Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nach keng Eenegung tëscht dem Minister an der Policegewerkschaft
Kultur Neiegkeeten

Nach keng Eenegung tëscht dem Minister an der Policegewerkschaft

Nodeems de Minister fir Bannesécherheet, François Bauch (déi gréng) Ufank

Sportlech Leeschtunge vun de jugendleche Lëtzebuerger zu Buenos Aires
Kultur Neiegkeeten

Sportlech Leeschtunge vun de jugendleche Lëtzebuerger zu Buenos Aires

De 6. Oktober goufe viru ronn 200.000 Spectateuren déi drëtt

Nom Facebook-Skandal entzitt sech Cambridge Analytica der Verantwortung
Kultur Neiegkeeten

Nom Facebook-Skandal entzitt sech Cambridge Analytica der Verantwortung

D‘Reputatioun vun der britescher Firma Cambridge Analytica (CA) war souwisou

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Lautlos

Neie Roman vum Anouk Mahr

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Lautlos

D’Lëtzebuerger Literaturzeen brauch sech ëm hiren Nowuess net allze vill Suergen ze maachen. Op alle Fall net, wann esou jonk Talenter wéi d’Anouk Mahr fir frësche Wand suergen. “Lautlos” ass den éischte Roman an enger nei gestaltener Literaturserie, déi pünktlech fir de 40. Gebuertsdag vun Éditions Guy Binsfeld erschéngt. D’Buch ass säit dem 4. Mee erhältlech.

D’Anouk Mahr beschreift de Kampf vun der zéngjäreger Mutistin Lucinda zréck an en “normaalt” Liewen. Nei Frënn an d’Begéignung mam blannen Hengscht Miracle kréien et hin, déi jonk Fra ze beréieren.

Am Kader vun engem Liesnomëtteg op der Beetebuerger LiteraTour huet d’Éditions Guy Binsfeld de Roman Lautlos, den Debut vun der jonker Lëtzebuerger Schrëftstellerin, virgestallt.

D’Lucinda huet säit Jore keen eenzegt Wuert geschwat. Hatt leit u selektivem Mutismus, enger emotional bedéngter psychescher Stéierung, bei där déi sproochlech Kommunikatioun staark beanträchtegt ass. No ville Visitten an der Klinik an Hausunterrecht ass fir hatt sämtlech Normalitéit verluere gaangen. D’Situatioun ännert sech, wéi d’Famill op eng aner Plaz plënnert an d’Lucinda nees an d’Schoul goe soll. No ufängleche Schwieregkeete lieft et sech an, a mat der Hëllef vu sengem Therapeut an neie Frënn fänkt et un, eng Bezéiung zum blanne Päerd Miracle opzebauen, dat net wäit ewech vun der Schoul op engem Haff lieft. Trotz enger Rei Réckfäll a ville Steng op sengem Wee léiert hatt, datt et vläicht dach net esou eleng ass, wéi et ëmmer gemengt huet. D’Lucinda decidéiert, ze kämpfen – fir säi besuergten Ëmfeld, fir de Miracle, fir sech selwer. Mee huet et dat Schlëmmst wierklech schonn hannert sech bruecht, oder waart nach eng gréisser Erausfuerderung op hatt?

“Eng jonk Autorin schreift mat vill Mutt an erzielereschem Talent eng wonnerbar a beweegend Geschicht.” Jay Schiltz

D’Schrëftstellerin

D’Anouk Mahr gouf am Joer 2000 zu Lëtzebuerg gebuer. Schonn als Kand huet si sech vill Geschichten ausgeduecht, déi si fir d’éischt gezeechent a spéider gekonnt a Wierder ëmgesat huet. Scho mat 15 Joer huet si hir Texter engem gréissere Public virgestallt an direkt déi drëtt Plaz beim Jugendliteraturpräis “Prix Laurence” beluecht.

Weider Informatiounen

Lautlos vum Anouk Mahr
Roman
60 Säiten
Gebonnen
134 x 210 mm
ISBN 978-99959-42-36-6
Präis: 22 €

Ähnlech Sujeten Anouk Mahr, Editions Guy Binsfeld, Lautlos, Literatur, Lucinda
Nächsten Artikel Virrechten Artikel