Search

You may also like

Venezuela: US-Arméi soll hëllefen de Regimm ze stierzen
Neiegkeeten

Venezuela: US-Arméi soll hëllefen de Regimm ze stierzen

Am Venezuela, wou déi politesch Kris ufänkt sech geféierlech Zouzespëtzen,

Jidderee fënnt emol säi Meeschter, esou och am Dammefussball
Neiegkeeten

Jidderee fënnt emol säi Meeschter, esou och am Dammefussball

Zu Beetebuerg kann sech de Racing (RFCUL) dräi wichteg Punkten

Dissens tëscht Warschau a Jerusalem
Neiegkeeten

Dissens tëscht Warschau a Jerusalem

Datt déi ultrakonservativ Regierung, oder villméi d‘Politiker vun der rietspopulistescher

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A13 (09.-11.10.2020)

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A13 (09.-11.10.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt op der Autobunn A13, tëscht dem Rondpoint Biff an dem Echangeur Suessem a Richtung Jonctioun Lankelz de Stroossebelag erneiert gëtt. D’Aarbechten dauere vu Freides, den 9. Oktober 2020 géint 20:00 Auer bis Méindes, den 12. Oktober 2020 géint 6:00 Auer.

Gespaart gi folgend Strecken:

  • D’Autobunn A13 tëscht dem Rondpoint Biff an dem Echangeur Suessem a Richtung Jonctioun Lankelz;
  • Tunnel Biff tëscht der A13 an der N31 a béid Richtungen;
  • D’Bretelle vum Accès wann ee vun der N31B kënnt an a Richtung A13 fiert;
  • D’Bretelle vum Accès vum Rondpoint a Richtung A13.

Folgend Deviatioune ginn ageriicht:

  • Den Trafic, dee vum Rondpoint Biff an der N31 (Péiteng) kënnt an a Richtung A13 fiert, gëtt ëmgeleet iwwert d’N31, den CR175A an den CR175 mat Retour op d’Autobunn A13 a Richtung Jonctioun Lankelz;
  • Den Trafic, dee vun der Jonctioun Lankelz vun der A13 kënnt an a Richtung Péiteng fiert, gëtt iwwert de Rondpoint Biff op d’N31 ëmgeleet.

D’Preparatiounsaarbechte wäerten e Freideg, den 9. Oktober 2020 géint 19:00 Auer ufänken. Bei onvirdeelhafte meteorologesche Konditioune gëtt de Chantier annuléiert.

A13
Related topics Autobunn A13, Chantier, Echangeur Suessem, Rondpoint Biff, Spärung, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag
Next post Previous post