Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De renovéierten INL: endlech ass et offiziell!
Kultur Meenung Neiegkeeten

De renovéierten INL: endlech ass et offiziell!

Mat vill Gedauschs ass e Freideg de renovéierten INL (Lëtzebuerger

European Hillrace 2019: D’Gewënner vun der Biergcourse
Kultur Meenung Neiegkeeten

European Hillrace 2019: D’Gewënner vun der Biergcourse

Fir d’Visiteure war den European Hillrace 2019 nees een rasant

Et ass mam Kierchefong wéi mat de Kierchemänner… net wäit hir
Kultur Meenung Neiegkeeten

Et ass mam Kierchefong wéi mat de Kierchemänner… net wäit hir

De Verwaltungsrot vum Kierchefong, deen den 1. Mee 2018 am

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 1)

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 1)

En neien Ufank kann een ganz ënnerschiddlechst interpretéieren, dat weisen dës Textpassagen. Ech hunn e puer Lëtzebuerger Auteuren gefrot, wéi si dat definéiere géingen. D’Äntwerten sinn interessant an allkéiers grondverschidden. Se stëmmen nodenklech – wahrscheinlech well an all Zeil e Kär Wourecht drastécht!

Maacht Iech Äert eegent Bild:

Jean Back

En neien Ufank?

Jidderee schwätzt elo dervun. Ewéi wann d’Krise vun der postindustrieller Zäit net scho längst programméiert gewiescht wären. Ewéi wann net scho längst gewosst wär, dass et zu engem zolitten Ëmdenke muss kommen, op alle Pläng: an der Wirtschaft, der Ëmwelt, der Produktioun, dem Konsum, der Manéier, wéi mer mateneen ëmginn, dem Tourismus, Transport, sécher awer an der Politik.

A virun allem sollt déi international, schwätz virun allem déi europäesch Zesummenaarbecht ausgebaut a verstäerkt ginn. Si ass den eenzege Schlëssel, fir zu nohaltegen, liewenswäerten a méi gerechte Gesellschaftsmodeller ze fannen. An alle Länner. Op alle Kontinenter. Dat soen ech net eleng. Dat liesen ech a ville Kommentaren, Analysen, Texter, déi mech beandrocken an déi mer hëllefen d’Situatioun vun haut besser ze verstoen.

Wat d’Literatur ugeet, bleift mer vill Zäit fir ze schreiwen. Awer ech géing gär op deen exzellente Bäitrag hiweise vum sloweneschen EUPL 2016 (European Union Prize for Literature) Gewënner Jasmin Frehli, dee mer frëndlecherweis erlaabt huet, säin Text op menger Facebooksäit ze publizéieren. Hei e kuerzen Extrait:

… As writers, we are now not allowed to succumb to either despair, rage, or guilt. The vast majority of people now seek their daily solace in art. Once they have seen all the great movies, have felt their brain growing numb in front the TV and the social media streams, they, perhaps for the first time in many years, pick up a novel. And maybe they then realize that in this dialogue across cultures, across languages and centuries, there is another voice growing stronger in their minds and that this is not the voice of the author whose work they hold in their hands. It is their own voice. Many have not heard it in a long time, many are now surprised that it is still there, that it is more agile than they’ve thought, more able than they’ve remembered. This is a good thing, because they will need it. …

Deem hunn ech als Auteur näischt derbäi ze setzen.

Neien Ufank

De Jean Back © Cornischong / CC BY-SA 1.0

Joseph Kayser

Viru Jore gouf ech gewuer, dass engem fréiere Lafkomerod Folgendes geschitt ass:
Hie stoung an der Kantin an der Schlaang an op eemol ass him de Plateau aus der Hand gerutscht an en ass zesumme gaangen. Wéi hien e puer Woche méi spéit aus dem Koma erwächt ass, wousst hien net méi, wien hie wär an huet och keen anere méi erkannt. Hien huet nees misse léieren ze schwätzen an ze goen, mee hien huet ni méi erausfonnt, wien hien eng Kéier war. Och déi aner Leit ronderëm, seng Famill a seng Frënn, si fir hie Friemer bliwwen.

Wéi ech him begéint sinn, wousst ech dat, an ech hunn him dervun erzielt, wéi mir fréier zesummen trainéiert hunn an op d’Côte an d’Vakanz waren. Hien hat e Bichelchen derbäi, huet sech mäin Numm opgeschriwwen an e puer Stéchwierder vun “eiser” Geschicht, déi eis verbonnen huet.

Am aktuelle Kontext vun deem elo vill beméiten Thema “Neiufank” fannen ech, dass dës Geschicht eigentlech alles an de Schied stellt. Jidderee war vläicht schonn emol an enger Situatioun, wou en duerch e Stierffall, eng Scheedung oder soss e schwéiere Schicksalsschlag, huet misse vu vir ufänken.

Et soll een also relativéieren an net mengen, well ee vläicht dës oder déi Gewunnecht muss änneren, ob e bësse Fräiheet muss verzichten oder a sengem Komfort ageschränkt ass, stéing een elo virun engem “Neiufank”. De Mënsch bleift e Mënsch. An e puer Wochen oder Méint ass dësen Episode hannert eis a mir wäerten, bis op e puer Ausnamen, nees an eisem alen Trott sinn.

Mee et kann een et jo och ganz individuell a simplistesch betruechten. Fir mech ass en Neiufank ëmmer dann, wann ech nees virun engem wäisse Blat Pabeier sëtzen a mat mengem nächste Buch ufänken.

Neien Ufank

De Joseph Kayser © Lisa Folschette! Dazzed Lizzi

Maryse Krier

Fir mech wier et en neien Ufank no der Coronakris, wann et eis esouwuel a politescher, wirtschaftlecher wéi och a perséinlecher Hisiicht gelénge géif, net nëmme vu Verännerungen ze schwätzen, mee se och ze realiséieren. Mir missten eng Léier doraus zéien, dass mir z.B. mat vill manner auskomme kënnen, wéi dat bis elo de Fall war.

Mir mussen net dauernd Neies kafen a mir mussen och net dauernd mam Fliger op déi entleeënst Plaze fléien. Eise kapitalistesche System ass awer dorop opgebaut, dass mir ëmmer méi konsuméiere sollen an dass déi Räich ëmmer méi räich ginn. Wärend dëser Kris gesäit ee jo och erëm, dass et grad déi sinn, dee sech ënnen op der sozialer Leeder befannen, déi am meeschte leide mussen.

Vill gëtt och doriwwer geschwat a geschriwwen, dass d’Kris eis léiere géif, méi op eis Matmënschen anzegoen an hinnen ze hëllefen, wann si Hëllef brauchen. Et wier schéin, wann dat eng Lektioun fir d’Zukunft wier a mir eis och no der Kris wéineger egoistesch an egozentresch behuele géifen.

Neien Ufank

D’Maryse Krier © Maryse Krier / kriermaryse.lu

Sascha Dahm, keen Auteur – awer ganz kënneg an eiser Literaturwelt

En neien Ufank – En neien Ufank géif ech, ganz spontan, zweedimensional gesinn.

En neie sozialen Ufank: Et fält ëmmer méi op, datt een eleng net vill areeche kann… Wann een net zesummeschafft, da gëtt eng grouss Situatioun schwéier ze bewältegen. Dat weist sech am beschten, wa jidderee sech muss un eppes hale fir sech a virun allem fir déi aner.

Dat kann awer en Ufank sinn, vun enger Solidaritéit déi entsteet; datt ee mierkt, wéi wichteg et ass, Problemer ze léisen a mateneen ze schwätze fir dëst ze erreechen. Attacken, Angscht a Panik si schlecht Conseilléieren, mee Léisungen, Hëllef an Nächsteléift kann dozou bäidroen, eppes ze erreechen.

En neien Ufank ekonomescher Natur: Och do kënnt Solidaritéit fir – et fänkt een u sech em Saache wéi Aarbechtskonditiounen an Existenzen ze suergen. Kaf lokal – ënnerstëtz eng Famill, e Papp, eng Mamm, d Kanner… Du wëlls wësse wou deng Produiten hierkommen a wéi se hiergestallt ginn, an do vertraus de deem, deen der hei méi no ass. Esou kann en neien Ufank entstoen, wat Lokalbutteker a Lokalindustrie ugeet.

Anouk Mahr

Heiansdo mussen d‘Leit ‚gezwonge‘ ginn, an sech eranzegoen an den Afloss vu baussen auszeschalten. Niewent all den negativen Auswierkunge kann och eppes Positives dobäi entstoen: d‘Zouwendung zur Literatur zu schwéieren Zäiten an eng nei Selbstfannung.

neien Ufank

D’Anouk Mahr © Anouk Mahr / Facebook


Dës Fro, wat een neien Ufank folgende Lëtzebuerger Auteure bedeit, ass Deel vun eiser Aktiounswoch zum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter.

Ënnert dem Motto „New beginnings – En neien Ufank“ soll, duerch d’Literatur, den Enthusiasmus fir een Neistart lassgekiddelt ginn. Wou zu Lëtzebuerg eigentlech, iwwert eng ganz Woch verdeelt, déi verschiddenst Evenementer an Aktivitéiten zum Thema Buch a Literatur organiséiert ginn, huet een d’Aktiounsdeeg an den Internet verlagert. Online gëtt esou d’Fërderung vum Liesen an d’Verbreede vu Wëssen ervirgehuewen, fir esou op nei Fantasie-Zich opzesprangen.

Ähnlech Sujeten Anouk Mahr, Auteur, Ëmfro, Jean Back, Joseph Kayser, Maryse Krier, New beginnings – En neien Ufank, Sascha Dahm, Weltdag vum Buch an den Auteursrechter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel