Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Europarot: „Homosexueller a Minoritéiten hunn et a Russland schwéier“
Neiegkeeten Stories

Europarot: „Homosexueller a Minoritéiten hunn et a Russland schwéier“

Aus engem Bericht vum Europarot geet ervir, datt Homosexueller, Moslemen

EUGH: Belsch Atomkraaftwierker dierfen um Netz bleiwen
Neiegkeeten Stories

EUGH: Belsch Atomkraaftwierker dierfen um Netz bleiwen

Um Méindeg huet den europäesche Geriichtshaff (EUGH) zu Lëtzebuerg entscheet:

Virwërf vu Greenpeace – De Minister Romain Schneider wiert sech
Neiegkeeten Stories

Virwërf vu Greenpeace – De Minister Romain Schneider wiert sech

Nodeems Greenpeace Lëtzebuerg eréischt viru kuerzem säi Communiqué mam Titel

Neijoerschdagsgréiss vun der FEDIL (eppes kommentéiert)

D‘Federatioun vun den Industriellen huet et op d‘Jugend ofgesinn

Neijoerschdagsgréiss vun der FEDIL (eppes kommentéiert)

Si stinn net am Ruff déi beschte Patronen ze sinn, kënne mat Kollektivverträg wéineg ufänken an och beim Loun gëtt méiglechst just dat bluttnoutwennegst opgewannt. Dobäi hunn d‘Membere vun dësem feudale Verband zolidd Krämpes all déi leit ze fannen, déi hinnen iwwert den Ëmwee vun der Produktioun d‘Existenzberechtegung erméiglechen.

A wann e Verband fir e véierels vun allen Aarbechtsplazen am Land (fir 35% PIB-Leeschtung) verantwortlech ass, wier et eigentlech ubruecht sech ze hannerfroen. Fir d‘Cheffin vun der FEDIL, läit et awer éischter dorunner, datt déi Jonk net méi oder wéineg vun engem Beruff an der Industrie interesséiert sinn. Et wier e Beruffsbild dat de Jugend net méi géif entspriechen, heescht et do.

Déi fréier „Miss Kommunikatioun“ vun der FEDIL, Michèle Vallenthini, hat sech gëschter de Mäntelche vu den Conferencière ugedoen an huet den Industriellen, déi de Wee an LuxExpo fonnt hate versicht ze erklären, datt d‘Industrie sech méi no un d‘Jugend erumaache muss. Si war hinne mat enger Videokamera entgéint gaangen an déi kuerz Beiträg waren zimlech „opklärend“.

Woubäi een hei kloer muss ervirhiewen, datt d‘Michèle Vallenthini just dat gewisen huet, wat si weise wollt, wat natierlech der Objektivitéit entspriechend wéineg entgéint kënnt. Trotzdeem ka gesot ginn, datt déi „Lëtzebuerger“ Jugend aner Interesse verkënnt huet, wéi en Aarbechtsliewen an enger Fabrick unzegoen. Dat wier dem Fait geschëlt datt d‘Kanner keng Ahnung hätten.

Dat kann esou net am Raum stoe loossen, och wa vill industriell Beruffer tatsächlech besser dierfte vum Schoulsystem berécksiichtegt ginn. Déi jugendlech wësse scho wat d‘Industrie ze bidden huet, an si kenne jo och Erwuessener déi an esou Betriber schaffen a wat déi vun hire Patronen halen. Dat ass seelen eppes Gutts. Niddreg Léin, stänneg Gestreits wéinst Kollektivverträg, méi brauch et net.

Hallo Zukunft

An esou ass et nëmme verständlech, datt d‘FEDIL-Presidentin Michèle Detaille hir „Leit“ opgeruff huet hir Dieren opzemaachen an direkt ganz Schoulklassen an hir Entreprisen anzelueden, an un der Initiativ „Hello Future“ deelzehuelen. Si missten der Jugend kloer maachen, datt en Job an der Industrie en harmonescht Familljeliewen erméiglecht a si hei de Klimawandel bekämpfe kënnen.

Wéi eng Drogen een huele muss, fir en harmonescht Familljeliewe bei Schichtaarbecht an aktiv un der Zerstéierung vun Natur an Ëmwelt als Bekämpfung vum Klimawandel ze bezeechnen, datt ass net gewosst. Gewosst ass dogéint, datt d‘FEDIL sech mat Hänn a Féiss géint déi zwee vun der Regierung agefouert Congésdeeg gewiert huet an manner Contrainten am Aarbechtsrecht fuerdert.

Fir d‘FEDIL heescht et dann och an der Versioun fir déi Lounofhängeg: „de legislative Kader muss méi flexibel ginn, fir datt d‘Entreprise besser op d‘Besoinen an d‘Fuerderunge vum Salariat agoe kann“. Fakt ass, datt déi eenzeg Contrainte vun den Industriellen, d‘Virgab vum Aktionariat – also de maximale Profit ze generéieren – ass, déi se behäerzt berécksiichtegen an och ëmsetzen.

Michèle Detaille huet d‘Noutwennegkeet vum sozialen Dialog ënnerstrach, allerdéngs ganz am Sënn vun eben den Industriellen. An déi kënne Gewerkschaften op den Dout net ausstoen (och wann et tatsächlech Ausname gëtt déi d‘Reegel bestätegen) firwat si sech net ze schued war d‘Zitat: „Alles wat méint ass gehéiert mir, wat däint ass, ass verhandelbar“ dem Lenin zouzeschreiwen.

Dëst Zitat allerdéngs staamt aus enger Ried vum Nikita Khrouchtchev, déi de Russ bei der UN-Generalversammlung vum 12. Oktober 1960 an engem „liicht“ anere Kontext gehalen huet. Vläicht sollt een der Madamm Detaille erklären, datt Wikipedia keng zouverlässeg Wëssensquell ass. Mee eigentlech wollt d‘Fra jo och just d‘Gewerkschaften duerch den Dreck zéien, a krut och Applaus.

D‘Regierung schéngt och ze nerven

Gutt, datt sech déi industriell Chefetagen net um Rez-de-chaussée mat Personalvertrieder iwwer Rechter a Léin ënnerhale wëllen, läit un der Natur vun der Saach. Gëschter awer huet d‘Michèle Detaille ganz däitlech a fir jidderee verständlech ausgesot dat si net méi wëll mat de Sozialpartner diskutéieren. Dat wäerten Si an hir Gesellen awer wuel oder iwwel maache mussen…

Sech dees bewosst, gëtt och op d‘Regierung Drock gemaach. Déi ass jo éischter liberal an dem Kapital eppes verflicht, woubäi déi meescht Industriell net emol hei zu Lëtzebuerg Wahlberechtegt sinn, an hei de Wieler dann awer eppes méi Gewiicht behält. Wéi och ëmmer, d‘Regierung ass invitéiert gi Propose virzeleeën, déi sech den Erausfuerderunge vum Aarbechtsmaart stellt.

Der FEDIL geet et drëms datt d‘Regierung et méiglech mécht, datt déi Aarbechter déi gebraucht ginn och zur Verfügung sinn, an déi dann och d‘Mobilitéitsgarantie kréien, op hir Schaff kommen ze kënnen. Si soll sech këmmeren datt déi digital Transitioun geléngt – an zwar no der Virstellung vun der FEDIL – an d‘Aarbechtsrecht den Ufuerderunge vun der Industrie entspriechend upasst.

Fir den Etienne Schneider (LSAP) dee jo bekanntlech an d‘Pensioun geet, hat si vill Luef iwwreg an huet him mat op de Wee ginn, datt sollt et him an de Kapp kommen eng Start-up ze grënnen, hie sech „GRATIS“ bei der FEDIL aschreiwe kann. Den ausscheedende Wirtschaftsminister huet et mat Humor geholl an déi fir esou Uläss üblech Ried am Raum verklénge gelooss…

Illustratioun: D‘FEDIL ass iwwerzeegt dovunner, datt een de Kids vun haut just muss erklären, datt den Job an der Fabrick d‘Zukunft ofséchert an et Perspektive gëtt déi engem et erlaben eng Famill ze grënnen. Dat déi Industriell awer kee Kollektivvertrag wëllen, all Congésdag een ze vill ass an och de Mindestloun scho vill ze héich ass, dat erzielen si deene Jonken net. (Engin Yakurt/Pixabay)

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Fedil, Hello Future, Michèle Detaille, Neijoerschreceptioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel