Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Colloque GUTES LICHT: Wat ass, wa mir d’Nuecht verléieren?
Kultur Meenung Neiegkeeten

Colloque GUTES LICHT: Wat ass, wa mir d’Nuecht verléieren?

Sinn am 17. Joerhonnert d’Stroosseluuchten zur Sécherheet vun de Bierger

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser
Kultur Meenung Neiegkeeten

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser

En Donneschdeg hunn den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) an den

Ab dësem Joer kann een sech online an d’Wielerlëschten androen
Kultur Meenung Neiegkeeten

Ab dësem Joer kann een sech online an d’Wielerlëschten androen

Dat huet den Dan Kersch (DP), Minister vum Ëffentlechen Déngscht an

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 2)

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 2)

En neien Ufank kann een ganz ënnerschiddlechst interpretéieren, dat weisen dës Textpassagen. Ech hunn e puer Lëtzebuerger Auteuren gefrot, wéi si dat definéiere géingen. D’Äntwerten sinn interessant an allkéiers grondverschidden. Se stëmmen nodenklech – wahrscheinlech well an all Zeil e Kär Wourecht drastécht!

Maacht Iech Äert eegent Bild:

Charel Meder

Umdenken. Nicht gegen- sondern miteinander. Dat gëllt fir de Literaturbetrib, ewéi fir de ganze Rescht. „Weg von einem neoliberalen Nützlichkeitsdenken. Hin zu einem konstruktiven Miteinander.“ Mee bon, et ass dat vläicht e bëssi utopesch. Wonschdenken.

Ech drécken et emol mam Faust aus: “Ich bin zu alt um nur zu spielen, und zu jung um ohne Wunsch zu sein?” D’Situatioun ass insgesamt ze eescht, fir nach ze spillen. An de Wonsch, datt et zu engem Endenke kënnt, zu enger Réckbesënnung op dat Wesentlecht, e friddlecht Zesummeliewe vun eis all, deen soll a muss bestoen bléiwen.

neien Ufank

De Charel Meder © Kulturfabrik

Cathy Clement

Ech weess net, wat ech soll denken. Et ass eng nei Erfarung, dës Kris mat all hire Verännerungen an Aschränkungen. “Mënschen änneren sech net.” Fatalistesch, esou ze denken.

Vläicht och onfair, on va voir. Wahrscheinlech soll oder muss ech, wéi jidderee mol bei mir selwer ufänken. Gezwongen zum Nei-Ufank, zum Ëmdenken, well eigentlech war ech fir mech um gudde Wee virdrun. Hat ech mol gemengt. Ech weess net, wat ech soll denken.

neien Ufank

D’Cathy Clement © Cathynka / CC BY-SA 4.0

Raoul Biltgen

Ufänke kann ee vill. Nei ufänken net. Fir nei unzefänken, muss ee vir d’ éischt emol dat Aalt ofgeschloss hunn. An do läit meeschtens d’ Schwieregkeet. Wat géinge mer net gären esou oft einfach emol erëm eng Kéier nei ufänken, dee ganzen ale Buttek hannert eis loossen, maachen, wéi wann et keng Vergaangenheet géif.

Et gëtt se. A mir ginn se net méi lass. Emol keng zerguttstert Amnesie kann do hëllefen, well alles, wat mer jeemools gemaach hunn, huet eis dohinner bruecht, wou mer grad sinn. Op mer et wëssen oder net. Ob mer et wëllen oder net. Also kënne mer nëmmen hoffen, datt et eis do gefält, wou mer grad sinn. Méi oder manner. An dat géing heeschen, datt mer guer keen neien Ufank brauchen.

Esou laang mer nëmmen op en neien Ufank gammsen, esou laang sti mer eis selwer am Wee, vir eis mat deem auserneen ze setzen, wat eis u sech aus mëscht. An dat wier grad da besonnesch wichteg, wa mer mengen, mir bräichten onbedéngt deen neien Ufank.

neien Ufank

De Raoul Biltgen © Gerry Huberty / raoulbiltgen.com

Jemp Schuster

En neien Ufank?
Et héiert een ëmmer erëm déi selwecht Leier.
Dat do hate mer nach ni!

Elo sinn ech esou al, awer dat do hunn ech nach ni gesinn.
Ech schaffe schonn esou laang op menger Plaz, awer dat do ass et nach ni ginn.

Mir hunn de Krich nach matgemaach, awer dat do, also neen!
Dann denken ech: A kuck do! Ech stinn all Mueren op a soe mer: O hei, en neien Dag. Deen do hat ech awer nach ni.
Oder ech kucken Freides, den 24. Abrëll 2020 op de Kalenner a muss zouginn. Dat ass awer elo ganz nei. Deen Dag hat ech jo nach ni.

Ergo: All Abléck an eisem Liewen ass nei, wa mer einfach normal weiderliewen.

Mir brauche kee Corona, fir en neien Ufank ze maachen.

neien Ufank

De Jemp Schuster © cape.lu

Christiane Ehlinger

Onst Liewen ass e permanenten Neiufank.

Wann ee mëttlerweil eng gutt Partie Joren um Bockel huet, da goufen et am Laf vum Liewe bestëmmt schonn en etlech Situatiounen, wou ee gezwonge gouf oder och d’Chance hat, en neien Ufank ze maachen, dat heescht säi Liewe komplett ëmzekrämpelen

Schonn d’Bestietnis a jonke Jore bedeit en neien Ufank, aus dem wuelbehitten Elterenhaus eraus an d’Selbstännegkeet. Dat selwecht gëllt och beim Schrëtt vun der Schoulbänk op d’Aarbechtsplaz. E spéidere Wiessel vun enger Aarbecht op eng aner heescht och ëmmer erëm sech nei orientéieren, ëmdenken a sech upassen.

De Verloscht vu sengem Partner oder eng Scheedung erfuerderen ouni Zweiwel en neien Ufank, och wann dat munchmol schwéierfält.

Huet een de Kampf géint eng schlëmm Krankheet gewonnen, heescht et nei unzefänken, positiv ze denken an eventuell säi Liewensstil ze iwwerdenken.

Leit mat Suchtproblemer, sief dat Alkohol, Tubak, Medikamenter, Drogen, an, an, an, probéieren dacks dovu lasszekommen an en neien Ufank ze maachen, och wann dëst Kraaft kascht a se dacks réckfälleg ginn an den neien Ufank ëmmer erëm no hanne réckelt.

Grad sou schwéier muss et fir e Mënsch sinn, deen aus dem Prisong entlooss gëtt oder fir e Flüchtling, dee säin Heemechtsland verlooss huet, fir sech en neit Liewen opzebauen.

Zum Schluss vum Liewe kënnt dann nach de Wee an d’Altersheem op een duer, wou en neien, vläicht leschten Ufank gemaach muss ginn. D’Liewen ass en Op an Of, wou et stänneg heescht, sech op déi eng oder aner Manéier ze adaptéieren, nei unzefänken.

Sou wéi ons Usiichten an onst Wiesen am Laf vun de Joren änneren, well mir méi räif a méi erfuere ginn, sou ännert sech och ons jeeweileg Situatioun. Onst Liewen ass e permanenten Neiufank.

neien Ufank

D’Christiane Ehlinger © Christiane Ehlinger / Facebook

Gast Groeber

En neien Ufank? Eng Fro vu Glawen: Ech sinn net gleeweg! Wann ech liesen, héieren, kucken, wéi verschidde Leit jéimeren a kloen, well si elo e puer Wochen confinéiert sinn – an ech schwätze elo net vun Entrepreneuren a soss …

Leit, déi vun hirer eegener Aarbecht liewen – hir sozial Kontakter vermëssen, hire Patt an eng Party, da kann ech bal net gleewen, dass esou e jee eng Kéier Empathie empfonnt huet, fir aner Leit an hir Kanner, déi méintelaang hu missen a Kelleren hocken, am Schutz viru Bommen a Krich, ouni Radio, Tëlee, Internet, Netflix. Den neien Ufank wäert also och deem alen Enn gläichen! Sech ameséieren, sech profiléieren, an sech nëmmen ëm sech këmmeren!

neien Ufank

De Gast Groeber © Kulturfabrik

Roland Meyer
En neien Ufank ass fir mech am Moment Widderstand, sech net ënner kréie loossen, dergéint halen.
neien Ufank

© Roland Meyer


Dës Fro, wat een neien Ufank folgende Lëtzebuerger Auteure bedeit, ass Deel vun eiser Aktiounswoch zum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter.

Ënnert dem Motto „New beginnings – En neien Ufank“ soll, duerch d’Literatur, den Enthusiasmus fir een Neistart lassgekiddelt ginn. Wou zu Lëtzebuerg eigentlech, iwwert eng ganz Woch verdeelt, déi verschiddenst Evenementer an Aktivitéiten zum Thema Buch a Literatur organiséiert ginn, huet een d’Aktiounsdeeg an den Internet verlagert. Online gëtt esou d’Fërderung vum Liesen an d’Verbreede vu Wëssen ervirgehuewen, fir esou op nei Fantasie-Zich opzesprangen.

Ähnlech Sujeten Auteur, Cathy Clement, Charel Meder, Christiane Ehlinger, Ëmfro, Gast Groeber, Jemp Schuster, New beginnings – En neien Ufank, Raoul Biltgen, Roland Meyer, Weltdag vum Buch an den Auteursrechter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel