Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – de Kandinsky an déi blo Reider
International Neiegkeeten

dating sites with search

Um 22. Januar 1909 huet de Wassily Kandinsky, zesumme mat

https://moien.lu/dating-coach-las-vegas/
International Neiegkeeten

Editorial: Houere Miel, gëtt houere Paangech

Eigentlech interesséiert et keen an awer kritt jiddereen et mat.

D‘Strooss ass keng Rennstreck!
International Neiegkeeten

D‘Strooss ass keng Rennstreck!

D‘Fréijoer ass zu Lëtzebuerg ukomm a mat him dat gutt

Neie Wand iwwert de briteschen Inselen:

„Don‘t mess with BoJo“

Neie Wand iwwert de briteschen Inselen:

Fir den haarde Kampf géint d‘Kriminalitéit unzegoen, huet den neie britesche Premierminister, Boris Johnson, eng Rei Moossnamen an Aussicht gestallt. A senger Kolumne an der „Mail on Sunday“ huet hie sech dozou ausgelooss.

Dofir sollen d‘Rechter vun der Police verstäerkt ginn, esou solle Kontrollen „op Verdacht“ méiglech ginn. „Ech wëll datt déi Kriminell Angscht hunn an net d‘Bevëlkerung“, esou de Premierminister an der Zeitung. Fir déi (Angscht) reell ëmzesetzen, solle kuerzfristeg 20.000 Polizisten agestallt ginn an Prisonge gebaut ginn, déi 10.000 zousätzlech Prisonéier ophuele kënnen.

Wéi et heescht hätt sech de Finanzminister Sajid Javid scho bereet erkläert fir dëse Programm Geld zur Verfügung ze stellen. Eleng fir nei Haftanstalte solle bis zu dräi Milliarden Euro bereet gehale ginn. An dësem Kontext ass nach drop hinzeweisen, datt de Boris Johnson vun der Justiz erwaart, méi haart Strofe géint Gewaltdoten a Vergewaltegungen ze verhänken.

mat indymedia/lon

Foto: © Brian A. Jackson

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Kriminalitéit, Police, Prisong, Sajid Javid
Nächsten Artikel Virrechten Artikel