Search

You may also like

Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer
Uncategorized

Vun der Drauf bis zum Wäin: Neijoerschpatt mat de Wënzer a Wäibauer

Gëschter Owend ass zu Réimech am Institut Viti-Vinicole, ganz der

Exit-Strategie: Liicht um Enn vum Tunnel?
Uncategorized

Exit-Strategie: Liicht um Enn vum Tunnel?

Eraus aus der Coronakris – Bei der Pressekonferenz vun haut

De Wahnsinn vum Krich: Joresdag fir Hiroshima an Nagasaki
Uncategorized

De Wahnsinn vum Krich: Joresdag fir Hiroshima an Nagasaki

Viru 74 Joer um 6. an 9. August 1945 sinn

En neie Stroossebelag fir de Rondpoint vun der Route d’Esch an der Rue de Hollerich (31.08-01.09.2020)

En neie Stroossebelag fir de Rondpoint vun der Route d’Esch an der Rue de Hollerich (31.08-01.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt de Rondpoint, deen duerch d’Route d’Esch, d’Rue de Hollerich an déi nei Route d’Esch (vun der Autobunn A4 aus) gebilt gëtt, en neien Tapis kritt. Duerch dës Aarbechten ginn et eng Rei Ännerunge fir de Verkéier an ëffentlechen Transport.

Vu Méindes, den 31. August 2020 géint 21:00 Auer bis Dënschdes, den 1. September 2020 géint 5:00 Auer si folgend Strecke fir de Verkéier komplett gespaart:

  • Den Accès ab der neier Route d’Esch a Richtung Rue de Hollerich/Gare;
  • D’Lénks-Ofbéier-Spur ab der neier Route d’Esch a Richtung Route d’Esch/Zentrum;
  • D’Route d’Esch (Streck tëscht der Rue de Hollerich an dem Boulevard Dr Charles Marx) ab dem Gaasperecherbierg a Richtung Zentrum.

Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung vun der Ëmleedung.

Fir den ëffentlechen Transport gëlle folgend Ännerungen:

  • Linn 1/125 a 27: Ab der Place Saints Pierre et Paul gëtt de Bus iwwert d’Route d’Esch, d’Rue de la Deportation an d’Rue d’Alsace a Richtung Gare ëmgeleet. D’Arrêten Jean-Baptiste Merkels a Fonderie a Richtung Gare entfalen, ginn ersat duerch den Arrêt Assurances Sociales Quai 3 (154, route d’Esch).

Wéinst dem Chantier kënnt et zu Verspéidungen. D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Chantier, Deviatioun, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Neien Tapis, Rondpoint, Route d'Esch, Rue de Hollerich, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Stroossebelag, Verkéier
Next post Previous post