Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Reebësch brennt a Brasilien mécht op Beleidegt
Kultur Neiegkeeten

De Reebësch brennt a Brasilien mécht op Beleidegt

„Wien sech wéi Dabo behëlt muss wéi Dabo behandelt ginn“,

Mat engem IQ vun 143 duerch d‘Kandheet
Kultur Neiegkeeten

Mat engem IQ vun 143 duerch d‘Kandheet

„Pappa, wéi ass et eigentlech nom Urknall zu der Entstehung

What the Fakt – Dag vum Knätsch
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Dag vum Knätsch

Et ass vläicht een zéien Ulooss, awer haut ass am

Wat gëtt et Neies op Netflix?

Wat gëtt et Neies op Netflix?

A menger Fräizäit hunn ech net nëmmen Bicher gelies. Ma, den online Streaming-Déngscht Netflix huet och e puer fantastesch (nei) Serien am Programm, déi fir Spannung suergen an ee komplett matrappen. Hei fannt Dir eng Selektioun:

Control Z

D’Handlung spillt sech an enger Highschool of, en Hacker ass domat beschäftegt de Schüler hier déifsten Geheimnisser opzedecken an ze erpressen. Dat gëtt déck Loft tëscht Frënn, kee weess wiem nach ze trauen ass. Si verroden a verdächtegen sech géigesäiteg. Och de Schluss vun der Serie weist eis, wéi schlëmm Cybermobbing ausgoen kann an dass dat kee Spaass ass! Et ass eng mexikanesch Serie, ech hunn se op Englesch gekuckt an op Däitsch matgelies.

Snowpiercer

D’Serie baséiert op engem Film, deen am Joer 2013 erauskomm ass. D’Klimaerwiermung huet d’Äerd gekillt, dobaussen ass et esou kal, dass een op der Platz erfréiert. De Mr. Wilford huet mam Snowpiercer eng modern Arche geschafen, de risegen Zuch ass stänneg a Beweegung. Och hei geet et nees ëm Muecht, dat typescht Klassesystem – Räich an Aarm. Et gëtt eng Revolutioun geplangt, ma ob déi eppes gëtt, wäert d’Zäit eis weisen. Momentan weist Netflix eis just eng Folleg d’Woch.

Bloodline

Dës Serie huet dräi Staffelen an ass e Familljendrama, wat eis beweist, wéi Familljegeheimnisser dat ganzt Liewen op d’Kopp geheien. Dass et dann nach e schwaarzt Schof gëtt vereinfacht déi ganz Affär net. Wat passéiert, wann alles un d’Liicht kënnt? Wien hält zu wiem? Oder zerbrécht alles? D’Famill wunnt zu Florida, de Schweess leeft eis scho bal d’Stier erof! All Episode ass spannend, et kann een de Showdown scho bal net erwaarden. An da sëtzt een do an et feelen engem d’Wierder. Definitiv kuckenswäert!

The Fall – Tod in Belfast

D’Gillian Anderson, bekannt als d’Scully bei Akte X spillt hei eng héichrangeg Polizistin, déi engem Seriemäerder op der Spuer ass. Mir sinn den Ermëttler ëmmer e Schratt viraus, de Fakt hëlt awer keng Spannung ewech. Et ass e Kaz a Maus-Spill, ewéi sou dacks de stännege Kampf tëscht Gutt a Béis. Wat befriddegt den Täter? Absolut Kontroll iwwert d’Fraen oder ass et eppes aneschter? D’Juegd kann ugoen …

Wéi vill Affer ginn et nach, bis dass si den Täter erwëschen. Et ass e fatzegen Thriller, ma en huet awer och Dramaelementer virzeweisen!

Wat streamt Dir da gären? Är Iddie si wëllkomm!

Opmaacherbild: © Siavash Ghanbari / Unsplash

Ähnlech Sujeten Bloodline, Control Z, Fernseh, Netflix, Online, Recommandatioune, Serien, Snowpiercer, Streaming, The Fall - Tod in Belfast
Nächsten Artikel Virrechten Artikel