Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg gënnt sech en A400M
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg gënnt sech en A400M

Déi Lëtzebuerger Arméi besëtzt zanter Abrëll e Militärfliger vum Typ

Blues‘n Jazz Rallye an der Alstad
International Neiegkeeten

Blues‘n Jazz Rallye an der Alstad

Zanter elo 25 Joer organiséiert de Luxembourg City Tourist Office

Wichteg Info fir d‘Vakanz a Spuenien
International Neiegkeeten

Wichteg Info fir d‘Vakanz a Spuenien

Zanter dem 1. Juli mussen d‘Leit déi mam Fliger oder

D’Zuel vun den neien Asylbewerber ass an Europa staark erofgaangen

Zu Lëtzebuerg klëmmt d'Zuel liicht

D’Zuel vun den neien Asylbewerber ass an Europa staark erofgaangen

Nodeems 2015 an 2016 Héchststänn bei den neien Demandeuren fir Asyl erreecht gi sinn, huet sech d’Situatioun an Europa berouegt. Esou goufen et 649.855 nei Demanden am Joer 2017. Domat ass déi niddregst Zuel zënter 2014 (563.345 Demandeuren). 2015 an 2016 gouf et der all Kéiers iwwert 1,2 Milliounen. Zu Lëtzebuerg sinn d’Zuele vun 2.065 op 2.320 ëm 13% geklommen. Dëst erginn aktuell Zuele vun Eurostat.

Syrer, Iraker an Afghanen maachen de gréissten Deel vun den Éischt-Demandeuren aus. 102.385 Syrer (16% vun allen neien Demanden), 47.525 Iraker (7%) an 43.625 Afghanen (7%) hunn an Europa 2017 Asyl ugefrot. Zu Lëtzebuerg sinn d’Syrer och déi gréisste Grupp (405 Persounen, 17%), virun den Eriträer (203 Persounen, 10%) an de Marokkaner (205 Persounen, 9%).

Däitschland ass a bleift Zil Nummer 1

Däitschland kritt et dobäi ëmmer nach mat deene meeschten Demanden ze dinn. Insgesamt 3 vun 10 Demanden komme bei eisen däitsche Noperen eran. Italien kënnt op 20%, Frankräich op 14%.  Däitschland däerf sech awer och iwwert de gréisste Réckgang freeën (-73%).

Trotz dem Réckgang kommen déi zoustänneg Plazen awer net no, fir d’Demanden ze verschaffen. Insgesamt stinn ëmmer nach bal eng Millioun Demanden oppen. Zwar ass d’Zuel erof gaangen (vun 1.094.100 am Joer 2016 op 927.300 Demanden am Joer 2017, mee do gëtt et nach vill ze maachen. Och hei ass Däitschland Spëtzereider mat 443.800 Demanden, déi nach oppe stinn.

 

Ähnlech Sujeten Asyl, Europa, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel