Search

You may also like

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 5
Neiegkeeten

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 5

[onionbuzz quiz-id=87][/onionbuzz] Wéi gutt kenns du deng Gemengen oder d‘Landkaart

D’Stauséi-Gemeng huet en neie Schäffen!
Neiegkeeten

D’Stauséi-Gemeng huet en neie Schäffen!

No der ministerieller Veruerdnung vum 30. Juni 2020 ass de

Kongress a Wäisst Haus leien sech an den Hoer
Neiegkeeten

Kongress a Wäisst Haus leien sech an den Hoer

Zu Washington geet d‘Gestreits tëscht dem Kongress an dem Wäissen

Neien Temperaturrekord zu Lëtzebuerg

Neien Temperaturrekord zu Lëtzebuerg

Mat 35,2°C déi gëschter de 15. September zu Steesel gemooss goufen, huet Lëtzebuerg sech en neien Temperaturrekord fir de Mount September geséchert. No der Auswäertung vu sengen 32 Wiederstatiounen am Land, huet de staatleche Wiederdéngscht AgriMeteo vun der ASTA dann elo festgehalen, datt dëst déi héchsten Temperatur ass, zanter 1838 d‘Wieder hei opgezeechent gëtt.

Bis gëschter war dee wäermsten Dag vum Mount, dee vum 6. September 1949, wou op der Musel, zu Gréiwemaacher 34°C gemooss goufen. Dëse Rekord ass gëschter direkt siwe mol gebrach ginn: zu Bettenduerf (34,7°C), Gréiwemaacher (34,2°C), Kënzeg (34,3°C), Récken (34,2°C) Réimech (34,1°C), Réiser (34,4°C) an Trënteng (34,1°C). Et ass awer ee bedenkleche Rekord esou d‘ASTA.

Kee Wonner dat ee menge géif et wier een nach matten an der Vakanz. Et gëtt trotz Schoulrentrée gutt a gären op der Terrass vum Restaurant giess, an virun allem dat herrlecht Wieder genoss. Mee och d‘Terrasse vun de Bistroen si gutt gefëllt, grad wéi nach vill jonk Mënschen d‘Kinnekswiss an aner Parke belageren. Den Hiecht weist sech also vun enger villverspriechender Säit kéint ee soen.

A wann et dann och sécherlech ganz flott ass, et dierft besonnesch eis Krapperten a Knetzelen dovunner profitéieren, esou sollt ee bei aller Freed net aus den Ae verléieren, datt dat och mam Klimawandel zesummenhänkt. Bei allem Genoss deen engem dëst Wieder zu deel gi léist sollt en dat ne vergiessen. Et muss sech och dëser Kris elo tatkräfteg ugeholl ginn, wat net einfach ass.

D‘Covid19-Kris, eng Wirtschaftskris déi schonn do ass, awer nach net wierklech gespuert gëtt an eben d‘Klimakris, déi aus wéi enge Wirtschaftsgrënn och ëmmer vu ville verleegent gëtt; et ass den Ament alles anescht wéi einfach, an awer muss sech dem gesellschaftlechen Ëmbau, der dréngend noutwenneger Opstellung ugeholl ginn. D‘Leit dovunner ze iwwerzeegen ass alles just net einfach.

Foto: De Parc Pescatore weist sech an dësem September nach emol vu senger summerlecher Säit © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics AgriMeteo, ASTA, Lëtzebuerg, September, Temperaturrekord
Next post Previous post