Search

You may also like

USA: Familljen déi illegal awandere ginn ausenanergerappt
International Kultur Neiegkeeten

USA: Familljen déi illegal awandere ginn ausenanergerappt

Den US-Justizminister Jeff Sessions huet e Méindeg gewarnt, datt Kanner

What the Fakt – Dem Tschaikowsky säin Nossknacker gëtt uropgefouert
International Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Dem Tschaikowsky säin Nossknacker gëtt uropgefouert

Dem Pjotr Iljitsch Tschaikowsky säin “Nossknacker” gehéiert zu dëse wanterleche Feierdeeg,

Oppene Bréif un de Minister Schneider zum Aktiounsplang fir biologesch Landwirtschaft
International Kultur Neiegkeeten

Oppene Bréif un de Minister Schneider zum Aktiounsplang fir biologesch Landwirtschaft

Här Minister Schneider, D’Plattform Meng Landwirtschaft begréisst dat am Koalitiounsofkommes gesaten Zil

Neies am Fall vum Amnéviller Zoo

Neies am Fall vum Amnéviller Zoo

Nodeems d’Mataarbechter vum Amnéviller Zoo iwwer 5 Joer hin an hir geschéckt gi sinn wäert den 3. Januar entscheedend fir d’Zukunft vum Déierepark ginn. D’Handelsgeriicht vu Metz deelt da mat, op den Engagement vum Grupp Prudentia Capital ugeholl gëtt, fir den Zoo mat Fongen ze ënnerstëtzen.

Dräi Stonnen huet den Debat zur Zukunft vum Amnéviller Zoo gedauert. Nach weess awer keen esou richteg, wat genau beschwat ginn ass. Déi verschidde Protagoniste kruten nämlech vum Gericht un d’Häerz geluecht, net ze vill Informatiounen un d’Ëffentlechkeet eraus ze ginn.

Gewosst ass, datt Prudentia Capital, een Investissementsfong, bei sengem Projet 82% vun de Scholde vum Zoo u sech huele wëll, wärend dem Direkter Michel Louis nach 18% gelooss ginn. Paperjam schwätzt hei vun 195 Creancieren an engem Betrag vu 53 Milliounen Euro.

Wärend den Investissementsfong op der enger Säit d’Vertraue vun de Mataarbechter gewënnt, stinn Anerer der Saach skeptesch géigeniwwer. Esou erkläert beispillsweis een Acteur no der Unhéierung, datt kee weess, wisou een zwee Joer jonke Fong an een Zoo investéiere well. Op et elo ëm den Terrain geet oder aner Grënn virleien, d’Affär bleift flou. Donieft gëtt den Acteur och un, datt net gewosst ass, wou de Fong selwer seng Suen hierkritt.

Momentan stinn nach aner lokal Repreneuren op der Waardelëscht fir hir Offer nach emol anzereechen, sollt d’Handelsgeriicht sech géint Prudenzia Capital entscheeden. Am schlëmmste Fall muss den Amnéviller Zoo seng Diere ganz zoumaachen.

De Miroslav Terzic, Affekot vum Déierepark, ass gespaant op d’Uerteel vum Geriicht a gëtt un all Decisioun ze akzeptéieren, egal wéi de Fall ausgeet

Related topics Amnéviller Zoo, Déierenpark, Handelsgeriicht, Metz, Michel Louis, Miroslav Terzic, Prudentia Capital, Scholden, Zoo d'Amnéville
Next post Previous post