Search

You may also like

D‘CGFP hëlt d‘Regierung an d‘Flicht
International Neiegkeeten

D‘CGFP hëlt d‘Regierung an d‘Flicht

Net méi spéit wéi de 15. Juni haten sech CGFP

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer
International Neiegkeeten

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer

Nom tragesche Virfall am Munitiounslager um Waldhaff weist eise Premierminister

Chantier op der A6 tëscht dem Zéissenger a Gaasperecher Kräiz!
International Neiegkeeten

Chantier op der A6 tëscht dem Zéissenger a Gaasperecher Kräiz!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Freides, den 10. Mee géint

Neies vum Brexit: Elo awer eng Trennung ouni Ofkommes?

Neies vum Brexit: Elo awer eng Trennung ouni Ofkommes?

Groussbritannien ass zolidd vun der Covid19-Pandemie betraff a kaum ee Mënsch schwätzt an der Ëffentlechkeet nach vum Brexit. D‘Britten hunn aner Problemer a sinn den Ament besuergt, well kee weess wéi et wirtschaftlech viru geet. Et wier also eventuell ubruecht, beim Austrëtt aus der EU eppes manner Risikofreedeg vir ze goen. Dat awer gesäit de brittesche Premierminister anescht…

D‘Britten hunn am Kontext vun der sanitärer Kris den Thema „Brexit“ eppes op der Säit gelooss, an dat wäert sech elo änneren. Déi lescht „Deadline“ fir eng Verlängerung vum Austrëttstermäin leeft Enn Juni aus: huet de Boris Johnson bis dohinner kee Report vun der Iwwergangsphas zu Bréissel ugefrot, ass den 31. Dezember 2020 um Mëtternuecht d‘Bier geschielt an d‘Trennung ass amtlech.

Dat war esou vereenbaart a sengerzäit och zäitlech duerchaus realistesch. Mee do koum de Virus, an elo gesäit et ganz duerno aus, wéi wa Groussbritannien op eng Trennung ouni Ofkommes géif zou steieren. D‘Verhandlunge ginn den Ament nëmmen am virtuelle Raum gefouert a stieche fest. Och d‘Stëmmung ass grotteschlecht, dat béidersäits vum Äermelkanal an elo huet Bréissel reagéiert.

Zu Bréissel ass et de Michel Barnier deen d‘Verhandlunge leet. De Mann dee wéi kaum en aneren den Dossier kennt a eigentlech ëmmer en éischter verséinlechen Toun uschléit, huet an engem Interview mat der „Sunday Times“ fir déi éischte Kéier ganz oppen domadder gedreet, datt et hei zu engem Austrëtt ouni Ofkommes (No Deal) komme kann, an d‘Britte méi ze verléieren hu wéi d‘EU.

Fakte schwätzen eng kloer Sprooch

Gutt 50% vum britteschen Export geet an d‘EU, ëmgedréint fléissen 10% vun den an der Unioun hiergestallte Wueren a Richtung vereente Kinnekräich. De wirtschaftlechen Impakt vum „No Deal“ sollt erkennbar sinn. Net ze vergiessen, datt eis fréier Partner virun enger epochaler Wirtschaftskris stinn a sech op eng vun hire schlëmmste Rezessiounen an hirer Geschicht virbereede mussen.

Säitens der renomméierter „Bank of England“ heescht et, datt d‘Ekonomie eleng fir 2020 mat -14% Wirtschaftsleeschtung belaascht gëtt. Dat ass méi wéi duebel esouvill wéi d‘Prognose fir d‘Unioun a sollt eigentlech eppes Vernonft vun der brittescher Regierung ofverlaangen. Anescht ausgedréckt: et wier wirtschaftlech sënnvoll – zemools et dofir Versteesdemech huet – d‘Verlängerung unzegoen.

Elo ass „Vernonft“ awer keen Attribut deen een dem Boris Johnson ënnerstelle kann. Viru knapp engem Mount huet dësen eng Fristverlängerung nach mat vill Empathie ausgeschloss an et ass net ersiichtlech, dat de Premierminister seng Usiichte sollt änneren. Bei der Pandemie-Krisegestioun huet hien sech net ervirgedoen an och d‘Kausa Dominic Cummings steet him schlecht zu Gesiicht.

D‘Krisegestioun ass eng eenzeg Katastroph, Groussbritannien huet déi héchsten Unzuel u Stierffäll an Europa, no elo dräi Méint kann een nach ëmmer net vun engem effektiven Testen an Verfollegen (Testing & Tracing) schwätzen, an awer ginn d‘Mesure gelackert. Dat huet derzou gefouert, datt sech d‘Wëssenschaftler aus der eegener Task-Force elo vum Premierminister distanzéieren.

Rebellioun an den eegene Reien

Wéinst dem onséilege Beholl vum Chef-Conseiller Dominic Cummings, gëtt et Gespréichsbedarf an den eegene Reien. Ee gréissere Grupp vun Deputéierten huet säi Kapp gefuerdert, mee de Boris Johnson wëll dësen net goe loossen. Deen hätt sengem Chef allerdéngs mat enger Entschëllegung eppes Argumentatioun liwwere kënnen. De Cummings awer gesäit nach ëmmer kee Feelverhalen.

Fir d‘Britten en absolutte „no go“ déi an dësem Beholl en däitleche Verstouss géint d‘Reegele gesäit, déi de Betraffenen deels selwer opgestallt huet. Esouguer déi sougenannte „Yellow Press“ (esou bezeechnen d‘Britten de „Boulevard Journalismus“) ass op Distanz gaangen an huet de Fanger an d‘Wonn geluecht. Ugesiichts de Kris am eegene Land an den Erausfuerderungen, ass dat net gutt.

A wann de Brexit dann nach den eenzege gemeinsamen Nenner ass, kann ee verstoen, datt et dem Boris Johnson presséiert d‘Trennung duerchzehuelen. Fir déi fanatesch „Brexiteers“ an esou droleg Personnage wéi de den Nigel Farage, kann de Brexit net haart genuch sinn. Si schéngen zudeem hei iwwerzeegt ze sinn, datt de wirtschaftleche Schued vum Brexit am Pandemie-Chaos ënnergeet.

Dat gesinn déi brittesch Wirtschaftsexperte mat Suerg. Si warne virum Dominoeffekt, déi en „No Deal“ a Verbindung mat der, duerch déi sanitär Kris ausgeléisten, Rezessioun kann ervirbréngen. Ass d‘Deadline vum Juni bis iwwerschratt, geet et sech zäitlech net méi op aus de Verhandlungen ee vernënftegen Accord zu Pabeier ze bréngen. An dat kann sech Groussbritannien net leeschten.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © James Claffey / unsplash

Related topics Boris Johnson, Brexit, Covid19, Michel Barnier, Rezessioun, Wirtschaftskris
Next post Previous post