Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Gramegna säi Klimabudget
Kultur Neiegkeeten

online dating hey beautiful

Bei der Presentatioun vum Budget an der Chamber, huet de

asian dating sites uk free
Kultur Neiegkeeten

D’Gefor vun der Blozongekrankheet bleift an der Belsch

Säit dem 28. Mäerz 2019 ass déi ganz Belsch zum

Am Fleegeheem zu Beetebuerg gëtt säit 6 Auer gestreikt
Kultur Neiegkeeten

Am Fleegeheem zu Beetebuerg gëtt säit 6 Auer gestreikt

Um Dënschdeg huet den OGBL bekannt ginn, datt et zu

Neies vum SNJ: „Maach ee Video“

Jonk Zeenaristen a Cineaste sollen um Concours „Ram“ deelhuelen

Neies vum SNJ: „Maach ee Video“

Et ass schonn déi néngt Editioun vum Video-Concours „Ram“ deen den SNJ a Kooperatioun mat nationalen audiovisuellen Zenter (CNA) am Kader vum „Luxembourg City Film Festival“ fir jonk Leit am Alter tëscht 12 an 30 Joer organiséiert.

De Concours „Ram“ (deen eigentlech „Crème Fraîche“ heescht) huet zwou Kategorien: déi éischt „Zeenario“ luet déi Jonk an en originellt Dréibuch fir e Kuerzfilm (6 bis 9 Minutten) ze schreiwen. De beschten Zeenario soll dann ënner professionelle Konditiounen am Laf vun 2020 realiséiert ginn. Ze gesinn ass dëst Wierk da bei der Editioun 2021 vum Luxembourg City Film Festival.

Déi zweet Kategorie „60 Sekonne Clip“ ass eigentlech selbsterklärend. Hei geet et drëms ee Video-Clip vun enger Minutt zesummenzeschneiden. Eng Selektioun vun de beschte Realisatioune gëtt dann am grousse Kino um Kierchbierg um „Ram-Owend“ (7. Mäerz 2020) gewisen. Op dësem Owend selektionéiert de Public dräi Gewënner, an et heescht et géif ganz flott a cool Präisser…

Op beim Dréibuch oder dem Videoclip, et ass ausdrécklech erlaabt sech vun Erwuessene beroden an/oder encadréieren ze loossen. WICHTEG: den Delai fir d‘Beiträg anzereechen ass den 3. Februar 2020. D‘Reglement an deem alles Wichteges enthalen ass, esou wéi vill weider nëtzlech Infoe gëtt et ënner www.marienthal.snj.lu/creme-fraiche.

D‘Präisiwwerreechung fënnt de 7. Mäerz um Kierchbierg am grousse Kino statt, dat um 16.30 Auer. Dat Ganzt fënnt statt am Kontext vum Luxembourg City Film Festival. Bei der Soirée gëtt dann och de Kuerzfilm „Mauvais Jeux“ (vum Gewënner „Zeenario 2019“) dem Public virgestallt.

Illustratioun: © SNJ

Ähnlech Sujeten Concours, Kino, SNJ, Video, Videoclip, Zeenario
Nächsten Artikel Virrechten Artikel