Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Handwierk ginn d‘Aarbechter aus
Neiegkeeten

Dem Handwierk ginn d‘Aarbechter aus

An der Handwierkerkummer ass et eng Leier déi sech zanter

Vu Muffeljuegd zu Hetzjuegd op de soziale Medien
Neiegkeeten

Vu Muffeljuegd zu Hetzjuegd op de soziale Medien

Scho wäit am viraus ass déi ominéis Juegd vum 29.

Steierreform a sozial selektiv Steiermesuren
Neiegkeeten

Steierreform a sozial selektiv Steiermesuren

Här Finanzminister Pierre Gramegna, D’Steierverwaltung huet ee vun de wichtegsten

En neien Tapis fir d’Rue Père Dominique Pire an Rue de Trèves (4. -6. Juni 2020)

En neien Tapis fir d’Rue Père Dominique Pire an Rue de Trèves (4. -6. Juni 2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Societéit Creos Luxembourg S.A. informéieren, datt an der Rue Père Dominique Pire de Stroossebelag erneiert gëtt. D’Aarbechten dauere vum Donneschdeg, de 4. Juni um 6:00 Auer bis Freides, de 5 Juni um 20:00 Auer. An der Rue de Trèves gëtt den Tapis vu Samschdes, de 6. Juni um 6:00 Auer bis Sonndes, de 7. Juni um 18:00 Auer nei gemaach.

Duerch dës Aarbechten ginn et eng Rei Ännerungen am Verkéier. Heizou gehéiert:

  • Rue Père Dominique Pire
    D’Strooss ass wärend de ganzen Aarbechte gespaart, weder Zirkulatioun, nach d’Stationéiere sinn erlaabt. Bewunner vun dëser Strooss sollen hiren Auto ausserhalb vun der Strooss parken, wëll den Zougang zu de Garagen vu 7:00 bis 18:00 Auer net méiglech ass.


  • Rue de Trève a Boulevard Charles Simonis
    • Samschdes, de 6. Juni: De Streckenofschnëtt vun der Hausnummer 204 bis 204 an der Rue de Trèves, sou wéi de Streckenofschnëtt tëscht der Rue de Trèves an der Rue Léon Kaufmann vum Boulevard Charles Simonis si gespaart. Ab 6:00 Auer dierf hei weder gefuer, nach stationéiert ginn. Den Accès zu de Garage gëtt de Bewunner vun der Rue de Trèves zu all Ament garantéiert.
    • Sonndes, de 7. Juni: Vu 6:00 bis 18:00 Auer sinn d’Rue de Trèves an de Boulevard Charles Simonis komplett gespaart. Persounen, déi hiren Auto un dësem Dag brauchen, sollen ausserhalb vun der concernéierter Zon parken.

Ännerungen beim ëffentlechen Transport

  • Linne 7 an 25: Vun Donneschdes, de 4. Juni bis Samschdes, de 6. Juni entfält den Arrêt Cents-Kierch a gëtt ersat duerch den Arrêt Robert Bruch an Cents-Hamm Halte CFL;
  • Linn 14: Sonndes, de 7. Juni kann de Bus net duerch d’Cité Henri Frommes fueren. Vun 6:00 bis 10:30 Auer entfalen d’Arrêten Robert Bruch Quai 3, Gabriel de Marie, Charles de Tornaco, Arthur Knaff, Jules Salentiny, Cents-Kierch Quais 1 an 2, Tawioun a Fort Dumoulin Quai 1. D’Buslinn gëtt an zwou Richtungen iwwert d’Rue des Pommiers ëmgeleet a bleift bei den Haltestellen Fetschebur, Pommiers, Nic Rollinger a Fort Dumoulin Quai 3 stoen.

Rue de Trèves

Den Zirkulatiounsservice vun der Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung. D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Ähnlech Sujeten Ëffentlechen Transport, Rue de Trèves, Rue Père Dominique Pire, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Stroossebelag, Tapis, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel