Search

You may also like

Pandemie: D’VDL informéiert iwwer Ofsoen an Ännerungen
Neiegkeeten

Pandemie: D’VDL informéiert iwwer Ofsoen an Ännerungen

Am Kontext vun der aktueller Lag vun den Infektiounszuelen deelt

63 järege Journalist gëtt Nofolger vum Antonio Tajani
Neiegkeeten

63 järege Journalist gëtt Nofolger vum Antonio Tajani

De Manfred Weber ex konservative Spëtzekandidat a Fraktiounschef vun der

NATO: Visitt vum Generol André Lanata zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

NATO: Visitt vum Generol André Lanata zu Lëtzebuerg

Gëschter huet de Generol vun der franséischer Loftwaffe an alliéierten

Neijoerschpatt fir de CGDIS: Wat war, ass a kënnt?

Neijoerschpatt fir de CGDIS: Wat war, ass a kënnt?

No 2 Wochen am neie Joer war et gëschter och un de Servicer vun der ziviller Sécherheet, fir op dat neit Joer, ee vergaangent Joerzéngt an déi zukünfteg Erausfuerderungen unzestoussen. Bei der Neijoerschreceptioun waren d’Inneministesch Taina Bofferding an de Buergermeeschter vun der Gemeng Péiteng, de Pierre Mellina, mat dobäi.

„De CGDIS ass een ëffentlech Etablissement, deen a kierzester Zäit immens gewuess ass. Et ass natierlech, datt momentan verschidden Defauten optrieden. Fir dës ze behiewe muss een op deen aneren ziele kënnen. Just wann een all d’Stäerkte verbënnt gëtt et méiglech de CGDIS an déi richteg Richtung virun ze dreiwen“ preziséiert d’Inneministesch Taina Bofferding bei hirer Ried, wou si d’Haaptaamierkt op d’Wichtegkeet vum Gemeinschaftssënn vun der ziviller Sécherheet geluecht huet.

CGDIS

(v.l.n.r.) Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS; Alain Becker, Inneministère; Taina Bofferding, Inneministesch © Inneministère

An dësem Kader – esou gehéiert et sech och – huet d’Ministesch alle Männer a Fraen am Déngscht ee grousse Merci fir hiren Engagement als Pompjee an de Courage am Alldag ausgeschwat. De Pompjee ass fir d’Gesellschaft vun onvirstellbarem Wäert. An esou ass een iwweraus houfreg, datt een zënter der Kreatioun vum CGDIS esou vill Interventiounen, Evenementer an Asäz erfollegräich meeschtere konnt. Mat Geschéck a Passioun fir de Metier setzen d’Fraen a Männer hir Kompetenzen zesummen an ënnerstëtzen esou de Bierger am Eeschtfall.

Bei dëser feierlecher Occasioun huet de Generaldirekter Paul Schroeder d’Geleeënheet ergraff, fir nach emol op d’Joer 2019 zeréck ze kucken. Zuelräich Bränn a Vegetatiounsfeier, Feier op industrielle Sitten an den Tornado hunn de Pompjeeën Alles ofverlaangt. Déi markantst Interventioun war effektiv den Tornado, deen an de Gemenge Péiteng a Käerjeng fir Chaos gesuergt huet. D’Zerstéierung huet verschidden Awunner dozou gezwongen, hiert Doheem vir ëmmer verloossen ze mussen.

Trotz de bedréckenden Evenementer sinn och positiv Ännerungen ze verzeechnen. Am legislative Beräich huet d’Taina Bofferding un den Artikel 269 erënnert, dee ganz am Sënn vun der Sécherheet vun den Asazkräfte agéiert. Zënter dem Akraafttrieden um 16. Juni 2019 ginn Aggressioune géint Persounen aus der ziviller Sécherheet staark bestrooft. Säit dem 1. Januar 2020 ass et dann och eng Obligatioun, datt all Immobilière autonom Feiermelder huet.

CGDIS

(v.l.n.r.) Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS; Taina Bofferding, Inneministesch; Alain Becker, Inneministère; Pierre Melline, Buergermeeschter vun der Gemeng Péiteng © Inneministère

Um 10. Oktober 2019 huet fir eng éischte Kéier den nationalen Dag vum Brandschutz, deen ab elo all Joer zeréckkomme wäert. Dobäi kënnt d’Aféierung vun engem 4. Vecteur beim Samu. Zënter dem 1. Juli 2019 kann een esou méi effikass op d’Besoine vun der wuessender Gesellschaft äntweren an am Eeschtfall schnell handelen.

Mat Bléck op d’Zukunft huet een d’Invitéeën informéiert, datt ee 5. Vecteur entstoe soll, deen ab Mee 2020 duerch d’Luxembourg Air Rescue (LAR) erméiglecht gëtt. Dobäi huet d’Ministesch awer nach emol preziséiert, datt de Service vum SAMU bei de Spideeler weiderhi bestoe bleift, an een einfach zousätzlech Moossnamen zum Wuel vum Bierger ergräife géif.

Weiderhi virgesinn am neie Joer ass et d’Populatioun ze sensibiliséieren an déi noutwenneg Elementer fir eng besser Preventioun un d’Leit ze bréngen. Aus dësem Grond bitt de CGDIS divers Coursen un, déi akut Situatiounen an Geforen am Alldag thematiséieren.

Opmaacherbild: © Inneministère

Related topics Alain Becker, CGDIS, Inneministère, Käerjeng, Nationalen Dag vum Brandschutz, Paul Schroeder, Péiteng, Pierre Melline, Pompjeeën, Preventioun, SAMU, Taina Bofferding, Tornado
Next post Previous post