Search

You may also like

Zackeg ënnerwee: Den Dylan Pereira ass Autosportler vum Joer 2019
Stories WTF

Zackeg ënnerwee: Den Dylan Pereira ass Autosportler vum Joer 2019

Ze rennen, wéi ee Biischtebënner huet sech fir verschiddener vun

De Budget fir 2020 steet
Stories WTF

De Budget fir 2020 steet

Gëschter hu se an der Chamber erwaardungsgeméiss de Budget 2020

Justiz an Datesécherheet ginn net Hand an Hand
Stories WTF

Justiz an Datesécherheet ginn net Hand an Hand

Nodeems Mediahuis iwwert eng exklusiv awer detailléiert Asiicht a bei

surprise

Mam neien Audi A8 fräihänneg an de Büro

Mam neien Audi A8 fräihänneg an de Büro

Enn leschter Woch gouf am Garage Losch an der Diddenuewener-Strooss déi iwwerschaffte Versioun vum Audi A8 virgestallt. E Bijou op véier Rieder an deem masseg innovativ Technologie stiechen. Domatter kritt esouwuel BMW wéi och Mercedes esou richteg Konkurrenz.

An de Luxusliner aus Ingolstadt huet et dann och fauschtdéck hannert den Oueren. Hightechraffinessë wou een hikuckt, a selbststänneg fuere kann en och nach. Esou setzt een Akzenter och wann de Client schonn eppes méi déif an d‘Täsch muss gräifen. An der Basisversioun mam 3 Liter Motor (Diesel- oder Bensin) läit een ouni Optioune gutt iwwer 80.000 Euro.

Den neien A8 ass dann awer eng Limousin déi engem Loscht op Extravaganze mécht. Do wier zum Beispill dat héichautomatiséiert Fueren. Ee vun de Beräicher an deenen Audi sech kloer vun de Konkurrenten ofsetzt. De Staupilot, deen dank enger onwahrscheinlech héijer Prozesserleeschtung dat eegestännegt fuere beherrscht wéi keen aneren Auto, sollt een dann och beim Kaf einfach berécksiichtegen.

Intelligenz ass alles

Den autonome Staupilot entbënnt de Chauffer quasi vu senge Flichten. Dee muss de Verkéier net méi wierklech am A hunn, kann d‘Hänn vum Steier huelen an sech entspaant mat anerem beschäftegen. Bis Tempo 60 iwwerhëlt den A8 déi vollstänneg Kontroll duerch den zéiflëssege Verkéier. Dat ass méiglech, well eng ganz Rëtsch Radar- an Ultraschallsensoren, optesch Kameraen an e Laserscanner permanent d‘Ëmfeld iwwerwaachen.

An all d‘Systemer si redundant, also duebelt ofgeséchert, ähnlech wéi an engem Fliger. Et ass allerdéngs net fir anzeschlofen, woubäi de Staupilot sech no enger kuerzer Virlafzäit bemierkbar mécht an de Chauffer opfuerdert d‘Steier nees an de Grapp ze huelen. Mécht deen dat net, da bleift den A8 vun eleng stoen. Wat eis ganz gutt gefall huet, ass de Fait, datt wann een an enger Autoskolonn ënner 30 Km/H fiert, de Staupilot automatesch de baussechte Rand vun der Spuer upeilt. Esou gëtt séchergestallt, datt sech eng Rettung-Gas fir d‘Rettungsdéngschter ka bilden.

Technesch betruecht beherrscht den neien A8 dat autonoomt fuere bis zum Niveau dräi mee hei feelen dann nach déi gesetzlech Autorisatiounen. Audi schafft awer drun an d‘Verhandlunge mat de kompetenten Autoritéite schénge gutt ze lafen. Wann déi Hürde geholl sinn kann den A8 fir d‘pilotéiert fuere fräigeschalt ginn.

Selwer parke war gëschter

Wann een d‘Optioune voll ausreizt, kritt een eng Limousin mat bis zu 41 Systemer. Vollautomatesch aparken ass eent dovunner. Aktivéiert een de Programm, setzt den A8 selbstänneg de Winker, wiesselt grad esou selbststänneg de Gang a manövréiert ganz relax hannerzeg an d‘Parkplaz. Et muss een hei weder Gas ginn nach bremsen.

Besonnesch flott a gutt iwwerluecht, de Parkassistent mierkt sech d‘Parkplaz och wann ee laanscht gerullt ass a seet engem Bescheed. Hëlt een d‘Offer un, taascht sech den A8 nees lues a ganz vun eleng zréck. Mee dat wat eis dann elo am beschte beim Parkassistent gefall huet, dee kann dat och bei Garagenafaarten. A sollt et emol richteg enk sinn, da klëmmt een eraus an et dirigéiert een säi Gefier via eng Smartphone-App.

Touchscreen statt Knäppercher

Bei Audi ass villes anescht an am A8 souwisou. Fir dat festzestelle geet e Bléck an den Interieur duer. Gutt den digitale Cockpit misst bekannt sinn, mee och soss steet een hei virun engem ganz neie Konzept. Et gëtt kaum nach Knäppercher oder Schalter, dofir e groussen Touchscreen am ënneschte Beräich vun der Mëttelkonsol. Dee kann een dann och personaliséieren: Favoritte wéi Navigatiounszeil, Telefonsnummeren an esouguer déi eege Playlist loossen sech ganz bequem en engem separaten Zeilefeld ofspäicheren an sinn esou ëmmer direkt erreechbar.

Wie seng Fangere léiwer um Steier huet, dee kann datt ganzt iwwert d‘Sprooch steieren. Am neien A8 geet dat mat Online-Ënnerstëtzung, wat erkläert, datt och ganz Sätz verstane ginn. Verseet den Assistent de Chauffer emol eng Kéier net, freet en no. Eisen huet gutt héieren an d‘Bedénge war super komfortabel.

Et gëtt och eng „laang“ Versioun

Den A8 a senger neier Versioun ass nëmme minimal gewuess a huet elo eng längt vun 5,17 Meter. Hei huet een dann och richteg gutt Plaz, wat de nei geformte Sëtzer geschëlt ass. Wiem et awer net sollt duer goen, dee kann sech da fir déi laang Versioun entscheede, déi ass nach emol 13 Zentimeter méi laang. Hei erfreet e sech als Passagéier dann och iwwert Eenzelsëtzer. Nieft der Méiglechkeet sech richteg gemittlech auszestrecken, gëtt et hei eng helle Wull un Optiounen, déi mer elo awer net konnten testen.

A selwer fuere mécht jo och bekanntlech méi Spaass. Serieméisseg verfüügt den A8 iwwert e Loftfuerwierk an hei kann een als Optioun och nach d‘Loftfiederung matbestellen. Déi schafft elektromechanesch a gëtt vun engem 48 Volt-Bordnetz gespeist. Den Trick hannert dem Komfort verstoppt sech dann allerdéngs hannert der Kamera vun der viischter Fënster. D‘Fiederung ass mat dëser verbonnen a kann esou Buedemwellen oder Lächer an der Strooss am viraus erkennen.

Weise mer nach schnell op eppes hin wat eis och gutt gefall huet. Dank der optionaler Allradlenkung kënnt esouguer déi laang Versioun vum A8 och an der Stad nach ëm all Eck ouni datt ee sech een ofrenkelt. Bei eppes méi héijer Vitesse suergt d‘Allradlenkung fir méi Agilitéit.

Hybrid ass „Hipp“ och am A8

En A8 ass ni ënnermotoriséiert an et kéint een dann och mengen datt sech datt un der Pompel bemierkbar mécht. Well awer all d‘Motoren als „doucen“ Hybrid ausgeluecht sinn, stëmmt dat esou net. E kléngen Elektromotor ënnerstëtzt de Verbrenner an erlaabt eng Erspuernis vun am Schnëtt 0,7 Liter/100Km.

Motorméisseg ass den A8 dann och gutt ausstafféiert. Fir den Ament kritt een dësen Audi mat engem Dräiliter-Diesel (286 PS) oder engem gläichermoosse grousse Bensiner (340 PS). Ab 2018 kann ee sech da fir déi 8-Zylinder Versioun oder déi 12-Zylinder Variant entscheeden. Virgesinn ass hei och ee Plug-in Hybrid mat 449 PS an enger induktiver Luedfunktioun. Et brauch een also kee Kabel méi fir de Stroum ze zapen.

A fir nach e Moment beim Motor ze bleiwen, do huet sech dann och op der Karosserie eppes geännert. Esou steet hannen op der Mall net méi wéi gewinnt den Hubraum, mee e Kierzel fir d‘Leeschtung a Kilowatt. Bei Audi huet een elo mam A8 ugefaangen an all déi aner Modeller sollte bis zum Summer 2018 op mat der neier Typpebezeechnung ausstafféiert ginn. Dat ass dann elo eppes wourunner ee sech muss gewinnen.

Foto: © Audi Zentrum Ingolstadt/Karl Brod

Related topics Audi A8, Garage Losch
Next post Previous post