dat wäert sinn, ass net gewosst. Esou ee Virgank kann ee beschtefalls als „Consultatioun“ bezeechnen an entsprécht a kengster Weis der gängeger Definitioun vu Biergerbedeelegung.

Déi gréng Stad Lëtzebuerg fuerderen:

Eng Biergerbedeelegung déi dësen Numm och wierklech verdéngt

Esou ee grousse Projet erfuerdert aktiv Biergerbedeelegung: Dat erlaabt net nëmmen d‘Identifizéierung vun der Bevëlkerung mam Projet, mee och eng méi séier Ëmsetzung a bescht méiglech Qualitéit vum Projet.

Et ass nach net ze spéit: Bierger (zukünfteg Bewunner, Urainer, Awunner, Zivilgesellschaft, Experten…) wei och de Gemengerot (also och déi politesch Oppositioun) mussen aktiv an de weider Prozess agebonne ginn. Dozou soll d‘Stad en „Iddie-Workshop“ organiséieren, bei deem déi 7 Participanten um Architekteconcours zesumme mat der interesséierter Ëffentlechkeet un der Weiderentwécklung vun de 7 Konzepter schaffen.

Zousätzlech ass eng breet politesch Diskussioun onerlässlech, mee dës dierf sech net op d‘Ännerunge vum PAG an d‘Ofstëmme vum PAP beschränken. Och sollt d‘Stad Lëtzebuerg, esoubal wéi d‘Awunner feststinn, en „Quartier-Comité“ asetzen, deen ënnert anerem d‘Sproochrouer vun den Awunner ass an och aner Aufgaben zum besseren Zesummeliewen iwwerhuele kann.

Oppe Plaze fir Mënschen amplaz ofgeschotten Tennisterrainen

Fir e liewege Quartier ze schafen ass eng gemëschten Notzung vu Wunnen, Schaffen an Kommerz wichteg. Dobäi sollt awer d‘Prioritéit op der Schafung vu Wunnraum leien. Ausserdeem sollt den neie Quartier eng mat deen ëmleiende Quartiere: Belair, Rollengergronn, Lampertsbierg an dem Stadzentrum vernetzt sinn.

Och bannent dem Quartier fuerdere mir héich Liewensqualitéit an ee Schwéierpunkt op ëffentlech a fräi zougänglech Uerter. Esou sinn eis d‘Ariichtung vun enger grousser zentraler Plaz a ville qualitativ héichwäertege Begéinungsplaze méi wichteg wéi den Erhalt vun de privaten Tennisterrainen. Déi am Laaschtenheft enthalen Tennisterraine brauche vill Fläch, während déi grouss Mass net dovunner profitéiert. Well d‘Tennisterraine vun der Schéiss nëmme 500 Meter wäit ewech sinn, sollt een dëse Beräich méi sënnvoll benotzen.

Zudeem soll och d‘Geschicht vun dëser Fläch net verluer goen: duerch eng nei Notzung vun Zäitzeien, déi erhale bleiwen, kritt de Quartier Charme an Identitéit. Dat gëllt beispillsweis fir Deeler oder d‘Form vum Stadion, déi deelweis an d‘Gestaltung vum neie Quartier afléisse kéinten.

Nei Wunnformen déi d‘Zesummeliewe fërderen

De Quartier bitt Plaz fir ronn 1.000 Wunnengen a bis zu 2.000 Mënschen, dës sollen och hei entstoen. Virun allem an der Locatioun. Wunngemeinschaften, Studenten-, Intergenerationell- an aner alternativ Wunnenge musse virgesinn a Barrièrefräiheet séchergestallt ginn. Fir de Flächeverbrauch ze reduzéieren an d‘Zesummeliewen ze fërdere musse genuch Gemeinschaftsraim (fir Fester oder als Zëmmer fir de Besuch) zur Verfügung stoen. Op Eefamilljenhaiser – déi ee grousse Flächeverbrauch hunn – sollt verzicht ginn.

D‘Stad soll och oppe si fir nei Wunnformen. Selbstverständlech muss den Terrain an ëffentlecher Hand bleiwen an an dësem Fall leedeglech iwwert Ierfpuecht vergi ginn, esou u Baugruppe-Projeten oder Wunngenossenschaften ouni Gewënnzweck.

Am Sënn vun der Ëmwelt: Nohalteg, ekologesch, mindestens Klimaneutral

An Zäite vum Klimanoutstand muss den neie Quartier mindestens Klimaneutral konzipéiert ginn. Besser wier den „Energieplus-Standard“. Dozou gehéiert en innovatiivt Energiekonzept zur Energieeffizienz an zur Produktioun vun erneierbaren Energien. Och ekologesch muss de Quartier nei Moossstief setzen, zum Beispill beim Waassermanagement duerch minimal Versigelung, gréngen Diecher, Reewaassernotzung a villes méi. Och an de Beräicher Offallwirtschaft oder Biodiversitéit sollt dëse Quartier Modellcharakter hunn.

D‘Gebaier sollen no de Kritäre vun der Baubiologie duerchgefouert ginn, mat natierlechen, oppeporege Baustoffer ouni chemesch oder radioaktiv Belaaschtung fir d‘Bauaarbechter oder déi spéider do wunnend Mënschen. Wéinst senger ekologeschen an baubiologesche Virdeeler sollt zum Beispill d‘Holzbauweis a Betruecht gezu ginn. Nieft eng grousser naturnoer Parkanlag sollt et och e puer méi kleng Gréngfläche ginn, déi zur héijer Liewensqualitéit onabdingbar sinn. Zudeem sollten um Terrain genuch Gemeinschaftsgäert virgesi ginn. Leider sinn dës Iddie bis ewell net Deel vum Laaschtenheft fir de Concours.

Méi Liewensqualitéit a manner Smog: en zukunftsorientéiert Mobilitéitskonzept

De Wunnquartier Stade muss nei Moossstief a Punkto Mobilitéit setzen an een innovatiivt Mobilitéitskonzept enthalen, esouwuel bannent dem neie Quartier, wéi och mat den Nopesch-Quartieren an dem Stadzentrum. Den Ausbau vum Tram op der Areler Strooss, e séchere Vëlos- a Foussgängerwee an de Stadzentrum, wéi och eng gutt Ubannung un d‘Nopesch-Quartiere sinn onerlässlech.

De neie Quartier soll autofräi sinn, déi ëffentlech Raim ganz den Uspréch vun de Bierger, Cyclisten a Foussgänger entspriechend ausgeriicht ginn. Selbstverständlech wieren och bei engem autofräien Haushalt all Haiser mat Autoen zum Bee- oder Entlueden zougänglech grad ewéi fir d‘Rettungsdéngschter. Zousätzlech hätt dëse Quartier och en direkten Uschloss un de Carsharing-System vun der Stad an den CFL.

Datselwecht gëllt och fir d‘Vëloen: Statioune vum Léin-Service, iwwerdaacht Stellplazen no bei de Wunnengen an fir d‘Gäscht, ee Vëlo-Reparaturatelier, e Léin-Service fir Laaschtevëloen (Cargobikes), a villes méi.

Dee bestoende Groussraumparking mat senge 400 Plazen op der Areler Strooss soll virrangeg de Bewunner an de Gäscht zur Verfügung gestallt ginn. Op dës Manéier géif wäertvoll Fläch am neie Quartier gewonnen. Falls aus mobilitéitstechnescher Siicht ee Park & Ride am Weste vun der Stad benéidegt gëtt, gehéiert dësen un ee „Pôle d‘Echange“ um Rand, bezéiungsweis ausserhalb der Stad fir keen zousätzleche Verkéier an d‘Stad ze zéien.

Matgedeelt vun déi gréng Stad Lëtzebuerg, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun Wunnquartier Stade © VDL

Ähnlech Sujeten Areler Strooss, déi gréng stad Lëtzebuerg, Stad Lëtzebuerg, Stadion, Wunnquartier Stade
Nächsten Artikel Virrechten Artikel