Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

MPLA hält sech no Wahlen an Angola un der Muecht
https://moien.lu/law-of-attraction-dating-tips/

MPLA hält sech no Wahlen an Angola un der Muecht

D‘Partei un der Muecht am Angola huet, erwaart an ouni

https://moien.lu/largest-german-dating-site/
https://moien.lu/law-of-attraction-dating-tips/

Flashmob géint sexuell Gewalt – wéi ass et gelaf?

Am Kader vun der Konferenz, déi am Kampf géint sexuell

Venezuela: Dissident Juan Guaido wëll zréck op Caracas
https://moien.lu/law-of-attraction-dating-tips/

Venezuela: Dissident Juan Guaido wëll zréck op Caracas

De Juan Guaido, selwer ernannten „Interimspresident“ vu Venezuela huet seng

Neien trauregen AIDS-Rekord zu Lëtzebuerg

Neien trauregen AIDS-Rekord zu Lëtzebuerg

Wann de Problem an d‘Ursaachen och am grousse ganze bekannt sinn, esou sinn d‘Zuelen déi aus dem Aktivitéitsbericht vum AIDS-Iwwerwaachungscomité bedréckend. Dat bestätegt dann och d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch.

D‘Ministesch leet dann och grousse Wäert op d‘Präventioun. „Mir maache vill Campagnen déi sech géint den Tabu stellt, deen et nach a villen anere Länner gëtt“, ënnersträicht d‘Lydia Mutsch bei der Presentatioun vum Aktivitéitsbericht, a füügt bäi „d‘Zuele gi keng Satisfaktioun“.

Wieder déi een dat och bei geneeër Betruechtung net relativiséiere kann. 98 nei Fäll, dovunner 73 Männer an 25 Fraen, sinn en traurege Rekord. Schonn an de Jore virdrun (2015 – 94 an 2014 – 97 nei Fäll) waren d‘Zuele schlecht.

Et muss ee méi bewosst Léift maachen

Och wann, wéi den Dr. Vic Arendt am Rapport ze bedenke gëtt, d‘Joren sech follegen a gläichen, muss engersäits gewosst sinn wourunner et läit a wéi eng Mesure erfollegräich kéinte sinn, dem Problem ze begéinen. Bei den heterosexuelle Mënschen (+39) an den homo- respektiv bisexuelle Mënschen (+32) kann eng geziilten Opklärung a Präventioun scho Verbesserunge bréngen.

Wie mat verschiddene Partner Sex huet, ass deemno gutt beroden, well et eben net méiglech ass bei all Partner dovunner auszegoen, datt dee keng sexuell iwwerdrobar Krankheet kann hunn, sech mat engem Kondom ze schützen. Woubäi der vill, well se selwer och keen „Depistage“ gemaach hunn, eventuell selwer anerer „ustieche“ kënnen.

Sex ass ebe Spaass mat engem héije Risikofacteur deen een net sollt ënnerschätzen oder bagatelliséieren. An do ass jo dann och net nëmmen Aids e Risk deen engem d‘Loscht ka vergoe loossen. Mat enger „Mutz fir de Wutz“ ass jidderengem gehollef, a sech selwer am meeschten.

Gréisste Risk besteet an der Drogenzeen

Bei den uewe genannten Zuelen, muss een sech dann awer bewosst, sinn datt op déi gesamt Populatioun gesinn, een hei nach e verhältnesméisseg klenge Prozentsaz huet. Trotzdeem sinn et der 71 ze vill. An der Drogenzeen, wou et 21 nei AIDS-Infektioune gëtt, bei enger Populatioun déi (geschätzt) bei 2.000 – 2.500 läit, trëfft et een vun honnert.

Besonnesch de „Fixer“ also e Mënsch dee sech seng Drogen intravenös aschéisst ass engem héije Risk ausgesat. Zanter 2014 ass d‘Zuel net méi zréck gaangen. Vu Januar 2013 bis Dezember 2016 sinn esou 67 nei Fäll registréiert ginn. 86% vun dëse Patiente waren dann och vum Hepatite-C Virus mat infizéiert an 62,5% waren an engem Substitutiounsprogramm.

D‘Ministesch dozou: „Déi notabel Steigerung vun der Zuel vun den Infektioune bei intravenösen Drogekonsumenten an de leschte Joren ass Besuergnesereegend. Dat ëmsou méi Lëtzebuerg eng grouss Variatioun un Offere bereet hält déi de Risk erofsetzt“.

Polytoxikomane setzen sech grousser Gefor aus

D‘Konsumverhalen an d‘Offer vum Marché sinn e grondleeënde Problem. Säitens dem Ministère an dem Comité gëtt festgehalen, datt et net genuch Strukture gëtt, och wann elo Esch eng „eege“ Fixerstuff kritt. Den Dr. Vic Arendt ass der Meenung, datt et där an der Stad mindestens zwou misst ginn.

Dobäi erweisen sech grad déi Strukturen als „effizient“. 2016 hunn se 423.000 Sprëtzen ausgedeelt. Dat mat engem „taux de récupération“ dee bei 94% läit.

Do wou dann elo d‘Kromm an der Heck läit, ass de Kokain, an hei besonnesch dee wou intravenös ageschoss gëtt. Duerch de Konsum vu Kokain, verléieren déi meescht hiert sozial‘t Ëmfeld. Se rutschen iwwert de Rand vun der Gesellschaft eraus, verléieren net nëmmen Aarbecht, Wunneng a Krankekeess, mee all Kontakt zu Netzwierker déi hinnen eng gewësse Stabilitéit kéinte bréngen.

Geziilt agräifen

Fir deem ze begéinen, plädéiert de Comité fir geziilten Aktioune bei Drogekonsumenten. Dat ausserhalb dem gängege Kreeslaf. Méi Präventiounsmesuren um Terrain an d‘Aféiere vun enger universeller Ofdeckung am Krankheetsfall mussen zum droe kommen.

En weider Mesure déi am Raum steet, an och scho bei wéinege Leit ugewannt gëtt, ass déi prophylaktesch Präexpositioun (PrEP) bei de „Fixer“. Eng Mesure déi als zousätzlechen Outil an der Präventioun unzegesinn ass.

An deem Kontext begréisst de Comité fir d‘Iwwerwaachung vum AIDS, d‘Entscheedung vum Gesondheets- a Sozialversécherungsministère d‘Käschte fir de PrEP ze iwwerhuelen. Dat an engem Pilotprojet fir an enger éischter Phase Erkenntnisser ze sammelen. De Projet leeft zanter dem éischten Abrëll an ass domadder no Frankräich a Norwegen dat drëtt Land dat dësen Outil asetzt.

Den Depistage ass wichteg

Dat et ëmmer nach Leit gëtt, besonnesch déi wou sech dem Risk aussetzen, well se de „Gummi“ fir iwwerflësseg oder lästeg halen, ass eng weider Suerg vun der Ministesch an den Dokteren. Dank engem gudden Outil vun der ECDC (Europäeschen Zenter fir Krankheetskontroll) kann dovunner ausgaange ginn, datt 87% vun de Leit mat AIDS diagnostizéiert sinn.

Dorausser ergëtt sech, datt et zu Lëtzebuerg 1.065 Leit gëtt déi de Virus hunn. Leider ass et awer elo esou, datt der heivunner (geschätzt) 13% et net wëssen, well se keen Test gemaach hunn. De Problem läit dann och doranner, datt nëmme Leit en Traitement kënne kréien, vun deene gewosst ass dat se AIDS hunn.

Nach méi Opklärung a virun allem d‘Bewosstsinn vun eis alleguerten, kann do net nëmmen nëtzlech sinn mee dee Beitrag leeschten, d‘Infektioun an de Grëff ze kréien. Wann een dem AIDS schonn net ka lass ginn, esou sollt een awer alles dru setzen enger Verbreedung ze begéinen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten AIDS, Drogen, Gesondheet, Lydia Mutsch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel