Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Law & Order: Dem US-President seng Policereform (Analys)
Neiegkeeten

Law & Order: Dem US-President seng Policereform (Analys)

Den US-President Donald Trump, deen sech bis ewell wéineg fir

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis Enn Mee 2020
Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis Enn Mee 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt

De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert
Neiegkeeten

De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert

Wéi et um Dënschdeg vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL

Neies aus dem „Schongbuttek“

Familljeministesch bereet sech dem Ethikcomité vun der Chamber ze stellen

Neies aus dem „Schongbuttek“

Nodeems déi vereenegt Oppositioun sech op d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) ageschoss huet, well si sech „offiziell“ beim Stater Geschäftsverband (UCVL) an esouguer beim Direkter vu LuxTram wéinst der Gestioun vum Chantier op der Gar beschwéiert hat, soll sech elo op Wonsch vun der Ministesch d‘Ethikcomité mat dëser „Affär“ beschäftegen.

Op en „Interessekonflikt“ virläit oder eben net, dat soll elo den Ethikcomité ofschléissend klären. De Premier Xavier Bettel (DP) hat dat selwer net fir noutwenneg gesinn, wat besonnesch bei der CSV fir Onmutt gesuergt huet. Déi konnt dann och déi aner Oppositiounsparteien zu enger „Stellungnam“ beweegen, firwat d‘Ministesch et virzitt, sech de Virwërf an dem Comité ze stellen.

Datt d‘Corinne Cahen de Fauxpas agestanen an sech entschëllegt huet, ass zwar begréisst ginn, mee labber loosse kënnt net a Fro. Et kéint einfach net ugoen, datt eng Ministesch sech schrëftlech mat hirem ministeriellen e-Mail Konto un de Geschäftsverband adresséiert an och nach als Ministesch ënnerschreift. Et wier dobäi onerhieflech, ob hir Virschléi zu enger Verbesserung féiere kéinten.

Elo ass d‘Corinne Cahen net ganz onintresséiert, hir Famill huet op der Plaz e Schonggeschäft, dat wéi alle aner Geschäfter schwéier mam Tramschantier ze kämpfen huet. Dozou kënnt nach, datt d‘Ministesch soll en Appartement um Site Airbnb fir d‘Touristen ugebueden hunn (RTL hat iwwer dës Affär am Januar bericht). Déi Annonce ass mëttlerweil och zréckgezu ginn…

Staarken Tubak

D‘Ministesch huet dann elo entscheet, datt et dat bescht ass, wann den Ethikcomité sech deem Ganzen elo unhëlt. Et wier dréngend noutwenneg datt een nees den Dialog ophëlt a sech vun de perséinlechen Attacken distanzéiert. Si bedauert de Fauxpas mat der e-Mail, a betount weiderhin sech fir all d‘Geschäftsleit op der Gar agesat an net de Familljebetrib privilegiéiert ze hunn.

Wat de Schongbuttek betrëfft, esou gëtt dëse vun enger Gerante geleet, wat awer net heesche soll, datt ee sech als verantwortleche Besëtzer keng Gedanken iwwert d‘Zukunft vum Geschäft a senge Salariée maache géif. An hei geet et jo och net nëmmen ëm d‘Aarbechtsplaze vu Chaussures Leon, bei ausbleiwendem Ëmsaz, kënnen och déi aner Geschäfter hir Mataarbechter net halen.

Zum Appartement deen op Airbnb ugebuede ginn ass, seet d‘Corinne Cahen, datt et sech heibäi net ëm eng kommerziell Aktivitéit handelt, mee et eng zäitlech begrenzte Locatioun ass. Si erënnert an dësem Kontext drun, datt de Pierre Gramegna (DP) schonn dem Deputéierte vun der Piratepartei, Sven Clement, geäntwert hat, datt eng Airbnb-Aktivitéit keng kommerziell Aktivitéit ass.

Alles zesummegeholl ass et awer zimlech staarken Tubak. Ëm d‘Doleance vun de Geschäftsleit op der Gar sollt sech eigentlech de Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) këmmeren, well dat dësem säi Ressort ass. Bei Berécksiichtegung vun de wierklech zolitter Problemer am Logement, war et net ubruecht als Ministesch en Appartement op Airbnb unzebidden. Dat brauch méi wéi ee „sorry“.

Foto: Christine Sponchia / Pixabay

Ähnlech Sujeten Chamber, Corinne Cahen, Ethikcomité, Interessekonflikt, Oppositioun, Schongbuttek
Nächsten Artikel Virrechten Artikel