Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sonic Mania bréngt dech zeréck an d’90er
dating sites kraaifontein Money https://moien.lu/amigos-dating-app/

dating app android india

An den 90er Joren huet Sega probéiert, d’Dominanz vu Nintendo

https://moien.lu/dating-kigu-compacts/
dating sites kraaifontein Money https://moien.lu/amigos-dating-app/

What the Fakt – Do war se bemol, d’Ouschterinsel!

Et ass schonn eng Zäitchen hir, fir genau ze sinn

Iwwert 116.000 Awunner aus 167 Natiounen wunnen an der Stad. Do gëtt et vill ze maachen!
dating sites kraaifontein Money https://moien.lu/amigos-dating-app/

Iwwert 116.000 Awunner aus 167 Natiounen wunnen an der Stad. Do gëtt et vill ze maachen!

Et war um Mëttwochmuere fir d‘Éischt, datt sech de neie

money

Neies aus dem Automobilsecteur

D‘Verkafszuelen si Réckleefeg mee et gesäit awer nees no engem Rekordjoer aus

Neies aus dem Automobilsecteur

Hëlt ee sech de leschten Zuelen un, déi vu STATEC an/oder SNCA verëffentlecht ginn, da kann ee verstoe firwat et bei deem engen oder anere Garagist an Händler laang Gesiichter gëtt. Zanter dem 1. Januar sinn 39.730 nei Gefierer ugemellt ginn, an dat sinn der 43 Manner wéi nach 2018 zur gläicher Zäit. A Prozenter ausgedréckt: eng Baisse vun 0,1%. An déi ass net gläichméisseg verdeelt.

Dat bedeit allerdéngs och, datt d‘Zuelen elo scho fir den drëtte Mount a folleg an d‘Knéie ginn, mee et kéint eventuell och eppes mat der Summervakanz ze dinn hunn. Zum enge si vill Leit am Ausland an der Vakanz, och d‘Vendeuren hunn e Recht drop a souwisou sinn net all Marken a Betriber gläichermoosse betraff. D‘Ween mam Stär um Capot verzeechnen esou eng Hausse vu 15,9%.

Déi Germanen hunn net esouvill Gléck: Audi kann sech „halen“, Volkswon verléiert 1% a BMW esouguer 2,9%. Eng Tendenz déi net de Qualitéit vun de Gefierer geschëlt ass, och wann een ënner Ëmstänn bei VW nach gären den Dieselskandal ernimmt. Et huet bei dëse Marken eng liicht Baisse beim Leasing ginn, an et gëtt nees méi direkt am Ausland akaf. Präis a Service si jo och wichteg…

Automobilsecteur

Wie gutt Schafft, éierlech mam Client ëmspréngt an déi dräi gängeg Sprooche vum Land och tatsächlech beherrscht, ass schonn am Virdeel. Wann zu gudder Lescht och nach de Service den Uspréch vum Automobilist gerecht gëtt, da leeft de Business. (Pixabay)

Bei de franséische Marken, déi eigentlech e gudde Ruff genéissen, ass et just Citroen a seng „edel“ Duechter DS déi sech gutt positionéiere kënnen. D‘Mark mat de „Wénkel“ notéiert ähnlech wéi Mercedes eng Hausse vu 13,5%, bei DS gëtt carrement verduebelt. Peugeot ka sech halen (-0,4) a Renault kritt anstänneg eng op den Deckel (-14,4%). Et ass awer näischt wat soll beonrouegen.

Interessant awer de grousse Widderstand bei den Importateuren oder wéi een haut seet d‘Gruppen. Al agesiess „Garagen“ hunn sech längt zesummegedoen oder sinn direkt vun auslännesche – meeschte belschen oder franséische Konzerner – iwwerholl ginn. D‘Verkéierssprooch ass haut franséisch, an de Service um Client och éischter deem „franséischen“ ugepasst, wat net hëlleft.

Automobilsecteur

D‘Mark mam „Losange“ verléiert zu Lëtzebuerg u Buedem. Maachen si net genuch Reklamm oder schaffen se einfach schlecht? (Cicero/Pixabay)

Wie keng Efforte mécht de Client zefriddenzestelle verweist dann op aner Ursaachen. Esou gëtt an der Branche ugefouert, datt d‘Clienten elo op emol den Design virun d‘Motorisatioun géife stellen. De Client wëll angeblech och méi Hybrid oder Elektro. An da waart jo och jiddereen emol of wat de Autosalon vu Frankfurt (12. September) un Neies ze bidden huet. Wat een net alles gleewe soll…

Foto: Citroen, DS a Peugeot sinn haut ënnert dem Konsortium „Etoile-Garage / Rodenbourg“ déi zum Grupp „Car Avenue“(fréier Grupp Bailly) gehéieren. E perséinleche Service gëtt engem zwar mat vill Reklamm versprach, mee de Service wéi se déi fréier „Familljebetriber“ ugebueden hunn, deen ass verluer gaangen. (Silvio Albero/Pixabay)

Ähnlech Sujeten Automobilsecteur, Car Avenue, Mercedes, SNCA, Statec
Nächsten Artikel Virrechten Artikel