Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm
International Neiegkeeten

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm

De Start vun der neier Nationalbibliothéik (BnL) hätt net kënne

Kausa George Floyd: All bedeelegt Polizisten ugeklot
International Neiegkeeten

Kausa George Floyd: All bedeelegt Polizisten ugeklot

Et huet laang, wéi esou oft ze laang, gedauert, mee

Ouni Dialog wäert et zum Sträit kommen
International Neiegkeeten

Ouni Dialog wäert et zum Sträit kommen

An a ronderëm de Park Hotel Alvisse zu Dummeldeng ass

Neijoerschdagsried vum Angela Merkel

Zum neie Joer huet d‘Bundeskanzlerin zu Mutt, Zouversiicht an neiem Denken opgeruff

Neijoerschdagsried vum Angela Merkel

An hirer Usproch zu Silvester, huet d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel vill Optimismus zum Ausdrock bruecht a gemengt, datt déi „20er Joren“ gutt Joer kéinte ginn, a fuerdert d‘Bierger op sech selwer, mat deem wat si ze leeschten amstand sinn, ze iwwerraschen.

Si ass op d‘Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung agaangen, déi all d‘Beräicher vum Liewe betreffen. Si huet ënnerstrach, datt d‘Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt net dierften zu Laaschte vu sécheren Aarbechtsplazen an de Pensioune goen dierfen. Dat awer géif de Mutt zum neien Denken erausfuerderen, well et heescht bekannt Weeër ze verloossen an Risiken anzegoen.

D‘Bundeskanzlerin huet och nach emol op d‘Noutwennegkeet higewisen, de Klimawandel opzehalen. D‘Äerderwiermung wier eng Realitéit an zwar eng besonnesch bedreelech. Si betount, datt de Klimawandel an déi dorausser entstoend Krise vu Mënsche verursaacht ass, an déi och alles ënnerhuele missten, dësen opzehalen. De Klimaschutzprogramm vun der Regierung soll dat kënnen.

Si stellt zudeem fest, datt si mat hire 65 Joer wuel net méi vun de Folge vum Klimawandel dierft betraff sinn, et awer essentiell ass eppes ze ënnerhuelen, wann een den zukünftege Generatiounen dës Laascht net wëll iwwerloossen. Si wëll sech dofir asetzen, datt Däitschland säi Beitrag leescht, fir de Klimawandel ekologesch, ekonomesch a sozial an de Grëff ze kréien.

Vun Europa fuerdert d‘Angela Merkel sech méi anzebréngen. Däitschland iwwerhëlt jo dëst Joer d‘EU-Presidence, an esou versprécht d‘Bundeskanzlerin datt et zu méi Diplomatie mat China an den afrikanesche Länner komme soll. Besonnesch d‘Kooperatioun mat „Afrika“ géif am Interessi vun der europäescher Unioun leien. Heimat ass erwisenermoossen d‘Migratioun gemengt.

mat indymedia/ber

Foto: (Videoausschnëtt)

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Bundeskanzlerin, Digitaliséierung, Migratioun, Neijoerschdagsried
Nächsten Artikel Virrechten Artikel