Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Rekordausgabe werfen en laange Schied op de Stater Budget
Cry Fail Neiegkeeten

Rekordausgabe werfen en laange Schied op de Stater Budget

Bei der Presentatioun vum Iwwergangsbudget, huet de neie Schäfferot vun

Facebook opzesplécken wier net nëmme reaktionär, mee géing zu näischt féieren
Cry Fail Neiegkeeten

Facebook opzesplécken wier net nëmme reaktionär, mee géing zu näischt féieren

Ech hu keen Interesse, d’Optriede vum Mark Zuckerberg virum Europaparlament

Du mengs, du géings eis Verbe gutt kënnen? Da versich dech un eisem Präteritum-Quiz!
Cry Fail Neiegkeeten

Du mengs, du géings eis Verbe gutt kënnen? Da versich dech un eisem Präteritum-Quiz!

De Präteritum ass eng Raritéit: Just nach eng 30 Verben

cryingdislike

Bei der Aarbechtsinspektioun geréit de Bausecteur an de Fokus

Bei der Aarbechtsinspektioun geréit de Bausecteur an de Fokus

D‘Aarbechtsinspektioun (ITM) gëtt sech och 2018 d‘Moyene fir senge Missioune gerecht ze ginn, an dat mam neie Service „Kontroll, Chantieren an Autorisatioune“. Dee soll zu enger Verbesserung vun der Organisatioun an den Interventiounsmethode bäidroen.

Am Kader vu senger Missioun zur Preventioun vun de beruffleche Risiken, an dem Schutz vun der Sécherheet an der Gesondheet op der Aarbechtsplaz, huet d‘Aarbechtsinspektioun säin neie Service „Kontroll, Chantieren an Autorisatioune“ operationell gemaach.

Dee soll d‘Promotioun vun der Preventiounskultur stäerken, sensibiliséieren, a sech fir eng besser Informatioun zur Sécherheet an der Gesondheet asetzen. Hei gëtt den Akzent op d‘Entreprisen an d‘Salariéeën aus dem Bausecteur geluecht, wou de Risk vun engem Aarbechtsaccident am gréisste wier.

Objektiv: „Et soll besser ginn“

Haaptmissioun vum Service „Kontroll, Chantieren an Autorisatioune“ ass et nieft de Kontrolle vun den Aarbechtskonditioune, der Sécherheet an der Gesondheet, sech och dem Volet „Detachement“ unzehuelen, an eng méi konsequent Iwwerwaachung vun de „klasséierten Etablissementer“ op den temporären oder mobille Chantieren ëmzesetzen.

Et sollen elo also d‘Patronen, d‘Aarbechter, d‘Sécherheet- a Gesondheetsdelegéiert nohalteg „sensibiliséiert“ ginn. Dat mam Zil kontinuéierlech d‘Aarbechtsaccidenter ze reduzéieren, an och Beruffskrankheeten ze verhënneren, woumatter och Liewe gerett solle ginn.

Eng gewoten Ausso

D‘Aarbechtsinspektioun ass dann och déi Institutioun, déi oppasst, datt d‘Aarbechtsrecht an d‘Sécherheetsnormen agehale ginn. Aus dem Communiqué vum Aarbechtsministère an der ITM ass zudeem gewuer ze ginn, datt dës Institutioun sech fir d‘Valorisatioun vun der Aarbecht an der Verbesserung vun den Aarbechtskonditiounen, fir all d‘Acteure vun der Aarbechtswelt asetzt.

Et ass dann och richteg – wann et dann endlech géif ëmgesat ginn – datt eng Reduktioun vun den „Onregelméissegkeeten“ am Sënn vun den Aarbechtskonditiounen, de Salariéeë géif entgéint kommen. Datt et dem Patronat och soll hëllefe méi produktiv, respektiv kompetitiv ze ginn, muss sech dann awer nach erweisen.

Datt de Bausecteur am Mëttelpunkt vun de Kontrolle steet, ass wuel verständlech, mee léisst drop schléissen, datt aner Secteure „manner“ berécksiichtegt ginn. Et ass geet aus dem Communiqué net ervir, datt sech d‘Aarbechtsinspektioun personell esou verstäerkt hätt, datt sech och all déi aner Secteure misste viru Kontrollen an Uecht huelen.

Foto: Méi Sécherheet am Bausecteur ass sécherlech richteg an noutwenneg. Et sollt awer net zu Laaschte vun de Salariéeën aus den anere Beruffer goen. (cc)

Ähnlech Sujeten Aarbechtsinspektioun, Aarbechtsministère, Bausecteur, Gesondheet, Sécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel