Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En neie Fliger fir d‘Luxembourg Air Rescue
International Neiegkeeten

speed dating bahrenfeld

Virun zwee Deeg ass en ukomm. De Learjet 45XR mat

mafia city dating
Trump op Staatsbesuch a Japan
International Neiegkeeten

Trump op Staatsbesuch a Japan

Et ass dem Donald Trump säin éischte Besuch am Land

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen
International Neiegkeeten

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen

„Dee bei enger Messerattack schwéier blesséierte Buergermeeschter vun Danzeg, Pawel

E neien Traité fir d‘Scheedung mat Groussbritannien ze verhënneren?

De fréiere franséische President Sarkozy wëll genee dat

E neien Traité fir d‘Scheedung mat Groussbritannien ze verhënneren?

An engem längeren Entretien mam „Le Point“ huet de fréiere franséische President Nicolas Sarkozy sech op en neien europäeschen Traité beruff „deen d‘Spillregele vun der EU grondleeënd verännert an d‘Scheedung (Brexit) mat Groussbritannien verhënnert“.

Virun den Europawahle vum Mee 2019, kann et nëmmen eng Prioritéit ginn: „en neien Traité op den Dësch leeën, fir dat Europa vun der Zukunft ze definéieren an d‘Spillregele grondleeënd ze veränneren“, esou de Republikaner, Nicolas Sarkozy. Mee „Les Republicains“ (LR) ginn derzäit vum Laurent Wauquiez dirigéiert, déi deemnächst hir Kandidatelëscht solle presentéieren.

Den Nicolas Sarkozy ënnersträicht, datt et him ëmmerhi gelonge war „déi franséisch Konservativ während enger Dose Joer ze féieren, an et him dobäi ëmmer gelongen ass, eng Kohäsioun tëscht de Federalisten – den Euroskeptiker wéi ee seet – an de Souverainisten ze erhalen. En neien Traité géif et erlaben de Briten eng Propose ze maachen, fir am „Europa vu Muer“ ze bleiwen.

Utopie ass keng Léisung

Hei géif et sécherlech manner Kompetenzen, mee déi wieren dann awer besser „liesbar“. „Mir sinn derbäi déi zweet europäesch Wirtschaftsmuecht ze verléieren, an dat eenzegt wat eis de Moment beschäftegt: d‘Konditioune vun der Scheedung. Dat ouni sech d‘Fro ze stellen, op dës Scheedung ka verhënnert ginn. Ech sinn iwwerzeegt datt se ze verhënneren ass“, esou de Nicolas Sarkozy.

A wat de fréiere franséische President ënnert dem „Europa vu Muer“ versteet, huet hien och erkläert: „…seng Prioritéit muss d‘Schafe vun engem eenzege Maart sinn, an eng Dose primär Politike wéi d‘Landwirtschaft, Industrie, Konkurrenz, den Handel an d‘Fuerschung (…) Alles anescht muss dem Kompetenzberäich vun de Länner ënnerstallt ginn“.

Den Nicolas Sarkozy mengt och: „D‘Fro vun der Migratioun, kann net méi vun engem onbekannten EU-Kommissär geréiert ginn, deen zudeem keng politesch Legitimatioun huet. Dës Fro muss vun enger europäescher Regierung, zesummegestallt aus den Inneminister, déi ënnert sech e President wielen, an demokratesch Verantwortung huelen. Frontex muss deem ënnerstallt ginn“.

mat AFP

Foto: (Archivbild) De Nicolas Sarkozy, fréiere President vu Frankräich an der rietskonservativer Partei „Les Républicains“, deet nees vu sech schwätzen. Hie Mengt datt et duer geet, d‘Spillregele vun der EU mat engem neien Traité nei ze definéieren, fir e Brexit ze verhënneren. © Frederick Florin/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, Europawahlen 2019, Frankräich, Les Republicains, Nicolas Sarkozy
Nächsten Artikel Virrechten Artikel