Search

You may also like

OPGEPASST: Schuedstoffer an den Eeër!
Neiegkeeten

OPGEPASST: Schuedstoffer an den Eeër!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt d’Produiten „Nature Bio Oeufs

Eng noutwenneg Reaktioun op de Verkéierschaos zu Walfer
Neiegkeeten

Eng noutwenneg Reaktioun op de Verkéierschaos zu Walfer

Zanter dësem Méindeg ass zu Walfer Verkéierschaos well d’Stroossen (CR125

Wa jonk Berliner net wëssen, ëm wat et geet
Neiegkeeten

Wa jonk Berliner net wëssen, ëm wat et geet

Berlin – Den 3. Oktober gouf a ganz Däitschland den

En neie Stroossebelag um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (19.-20.07.2020)

En neie Stroossebelag um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (19.-20.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren, datt vun e Sonndeg, den 19. Juli 2020 ab 6:00 Auer op e Méindeg, den 20. Juli 2020 bis 5:00 Auer de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte en neien Tapis kritt. Duerch d’Aarbechte kënnt et zu Ännerungen am Verkéier.

De Boulevard Grande-Duchesse Charlotte gëtt op der Streck tëscht der Avenue Marie-Thérèse an der Avenue du Dix Septembre fir d’Aarbechten gespaart. Ma, och beim ëffentlechen Transport ginn et e puer Upassungen:

  • Linn 15: De Bus, dee vum Hamilius a Richtung P+R Bouillon fiert, gëtt ab dem Arrêt Wampach iwwert d’Avenue du X Septembre an d’Avenue Guillaume a Richtung Rue de Bragance ëmgeleet. D’Haltestellen Rheinsheim a Guillaume falen ewech. An déi entgéint gesate Richtung fiert de Bus säin normale Wee.

Boulevard Grande-Duchesse Charlotte

Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm eng adequat Beschëlderung. D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Aarbechten, Boulevard Grande-Duchesse Charlotte, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Neien Tapis, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag, Trafic, Verkéier
Next post Previous post