Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weltdag vum Buch: Esou gëtt d’Liesen gefeiert
Neiegkeeten

Weltdag vum Buch: Esou gëtt d’Liesen gefeiert

Mam Weltdag vum Buch um haitegen 23. Abrëll ginn d’Liesen,

money
D‘SNCI investéiert an d‘Sozial- an Solidarwirtschaft
Neiegkeeten

D‘SNCI investéiert an d‘Sozial- an Solidarwirtschaft

Am Inkubator fir lëtzebuergesch Sozial-Entreprisen am Déifferdenger „6Zero1“, ass um

NATO-Sommet: Am Sträit vereent
Neiegkeeten

NATO-Sommet: Am Sträit vereent

Wann ee vum Jubiläumsempfang am Buckingham Palace ofgesäit war dëse

T’rullt nees: Neies am ëffentlechen Transport

T’rullt nees: Neies am ëffentlechen Transport

Éischt Schrëtt zeréck an d’Normalitéit gi getraff. Esou deelt d’Regierung mat, datt et am Beräich vum ëffentlechen Transport elo Neiegkeete gëtt.

Ab e Méindeg, de 4. Mee 2020 gesäit et beim ëffentlechen Transport folgendermoossen aus:

  • RGTR-Linnen
    Dës Linnen fueren ab e Méindeg nees am gewinnte Rhythmus. De Service vu Sonndes a vun de Feierdeeg gëtt iwwregens Samschdes, den 9. Mee um sougenannten Europadag garantéiert. Ab dem 10. Mee 2020 fueren d’Busser, wéi virun der Pandemie, Sonndes an u Feierdeeg no Plang.
    D’Zäiten a Fuerpläng fannt Dir op www.mobiliteit.lu.


  • LUXTRAM
    Den Tram fiert vu Méindes bis Freides vun 4:55 (*) bis 23:48 Auer (**) an am 10-, respektiv 15-Minutten-Takt, sou wéi och Samschdes, wou allerdéngs vun 5:25 (*) bis 23:48 Auer (**) gefuere gëtt. Sonndes an u Feierdeeg zirkuléiert den Tram vu 6:04 (*) bis 23:43 (**) Auer, all 15 bis 20 Minutten.
    (*): éischten Depart bei der Luxexpo; (**) Leschten Depart op der Stäreplaz
    Weider Informatioune ginn et op luxtram.lu.


  • Busser vun der VDL
    Vu Méindes bis Samschdes wäert d’Majoritéit vun de Linnen all 20 bis 30 Minutte fueren. Verschidde Linne wäerte souguer am 10- bis 15-Minutten-Takt fueren, dat vu Méindes bis Freides. Weiderhin wäert awer Sonndes an u Feierdeeg just ee Bus pro Stonn Leit mathuelen.
    D’Linnen 19, 31, 32 an 33 fale bis op Weideres ewech.
    Weider Informatiounen zu de Fuerpläng an Auerzäite fannt Dir op bus.vdl.lu.


  • Schülertransport
    Pünktlech zur After-Confinement-Rentrée wäert och de Schoulbus nees rullen. Heibäi gëtt sech un d’Zäit vum Etablissement ugepasst, wou de Cours um 12:45 Auer zu Enn misst sinn.
    Ab dem 11. Mee 2020 ass och den TICE-Schülertransport nees disponibel fir d’Schüler aus dem Lycée.
    Weider Informatioune ginn et ënnert www.transports.lu an www.mobiliteit.lu.


  • Service ADAPTO
    D’Busser vun Adapto fueren zu hire gewinnten Zäiten, dat och Sonndes an u Feierdeeg.

Ab e Méindeg, den 11. Mee 2020

  • CFL
    D’Eisebunnsgesellschaft verstäert seng Offer nees a garantéiert esou 2 Zich pro Stonn a pro Linn. An enger zweeter Phas, déi um 25. Mee 2020 start, gi verstäerkt Zich zu de Spëtzenzäiten agesat.
    Weider Informatiounen ginn et op www.cfl.lu oder an der App vun der CFL.


  • TICE
    D’Linnen 1, 2, 4, 5 a 7 fuere wärend der Woch am 15-Minutten-Takt. All aner Linnen fueren zu de Sonndes-Zäiten. De Schülertransport gëtt nees erméiglecht, de Service Nightbus bleift awer op Weideres ënnerbrach.


  • Service CABAPS
    Zënter dem 27. Abrëll 2020 hunn d’Ateliers Protégés an aner Strukturen hir Aktivitéiten lues a lues nees opgeholl. D’CABAPS-Transporte passe sech dëser Moossnam un.
    D’Kompetenzzentren vum Educatiounsministère ginn ab dem 25. Mee 2020 erëm ugefuer.

Net vergiessen!

Nach ëmmer gëllt sech un d’Schutz- an Hygiènesmesuren ze halen. Wien den ëffentlechen Transport notzt muss d’Sécherheet vu sech, den anere Passagéier an dem Chauffeur garantéieren. Dat heescht, datt d’Droe vun enger Schutzmask obligatoresch ass. Heizou féiert d’Police reegelméisseg Kontrollen duerch.

ëffentlechen Transport

Opmaacherbild: © VDL

Ähnlech Sujeten Adapot, Bus, CABAPS, Covid-19, Deconfinement, Ëffentlechen Transport, LuxTram, RGTR, Schülertransport, Schutzmask, TICE, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel