Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

#Zukunftsbësch – 101 Beem fir all eis Grousselteren
Neiegkeeten

#Zukunftsbësch – 101 Beem fir all eis Grousselteren

De Bopa huet Gebuertsdag an dat gëtt grouss gefeiert! No

Ee President, eppes Sarkasmus an ëmmer déi béis Reporter
Neiegkeeten

Ee President, eppes Sarkasmus an ëmmer déi béis Reporter

Nodeems den Donald Trump an de Raum gestallt huet, datt

Sundance Film Festival 2020: Grouss Auszeechnung fir „Yalda, A Night For Forgiveness“
Neiegkeeten

Sundance Film Festival 2020: Grouss Auszeechnung fir „Yalda, A Night For Forgiveness“

Vum 23. Januar bis den 2. Februar sinn beim Sundance

Neie Stroossebelag op der Autobunn A4 (17.-20.07.2020)

Neie Stroossebelag op der Autobunn A4 (17.-20.07.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt et duerch d’Erneierung vum Stroossebelag op der Autobunn A4 zu Spärungen an Ëmleedunge kënnt. De Chantier tëscht dem Zéissenger Kräiz an dem Echangeur Féiz a Richtung Rondpoint Raemerech dauert vun e Freideg, de 17. Juli 2020 géint 20:00 Auer bis Méindes, den 20. Juli 2020 géint 5:00 Auer.

Spärungen

  • Autobunn 4 tëscht dem Zéissenger Kräiz an dem Echangeur Féiz a Richtung Rondpoint Raemerech;
  • D’Bretelle vum Accès vum Zéissenger Kräiz, wann ee vun der Autobunn A6 kënnt an Richtung Autobunn A4 fiert;
  • D’Bretelle vum Accès vun den Echangeure Leideleng-Nord, Leideleng-Sud, Steebrécken a Féiz, wann ee vum Réseau Secondaire kënnt an a Richtung Rondpoint Raemerech a Richtung Autobunn A4 ënnerwee ass.

Ëmleedungen

  • Den Trafic, dee vun der Autobunn A6 kënnt an a Richtung Autobunn A4 ënnerwee ass, gëtt ab dem Gaasperecher Kräiz iwwert d’Autobunn A3, d’Beetebuerger Kräiz, d’Autobunn A13, d’Jonctioun Esch op d’Autobunn A4 a Richtung Rondpoint Raemerech ëmgeleet;
  • Den Trafic, dee vun der N4 an der N13 (Leideleng-Nord, Leideleng-Sud a Steebrécken) kënnt an a Richtung Rondpoint Raemerech ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet iwwert den CR163 (Leideleng), den CR169, d’N4 (Steebrécken) an den CR169 (Féiz) bis bei den Echangeur Schëffleng op d’Autobunn A13 a Richtung Autobunn A4;
  • Den Trafic, dee vum CR164 (Féiz, Monnerech) kënnt an a Richtung Rondpoint Raemerech iwwert d’Autobunn A4 ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet iwwert d’Autobunn A13 an den Echangeur Schëffleng mat Retour a Richtung Autobunn A4;
  • Den Trafic op der Autobunn A4 tëscht dem Echangeur Féiz an dem Echangeur Lalleng a Richtung Rondpoint Raemerech ass op eng Spur limitéiert an et gëllt eng maximal Geschwindegkeet vu 70 km/h.

A4

Ähnlech Sujeten Autobunn A4, Beetebuerger Kräiz, Chantier, Echangeur Féiz, Ëmleedungen, Leideleng, Rondpoint Raemerech, Spärungen, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag, Zéissenger Kräiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel